LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder: Wat genau stécht hannert dem Begrëff „Negativzënsen“?

Ufank November ass bekannt ginn, dass de lëtzebuergesche Staat fir déi éischt Kéier iwwerhaapt Geld zu engem negativen Zënssaz ausgeléint huet. Et handelt sech ëm 1,7 Milliarden Euro, déi de Grand-Duché zu engem Zënssaz vun -0,25% bis November 2026 erëm zréckbezuelt muss hunn. Duerch d’negativ Zënse muss de Staat soumat a siwe Joer 4,2 Milliounen Euro manner zréckbezuelen a mécht alles an allem e Gewënn. An anere Wierder gëtt Lëtzebuerg also dofir bezuelt, fir Scholden ze maachen, wat en eenormt Vertraue vum internationale Finanzsecteur an ons Wirtschaft rëmspigelt.

D’Thema ronderëm niddreg an negativ Zënsen ass an de leschte Wochen ëmmer méi opkomm, well déi Léit, déi vill spueren wëllen an hiert Geld op d’Banken droen, duerch ëmmer méi déif Zënsen no an no manner dovunner hunn.

Wat ass een „negativen Zënssaz“?

Wann e Client op d’Bank geet, fir e Prêt unzefroen, spillt den Zënssaz oft eng entscheedend Roll. Dësen informéiert de Client doriwwer, wéi vill et hie kascht, fir Geld auszeléinen. Bei engem niddregen Zënssaz kënnen d’Cliente profitéieren, fir Geld zu engem niddrege Präis auszeléinen, woubäi en héijen Zënssaz d’Clienten dovunner ofschrecken soll.

Vereinfacht erkläert muss de Client bei engem negativen Zënssaz nom Oflaf vum Prêt insgesamt manner zréckbezuelen, wéi e sech ausgeléint huet a mécht domadder e Gewënn. Fir Clienten, déi awer spuere wëllen an hiert Geld op d’Banken droen, ass en negativen Zënssaz natierlech net gutt, well se an deem Moment bezuele missten, fir hiert Geld kënnen dozeloossen.

Wat sinn d’Grënn fir en negativen Zënssaz?

An de 70er Jore war et d’Schwäiz, déi schonn deemools dës aussergewéinlech Mesure getraff huet. Der Regierung ass et drëm gaangen, fir virun allem auslännescht Geld aus dem Land ze kréien, an deementspriechend hunn déi negativ Zënsen deemools déi Schwäizer Franken net betraff. Duerch dat villt Geld aus dem Ausland huet déi Schwäizer Wärung dunn u Wäert gewonnen, wat sech no kuerzer Zäit schlecht op den Export an domadder insgesamt op d’Wirtschaft ausgewierkt huet.

2014 war et déi Europäesch Zentralbank, déi fir hiren Tuer déi éischte

Kéier iwwerhaapt negativ Zënse festgeluecht huet, fir d’Konsequenze vun der Finanzkris ze bekämpfen. Dës Moossnam sollt der europäescher Wirtschaft no kritesche Joren en neien Start erméiglechen. D’Zil war et, dass déi national Banken gënschteg u Geld kommen, dat si da fir hiren Tuer weider un hir Clienten zu gudde Konditiounen verléine kënnen. Duerch dësen Oflaf gëtt méi investéiert a consomméiert, an d’Wirtschaft kënnt erëm an d’Gäng.

Wéisou huet Lëtzebuerg elo esou vill Geld ausgeléint?

Schonn am Oktober huet Lëtzebuerg missen de sougenannte Sukuk-Prêt am Wäert vun 200 Milliounen Euro aus dem Joer 2014 un Investoren aus Saudi-Arabien, Groussbritannien oder och nach Malaysia zréckbezuelen. Do dernieft wäert am Mee 2020 nach e weidere Prêt vun zwou Milliarden Euro mat engem Zënssaz vun 3,375% oflafen, deem seng Käschten ënner anerem mat dësem neie Prêt sollen gedeckt ginn.