LËTZEBUERG
LJ

„Disko Dementia“ thematiséiert d’Krankheet op eng ongewéinlech Aart a Weis

Wärend der Nuetsschicht an engem Altersheem op Ouschtersonndeg hëlt e scheinbar banale Witz eng brutal Wendung an deckt doduerch onsiichtbar Muechtstrukture lues a lues op. E Mikrokosmos zerbrécht... Dat ass de Fuedem vom Theaterstéck „Disko Dementia“ vu „Maskénada“ dat dëse Mëttwoch um 20.00 Première an der Bannanefabrik zu Bounewèg feiert.

D’Stéck vum Larisa Faber iwwersat aus dem Englesche vum Anne-Marie Reuter an enger Mise en Scène vum Linda Bonvini confrontéiert mat enger Krankheet, déi onverständlech schéngt a beliicht d’Gewalt, déi sech an eisem Ëmgang mat Demenz-Betraffene bemierkbar mécht. Wat ass de Mënsch nach wäert an enger Gesellschaft wou Wuesstum, Gewënn a Leeschtungsfähegkeet d’Götter sinn?

Wéivill „Mënsch“ ass déi„betraffe Persoun“ nach?

„Disko Dementia“ ass entstanen duerch Observatioune vun der Autrice, confrontéiert mat Demenz an hirem Privatliewen a revoltéiert vun der Plaz (oder der fehlender Plaz), déi mir als Gesellschaft den Demenz-/Alzheimer-Betraffe ginn. Wärend der Entwécklung vum Projet mat der Regisseurin an der Produktioun, ass kloer ginn, dass Demenz quasi jiddereen am Team betrëfft. D’Demenz huet alles verännert. Se huet eng Liewensparty ge-gate-crashed, op déi se ni ageluede war. Eng Kéier do, huet se gedroht, all d’Plaz anzehuelen an déi betraffe Persoun onsiichtbar ze maachen. Aus der Gesellschaft auszeschléissen, ëmzeplënneren an en Heem. Mee d’Persoun hat dach en Heem? Säit dem Demenz-Besuch ass d’betraffe Persoun awer net méi just eng „Persoun“, mee eng „betraffe Persoun“. Eppes Aneres, eppes Friemes, eppes wat Angscht mécht a kee versteet. „Eppes“. An och eppes Fragiles, eppes Ausgeliwwertes, eppes wäit vun eis an eiser Mënschlechkeet eweg. Huet si iwwerhapt nach eppes mat eis ze dinn? Wéivill „Mënsch“ ass si nach? A wat fir e Wert huet si nach?

www.maskenada.lu