KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat geschitt zu Calais a wéi solle Flüchtlingen an der EU verdeelt ginn?

Calais huet een am Zesummenhang mat der „Flüchtlingskris“ schonn oft héieren. Dëse Méinde war de Flüchtlingscamp an der Géigend vu Calais an den Noriichten, well ugefaange gouf, en ze raumen. Mee wéi geet et elo weider, wann de Flüchtlingscamp vun de franséischen Autoritéiten bis opgeléist ass? Zudeem stellt sech och d’Fro, wéi d‘Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen innerhalb vun der Europäescher Unioun am Groussen a Ganzen virugeet.

Am Camp zu Calais solle sech bis zu 10.000 Flüchtlingen ophalen, an d’Situatioun ass miserabel. Well do sou schlecht Zoustänn herrschen, gëtt de Flüchtlingscamp och „Dschungel“ genannt. D’Leit wunnen op engem alen Dreckstipp an Zelter, ouni richteg Sanitäranlagen. [1] Si sinn do, well si hoffen, eng Chance ze fannen, e Wee a Groussbritannien ze fannen. Si versiche sech duerch den Eurotunnel ze kämpfen, sech a Camionen ze verstoppen oder si schwammen am Mier, fir op ee Schëff ze kommen, fir Groussbritannien ze erreechen. [2] [3]

De Méindeg huet d’Reimung ugefaangen. D’Flüchtlinge sinn opgefuerdert ginn, sech registréieren ze loossen, fir datt si a Frankräich verdeelt kënne ginn. Si ginn a verschidde Gruppéierungen agedeelt: Mannerjäreger, Familljen, Leit, déi eleng sinn a gebriechlech Leit. Si kënnen zwëschen der Bretagne an der Côte d’Azur wielen. Mee net nëmmen a Frankräich gi Flüchtlingen ëmverdeelt. Och d’Europäesch Unioun als Ganzt huet esou e Programm. [4]

Den 22. September 2015 hunn d’EU-Inneministeren decidéiert, 120.000 Flüchtlingen aus Griichenland an Italien op EU-Memberstaaten ze verdeelen. Am Ufank sollt eng Quot agefouert ginn, déi de Staate virginn hätt, wéi vill Flüchtlinge si ophuele missten. Mee well Ungarn, Tschechien, Slowakei a Rumänien net d’accord waren, ass d’Quot net agefouert ginn, an elo sollen d’Flüchtlingen op fräiwëlleger Basis duerch ee Verdeelerschlëssel vun der EU-Kommissioun opgedeelt ginn. [5]

Mee de Bilan fält no engem Joer schwaach aus. Ungarn a Slowakei hunn eng Uklo un den Europäesche Geriichtshaff geschéckt, fir keng Flüchtlingen ophuelen ze mussen. D’Zuel vun 120.000 ass op 160.000 erop geklommen, déi bis 2017 verdeelt musse ginn. A vun deene goufen der réischt 5.300 op EU-Länner verdeelt. Et gi verschidde Grënn, firwat déi Relocalisatioun esou lues, respektiv guer net fonctionnéiert. D’Wahrscheinlechkeet, datt d’Flüchtlingen de Statut vum Réfugié unerkannt kréien, muss grouss sinn, wat am heefegste bei Syrer, Zentralafrikaner an Eriträer de Fall ass. Bei aneren Nationalitéiten ass et scho méi schwéier. Ee weidere Problem sinn déi verschidde sozioekonomesch Grënn, well a verschiddenen EU-Staaten en héije Chômage, eng schlecht Ekonomie, oder och finanziell Problemer virleien. De gréisste Problem ass awer politescher Natur. Aktuell kréie rietspopulistesch Parteien ëmmer méi Zoulaf an do wëllen déi établéiert Parteie keng Wieler verléieren a maache léiwer näischt. [6]

Zum Beispill huet Ungarn ufanks Oktober e Referendum duerchgefouert. Domat wëll sech déi ungaresch Regierung géint d‘Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen an der EU duerch hir Bevëlkerung stäerke loossen. Mee de Referendum ass fir ongülteg erkläert ginn, well manner wéi 50 Prozent wiele gaange sinn. Mee vun deenen, déi ofgestëmmt hunn, waren 98 Prozent der Regierung hirer Meenung. [7]

Lëtzebuerg war ee vun den éischten Staaten, déi Flüchtlingen aus dem Relocalisatiouns-Plang opgeholl hunn. [8] Bis Enn 2017 wäert Lëtzebuerg nach weider 557 Flüchtlingen iwwer dëse System ophuelen. [9]

Kim Zoenen, 24, studéiert Politik

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch sech mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner www.association-narin.com