LËTZEBUERG
SIMONE MOLITOR

De Lex Roth iwwer seng nei lëtzebuergesch Versioun vum „Petit Prince“

De „Petit Prince“ vum Antoine de Saint-Exupéry ass, no der Bibel, dat meescht iwwersatent Buch vun der Welt. Et ass an iwwer 260 Sproochen an Dialekten iwwersat ginn. Méi wéi 250 Milliounen Emempläre goufe gedréckt. Eng lëtzebuergesch Versioun gëtt et natierlech och ewell. De Josy Braun hat sech där Saach 1994 ugeholl. Wat huet de Lex Roth da lo dozou ermontert, eng nei rauszebréngen. Mir hunn nogefrot a sinn an d’Potere geroden.

„D’lescht Joer sinn ech op de Saint-Exupéry getrollt, wéi ech mol rëm seng aner Bicher an de Grapp geholl hunn. Dat waren ,Terre des hommes‘, ,Pilote de guerre‘ a ,Vol de nuit‘. An do hunn ech mer gesot, da kuck och emol eng Kéier rëm de ,Petit Prince‘. Do ass mer opgefall, dass de Stil am ,Petit Prince‘ total anescht ass wéi a senge sougenannten normale Bicher“, hëlt hien e bësse méi wäit aus. Doropshin huet de Lex Roth sech de „Saint-Ex“, wéi hien en nennt, mol erëm vun e bësse méi no ugekuckt a sech duerch en etlech Bicher zu dëser faméiser Persoun gelies.

E Mäerchen, mä kee Kannerbuch

„Ech war ganz erstaunt, well ech villes selwer net wousst. Wéi gesot, de Stil am ,Petit Prince‘ ass e ganz aneren. De Saint-Ex schreift bewosst - wéi soll ech soen - net kannerech, mä wielt awer e Stil, dee Kanner usprécht. De ,Petit Prince‘ ass zwar e Mäerchen, awer kee Kannerbuch. D’Buch gefält de Kanner awer och wéinst sengen Originalzeechnungen. Wat déi ugeet, sou sinn ech dann och gewuer ginn, dass hie fir d’Figur vum Prënz selwer laang gebraucht huet, bis datt en déi schéin naiv Molerei do eraus hat. Hie konnt méi molen, wéi en do am ,Petit Prince‘ weist, dat ass gewosst. Ech hu mech also dee Moment rëm richteg do rageknéit an dunn huet d’Buch mir dräimol besser gefall wéi nach virun 30, 40 Joer“, gëtt de Lex Roth zou, wat senge Wierder no awer och keen Zoufall ass. „Et ass jo effektiv eng Aart Mythologie, also eng Aart Fabel. An datt Fabele mech interesséieren, ass jo kee Geheimnis. Dofir hunn ech mir geduecht, da kucks de lo mol, fir en ze iwwersetzen, well dat jo ee vu mengen Dadaen ass, also dat Iwwersetzen, an dat zënter 30, 40 Joer“, erzielt de Lex Roth, dee sech säit Joren fir d’Lëtzebuergescht asetzt. Dosende Fabele vum La Fontaine huet hien iwwersat, iwwer 20 Tintin- an Asterix-BDen, genau wéi grouss Mäerchebicher, fir just e ganz kuerzen Iwwerbléck ze ginn.

Ganz bewosst huet sech de Lex Roth awer virof keng aner Iwwersetzung ugekuckt. „Eleng am Däitsche ginn et 17 verschidde Versioune vum ,Petit Prince‘. D’lescht Joer ass de Copyright gefall an do si sechs nei däitsch Iwwersetzungen op de Maart komm“, weess de Lex Roth.

Méiglechst no um Original

Mam Copyright gouf et also kee Problem, sou datt hie lassleeë konnt. „An et huet mer ëmmer méi Spaass gemaach. Ech wollt sou no wéi méiglech iwwersetzen, och aus engem bestëmmte Grond: Et gëtt praktesch kee Fransous, deen nach ni eppes vum ,Petit Prince‘ héieren huet. Ech hu mir geduecht, wann ech en elo ganz no iwwersetzen, da kënne Fransousen, also franséischsproocheg Leit, déi gär Lëtzebuergesch léieren, sech och dorun orientéieren. An der Mëtt vu menger Aarbecht ass mir op eemol bäigefall, datt ech kéint eng CD dobäi maachen, wéinst dem Tounfall vum Lëtzebuergeschen an dann och wéint dem Rhythmus vun der Sprooch. Sou ass déi Saach am Fong geholl gaang“, gi mir weider gewuer. No ronn dräi Méint stoung dat Ganzt.

An engem Schwong

„Ech maachen et ëmmer esou - och scho beim Tintin an Asterix -, datt ech et am éischte Schwong iwwersetzen, flatsch, einfach sou, an da loossen ech et leien, wéi wann et mäint net wier. An da ginn ech no dräi bis fënnef Wochen erëm dra kniwwelen. Wann een dat dann zesumme rechent, dann huet et sech iwwer dräi Méint gezunn, wou ech déi Saach deemno am Geschier hat. Et war och elo net besonnesch schwéier fir mech, well ech dat Franséischt drop hunn“, seet de Lex Roth.

Nodeems alles an der Këscht war, huet hie sech dunn awer och verschidden aner Versiounen ugekuckt a war net onbedéngt iwwerzeegt: „Ech hunn zum Beispill bei däitschen Iwwersetzunge vum Peter Sloterdijk - dem Här Starphilosoph - an och beim Hans Magnus Enzensberger gemierkt, datt se zimlech fräi iwwersat hunn, an dat ass fir mech eng Doutsënn vis-à-vis vum Saint-Ex, ebe just, well deen e bestëmmte Stil wollt gebrauchen. Dat hat ech direkt an der Nues. De ,Petit Prince‘ däerf een net fräi iwwersetzen. Ech hunn och gesinn, datt déi zwee am Franséischen net sou schrecklech gutt drop sinn, well se en etlech Saachen total falsch iwwersat hunn, mä dat sief elo niewebäi gesot“. Och dem Brauns Josy säi „Klenge Prënz“ hätt hie réischt gelies, wéi alles fäerdeg war. „Soss ass ee beaflosst“, seet hien. „De Jos huet seng eegen Aart a Weis, deelweis och e bësse fräi, mä jo, ech wollt där Saach aus de Féiss goen, ech wollt hunn, datt et eng Aart Muster vun noer Iwwersetzung ass. Dat ass net sou einfach. Et ass awer och e Spaass fir en ale Kapp, gutt gesond ze bleiwen“, laacht hien.

Neie Projet fir de 85. Gebuertsdag

Eng nei Iddi huet de Lex Roth natierlech och schonn, wéi hien eis verréit: „Mäin nächste Projet, dat ass fir meng 85 Joer - dat ass Gott säi Dank eréischt an zwee Joer - e Bichelchen vun 120, 130 Säiten, mat lauter zimlech lëschteg gereimte klenge Saachen. Dofir ginn ech mir awer Zäit genuch. An ech hu wëlles, mir dat illustréieren ze loosse vum Carlo Schneider. Mam Carlo hat ech schonn ze dinn, wéi ech meng ,Milly-Maus‘ gemaach hunn. Fir de Rescht sinn ech jo ëmmer mat menge klenge Saachen amgaang, wéi ,d’Klack‘. Dat alles ass eng ganz gutt Saach, datt de Käppi net entschléift. Wann ech moies meng dräi Zeitunge gelies hunn, dat ass gewéinlech sou um halwer eelef dorëmmer, dann hunn ech ee Problem: Ech weess ni, wat ech fir d’éischt soll maachen. Ech hunn ëmmer eng an der Kopp, fir net ze soen hannert der Kopp“.

„De Klenge Prënz“, iwwersat aus dem Franséischen an d’Lëtzebuergescht vum Lex Roth, mat CD, och vun him gelies, ass am Verlag Stephan Moll rauskomm. De Layout ass vum Dan Majerus. D’Buch gëtt et an all Librairie vum Land ze kafen. ISBN 978-3-940760-81-4