LËTZEBUERG
LJ

Nationalen Dag vun der Resistenz um Niklooskierfecht um Lampertsbierg

Zum Gedenken un all déi Männer an Fraen, déi sech an deene battere Joeren zwëschent 1940 an 1945 an der Resistenz engagéiert hun, a besonnesch un déi vun hinnen, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn gouf gëschter den Nationalen Dag vun der Resistenz gefeiert.

1997 huet d’Lëtzebuerger Resistenz fir d’alleréischte Kéier dës „Journée nationale de la Résistance“ organiséiert, déi sech no enger Décisioun vum „Conseil national de la Résistance“ all Joer widderhuele soll, an dat op deem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf.

Si sinn net vergiess

Op der „Journée nationale“ vu gëschter gouf wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 - viru 74 Joer - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d’Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen, geduecht. Doriwwer eraus ower sollt un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d’Heemecht hierginn hunn.

No der Mass an der Glacis-Kapell sinn d’Leit dierekt bei den „Monument de la Résistance“op den Niklooskirfecht ganngen, wou déi eigentlech Feier war. Dës Feier huet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, dem Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem „Athénée de Luxembourg“, de Gebieder vun de Vertrieder vun der katholischer Kiirch, der protestantescher Communautéit an der jüdischer Communautéit zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d’Autoritéiten - de President vun der Chamber, de President vum Staatsrot, d’Ministere Corinne Cahen an Dan Kersch fir d’Regierung an d'Stater Buerger- meeschtesch Lydie Polfer - an de Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vum engem Vertrieder vum Organisatiouns- komitee, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht bestanen. Uschléissend war den traditionelle Rondgang laanscht d’Griewer vun de Victimen.