LËTZEBUERG
MICHEL SCHOLER

A 500 Wierder: Wien ass den Antonio Guterres?

Den 31. Dezember 2016 ass dem Ban Ki-Moon säi Mandat als UN-Generalsekretär ofgelaaf. De Portugies Antonio Guterres ass säit dem 1. Januar säin Nofolger. Mee wien ass de Guterres? Wat kann hien an senger neier Positioun bewierken? An wat fir Erausfuerderungen erwarden hien? [1]

Obwuel den Guterres en diploméierten Ingenieur ass, ass hien scho säit 40 Joer politesch aktiv. Tëschten 1995 an 2002 ass hien zweemol zum Premierminister vu Portugal gewielt ginn. Nodeems en den Posten als President vun der Europäescher Kommissioun refuséiert huet fir nom Dout vun senger Fra op seng Kanner opzepassen [2], ass hien 2005 zum Chef vun der UNHCR ginn- der Agence fir Flüchtlinge vun de Vereenten Natiounen. Während den 10 Joer wou hien de Posten gefëllt huet, war hien responsabel fir den globale Management vun der gréisster Flüchtlingskriis säit dem Zweeten Weltkrich - haaptsächlech wéinst dem Krich an Syrien. [3]

De Posten als Generalsekretär deen de Guterres elo ugetrueden ass, ass de wichtegsten an de Vereenten Natiounen. Hien ass net nëmme responsabel fir den $5.4 Milliarden schwéieren Budget [4] an déi 44.000 Beamten [5] vun de Vereenten Natiounen, mee muss och als internationale Diplomat d’Vereenten Natiounen vertrieden. Dorenner fällt virun allem seng Roll als Médiateur fir de Fridden [6]. Sou huet z.B. den leschte Generalsekretär Ban-Ki Moon 2012 de Posten als Friddensgesandte fir Syrien erschaaft, an deem 3 verschidden Männer bis elo probéiert hunn e Friddensplang fir Syrien ze développéieren.

Gläichzäiteg huet de Generalsekretär awer relativ wéineg eegen Muecht an ass fir d’Fonctionnéieren vun sengen Friddenspläng op d’Zesummenaarbecht mam UN-Sécherheetsrot ugewisen, an deem 5 Länner d’Recht hunn alléng all Initiative ze stoppen. Net ëmsoss mengen dofir vill Leit, dass dem Guterres seng schwéiersten Erausfuerderung wäert sinn, sech heiansdo géint déi grouss Länner vun der Welt - virun allem Amerika an Russland - duerchzesetzen. [7] Dat bréngt eis dann direkt zu den Erausfuerderunge déi op de Guterres waarden. Virun allem déi vill Kricher op der Welt, déi säit Joren ongeléist weiderginn, stinn um Guterres senger Lescht ganz uewen. An senger éischter Ried sot hie dass Konflikter, wéi a Syrien, Jemen an anere Platzen, ‚keen gewënnt - jiddereen verléiert‘ [8]. Och well et sou schwéier ass des Konflikter ze léisen, huet de Guterres an dëser Hinsicht virun allem dovunner geschwat zukünfteg Konflikter ze vermeiden.

Dann ass den neien UN-Generalsekretär och responsabel fir all d’Länner vun der Welt dozou ze beweegen hiren Deel zum Bekämpfe vum Klimawandel bäizedroen, virun allem zënter den UN-Klimavertrag dat lescht Joer zu Paräis ënnerschriwwen gouf. Well d’Vereenten Natiounen geschaaft goufen fir international Problemer ze léisen, versicht d’UN scho säit Joren och de Problem vun internationalem Terrorismus unzegoen. Mam Erstaarken vum Islameschen Staat, dee sech iwwert déi lescht Joren an Syrien an am Irak verbreet huet, sou wéi Terror-Attacken an Europa an an der Tierkei begaangen huet, ass dëse Problem nach méi akut ginn.

Do dernieft wäert de Guterres eng Lëscht vun ähnleche Problemer hunn wéi vill vun senge Virgänger - Honger an Aarmut an der Welt bekämpfen; wuessend Inegalitéit redresséieren; de Finanzement vun der UN garantéieren; d’UN-Bürokratie verréngeren, fir nëmme puer ze nennen. Ob de Guterres deenen Aufgaben gewuess ass, bleift ze gesinn. Op alle Fall si sech déi meescht Leit eenz, dass hien en äusserst kompetente Mann ass mat vill Erfahrung [9].

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil:  Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner ...
http://www.association-narin.com