LËTZEBUERG
ANDRÉ BAULER

Et ass e Nationalfeierdag am Schied vun der Corona-Kris, deen dëst Jor gefeiert gëtt – wéint de Limitatioune vun de Regroupementer allerdéngs an engem verhalene Mooss. An dësen Zäiten drängt sech ëmsou méi eng Reflexioun iwwer Sënn an Zwéck vum Nationalfeierdag op. Den DP-Deputéierten André Bauler huet sech dozou emol Gedanke gemaach.

„Den Nationalfeierdag 2020 ass kee wéi all déi aner. Mir sti matzen an enger Kris, wéi mer se zanter dem 2. Weltkrich net méi kannt hunn.

Zanter der Corona-Pandemie hu vill Leit eng schwéier a penibel Zäit matgemaach. Eng Zäit voller Ongewëssheet a Spannungen, an där se sech Suergen ëm hiert Liewen, hir Famill, hir Gesondheet an hir Aarbechtsplaz gemeet hunn. Zu Lëtzebuerg sinn iwwer 100 Mënsche wéinst dësem Virus gestuerwen. E sëllegen aner Bierger louchen op der Intensivstatioun an et gouf ëm si gebaangt.

Zanter Mäerz ass d’Welt net méi déi selwecht. Mir all hunn eis mussen upassen an al Gewunnechten ofleeën, fir eis selwer an eis Matmënschen ze schützen.

Mir hunn an der Lescht mussen op villes verzichten, wat eis soss vertraut war: op eis natierlech Kontakter zu Famill a Bekannten, zu Schoul- a Studiefrënn oder zu Aarbechtskolleegen. Elo – an der Phas vum progressiven Deconfinement – gesi mer ëmmer méi däitlech, wat mer déi lescht dräi Méint verluer hunn. Mir ginn eis dem Wäert vu villem bewosst, dat eis soss selbstverständlech war. Et war

richteg, datt de Staat, d’Chamber an d’Regierung all Instrumenter a Ressourcë mobiliséiert hunn, fir do ze hëllefen, wou et néideg war. Etlech Leit hun sech an engem schéinen Elan vu Solidaritéit an den Déngscht vun hire Matmënsche gestallt. Denke mer nëmmen un déi Jonk, déi fir eeler a krank Leit akafe gaange sinn.

Mir hunn alleguer an dëser Situatioun bäigeléiert an och ëmgeduecht. Ëmdenken ass e wichtegt Stéchwuert. D’Kris an hir Konsequenzen appelléieren nämlech un eis Eegeverantwortung, eis Disziplin, eis Suergfalt. Si verlaangen intelligent Léisungen an e kooperatiivt Handelen. An der Kris an no der Kris duerf dofir keng Plaz fir Egoismus sinn, weder an Europa, nach heiheem. Dat gëllt och fir eis selwer.

Vill Mënschen hunn an de leschte Woche Grousses geleescht, fir datt eis Gesellschaft an eis Wirtschaft an der Kris minimal weiderfunktionéiere konnten.

Leit, déi méi gesinn hunn, wéi just sech selwer. Leit mat engem Bléck fir dat Ganzt. Hiert Beispill interpelléiert eis a stellt d’Fro: wat kënne mir, wat kanns du konkret fir d’Gesellschaft, fir dat Ganzt leeschten?

An dat ass och den eigentleche Sënn vum Nationalfeierdag. ‘t ass den Dag, op deem mer eis selwer an engem méi grousse Kontext solle gesinn. Mir denken deen Dag un dat, wat eis ausmécht awer och zesummenhält. Un eis Stäerkten a Potenzialer. Mir denke virun allem drun, datt d’Gléck vun der Heemecht och an eisen eegenen Hänn läit – an an der Manéier, wéi mir handelen a wéi mir sinn. Am Virfeld vum 23. Juni freeë mer eis op e schéinen Nationalfeierdag a wënschen eis all den néidege Courage fir e gudden Neistart. Zum Wuel vun eis all. Zum Wuel vun eisem Land.“