LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat huet et mat der griichescher Scholdekris op sech?

Dëser Deeg gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griichenland geschwat. Mee firwat gëtt elo erëm iwwert Griicheland an de „Grexit“ geschwat? Wéi eng Konsequenze kann dat fir Europa a Griichenland bedeiten?

Griichenland huet an de Jore virun der Finanzkris méi Suen ausginn, wéi et Akommes hat. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstum gefall an d’Banke sinn immens virsiichteg ginn, fir weider Suen ze léinen. Dës Sue goufe benotzt, fir ze importéieren amplaz z’investéieren. Nodeems Griichenland zouginn huet, jorelaang Zuele gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir datt et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen dräi finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert. (1) D’Troika besteet aus der EU-Kommissioun, dem Internationale Wärungsfong (IWF) an der Europäescher Zentralbank (EZB) a si kontrolléieren, ob Griichenland déi néideg Reforme mécht, fir d’Kris ze iwwerwannen.

7,4 Milliarden Euro mussen zeréckbezuelt ginn

Griichenland muss dëst Joer erëm Scholde vu 7,4 Milliarden Euro un d’EZB zeréckbezuelen. (2) Dofir brauche si en neien Deel vum accordéierten Hëllefsprogramm. Mee den IWF hat iwwerluecht, keng Kreditter méi u Griichenland weiderzeginn, wann net gläichzäiteg d‘Land en Deel vu sénge Scholden erlooss kritt. Si menge nämlech, datt de momentane Scholdestand net zeréckzebezuelen ass an en negativen Afloss op de Wuesstum huet an domadder d’Reformen a Griichenland manner effektiv sinn. Dee Plang wëll den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble awer net akzeptéieren. Dowéinst huet den IWF bis elo keng Suen vum drëtten Hëllefspak u Griichenland iwwerwisen. Ee weidere Faktor, deen d’Situatioun méi komplizéiert mécht, sinn d’Walen an Holland, Frankräich an Däitschland. An allen dräi Länner sinn d’Hëllefen fir Griichenland immens onbeléift an déi meescht Politiker verspriechen (oder hu versprach), keng weider Suen u Griichenland ze ginn oder en Deel vun den Scholden ze erloossen.

Eng zweet Méiglechkeet ass de sougenannte „Grexit“ (3), dee vu verschiddene Politiker gefuerdert gëtt. De „Grexit“ bedeit an deem Fall net, datt Griichenland aus der EU austriede soll, mee aus der Euro-Zon. E weideren Ënnerscheed zum „Brexit“ ass, datt hei Griichenland an hir Bevëlkerung den Austrëtt net decidéieren, mee déi europäesch Staaten. Den däitsche Kanzlerkandidat vun der SPD, Martin Schulz, gesäit doran awer eng Gefor. Hie mengt, datt een d’Deelung vun Europa net nach virundreiwen soll, well d’EU am Moment viru schwiregen Zäite steet.

Wat géif ee „Grexit“ fir den Euro a Griichenland bedeiten? Griichenland géif dann hir al Wärung Drachme zeréckkréien, mee mat enger grousser Ofwäertung. D’Exporter géifen zwar méi bëlleg ginn an doduerch méi interessant fir aner Staaten, mee d’Importer gi fir Griichenland méi deier. Dëst kéint immens sozial Folgen hunn. Nodeems Griichenland schonn e Véierel vu senger Wirtschaft an dëser Kris verluer huet an nach ëmmer e Véirel vun der Bevëlkerung aarbechtslos ass, mengt déi griichesch Nationalbank, datt déi griichesch Wirtschaft duerch ee „Grexit“ géif geschwächt ginn an d’Aarbechtslosegkeet nach weider an d’Luucht géif goen. (4) Zudeem kéint e Verloscht vun Importer bedeiten, datt d’Land vill Medikamenter net méi kéint kréien. Aner Ekonomiste gesinn och eng Chance am „Grexit“, well d’schwaach Drachme den Tourismus ukuerbele kéint. D’Scholde vu Griichenland missten och an Euro zeréckbezuelt ginn, wat d’Scholden an engem Coup nach vill méi grouss géif gi loossen.

Griichenland wäert nach eng gutt Zäit ee wichtegt an en zentraalt Thema an der EU sinn. Duerch de Populismus an Europa wäert d’Problematik nach méi komplizéiert ginn, falls et zu Scholdenerliichterungen oder weidere Krediter komme sollt.

Weider Informatiounen

Zur Rubrik

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner ...
http://www.association-narin.com