LËTZEBUERG
MICHEL SCHOLER

E Mëttwoch de Mueren war d’Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. De Jean-Claude Juncker huet hei déi wichtegst Themen ugeschwat, déi d’Europäesch Unioun momentan beschäftegen. Wat huet hie gesot? An wien huet iwwerhaapt wéi eng Roll an der EU?

Ënnerschiddlech Rolle fir ënnerschiddlech Themen

Als éischt ass et wichteg, en Iwwerbléck iwwert d’Rolle vun den eenzelen Institutiounen ze hunn. Well dës Rollen oft geännert hunn iwwert déi 65-järeg Geschicht vun der EU, sinn dës fir vill Leit oft onkloer (1). Dobäi kënnt, dass d’EU och ënnerschiddlech Rolle fir ënnerschiddlech Themen huet. Zum Beispill huet si méi Afloss op Ëmweltpolitik wéi op Verdeedegungspolitik. Säit dem Lissabon-Traité verfollegen allerdéngs 89 Prozent vun alle Proposen déi selwecht Prozedur - d‘“Ordinary Legislative Procedure“ (OLR). (2)
Fir déi éischt Etapp ass d’Europäesch Kommissioun zoustänneg, well si eleng d’Recht huet, Direktiven ze proposéieren. Et ass awer esou, dass de Conseil, d’Parlament, d’Zentralbank, d’Investitiounsbank an EU-Bierger iwwert eng Petitioun kënnen der Kommissioun nei Regele virschloen. Am Generelle soll si nei Gesetzer proposéieren, de Budget managen, d’Anhale vun EU-Regelen iwwerwaachen an d’EU international vertrieden (3). An der Kommissioun setzt ee Member aus all EU-Land. De Kommissiounspresident - momentan de Jean-Claude Juncker - gëtt vum Conseil proposéiert a vum Parlament confirméiert.

Michel Scholer, 23, Projektkoordinator, bei der Association Narin a.s.b.l. - Lëtzebuerger Journal
Michel Scholer, 23, Projektkoordinator, bei der Association Narin a.s.b.l.
A 500 Wierder

Optakt fir eng nei Rubrik

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz hire Bäitrag.

All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner www.association-narin.com

Dono kënnt de Virschlag an d’Europäescht Parlament, deem seng Haaptrollen d’Accordéiere vu Gesetzer an d’Iwwerwaachen vun der Kommissioun sinn. D’Parlament kann de Virschlag vun der Kommissioun esou weiderleeden oder Ännerungen virschloen. Obwuel d’Parlament laang Zäit net vill Muecht hat, kann hautdësdaags an der OLR keng Propose duerchkommen ouni Accord vum Parlament. D’Parlament besteet aus 751 Memberen aus den 28 EU-Länner, déi fir jeeweils fënnef Joer gewielt ginn. Momentan ass de Martin Schulz de President (4).

Fir déi nächst Etapp kënnt d’Propose dann an de Conseil, deem seng Haaptroll och d’Accordéiere vu Gesetzer ass. (5) Allerdéngs treffe sech hei déi jeeweileg Ministeren aus den eenzele Länner. Falls et ëm Ëmweltpolitik geet, da sinn et d‘Ëmweltministeren, déi beroden. Wann de Conseil d’Propose vum Parlament unhëlt, ass d’Prozedur ofgeschloss an d’Gesetz wäert a Kraaft trieden. Wann de Conseil net zoustëmmt, kennt d’Propose erëm an d’Parlament. Esou geet dat maximal dräimol hin an hier. Falls beim drëtte Versuch entweder d’Parlament oder de Conseil net d’accord ass, gëtt d’Propose net Gesetz.

Säit 2010 all Joer eng Ried virum Parlament

Fir e Bilan vun der EU ze maachen, hält de Kommissiounspresident säit 2010 all Joer eng Ried virum Parlament. Dëst Joer huet de Juncker virun allem iwwert feelend Solidaritéit a Kooperatioun geschwat. Ze oft géifen d’EU-Länner national Interessen iwwer gemeinschaftlech Interesse stellen an domadder Populisten an Europa bestäerken. Hien huet och versprach, den Investmentfonds op 630 Milliarden ze erhéijen, fir méi Aarbechtsplazen an der EU ze schafen. Och d’Flüchtlingskris gouf ugeschwat, wou de Juncker op d’Matschaffe vun de Staaten gedrängt huet, mee och gewarnt huet, ee Land ze zwéngen, Flüchtlingen opzehuelen, wann et net wëll. Schlussendlech huet de Juncker och gemengt, dass den „Brexit“ zwar e Verloscht fir d’EU wier, mee een, deen d’EU iwwerliewe géif. Am Groußen a Ganzen huet de Juncker probéiert, un d’Solidaritéit vun den EU-Länner ze appeléieren, fir déi vill Krisen vun der EU ze bewältegen.

E Video zur Geschicht vun der EU g

Quellen a Links:
(1) tinyurl.com/narin5001
(2) tinyurl.com/narin5002
(3) tinyurl.com/narin5003
(4) tinyurl.com/narin5004
(5) tinyurl.com/narin5005