LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Andréck vun de Walfer Bicherdeeg

Duerch eng vun de Säitendiere sinn ech leschte Samschden zu Walfer an d’Bicherfoire eragetrollt, an dat éischt, wat ech gesinn, ass eng Wo. Donieft e Schëld: 3 €/kg. Kuerz gezweiwelt, mee jo, ech si scho richteg hei, an der Hal 1 vun de Walfer Bicherdeeg, an der Hal, an der mat déi wichtegst Editeuren zu Lëtzebuerg hire neie Programm virstellen: Schortgen, Binsfeld, Phi, Kremart, Saint-Paul, Op der Lay.

Wann de Kilo Bicher zu Walfer elo méi bëlleg ass wéi de Kilo Käschten am neie Katalog vum Cactus – ass dat da gutt oder schlecht fir d’Buchkultur zu Lëtzebuerg? Dat heescht jo nawell, dat d’Buch ee basescht Konsumgut ass, dat jiddweree brauch. D’Bicher si souguer bal sou bëlleg wéi d’Orangen (0,99 €/kg) an d’Bananen (1,48 €/kg) am Cactus. Dem Rewenig säi Sproch vun der „Bananekëschtefoire“ kritt ganz nei Bedeitungen! Bon, mat deem éischten Androck goung et dunn also lass, respektiv weider.

Wéi wann d’Organisateuren aus Expressegkeet hätte weise wëllen, wéi verschidden d’Valorisatioun vum Buch ka sinn, war direkt nieft deem Occasiounsdësch mat der Wo de Stand vum „Centre national de littérature“. D’Flaggschëff vum CNL ass dëst Joer d’Editioun vum Michel Welter sengen Tagebicher am 1. Weltkrich, déi mat beandrockendem Détailwësse vum Germaine Goetzinger besuergt gouf. D’Buch huet een Hardcover aus Léngent, 556 Säiten – a weit genee 2,320 kg. Wann d’nächst Joer dat Buch an enge vun de Wullkëschten opdaucht, an dat ass iwwer Ëmweeër nawell gutt méiglech, da muss den interesséierte Lieser keng 45 €, ma just nach eppes iwwer 6 € bezuelen. Méi „Schnäppchen“ geet net!

Dat, wouriwwer den Direkter vum CNL, de Claude D. Conter, d’lescht Joer bei der Ouverture vun de Bicherdeeg geschwat huet, ass also och ee Joer dono ëmmer nach ouni Äntwert bliwwen: „Wann eng Bicherfoire weiderhin e Bestanddeel vun engem professionelle Buchsecteur soll sinn, da schéngt et mir sënnvoll, doriwwer nozedenken, d’Editeursfoire vum Occasiounsmaart raimlech (net zäitlech) ze trennen. (...) An enger renger Editeurshal kéint d’Kreativitéit vun den Auteuren a vun den Editeure méi eng grouss Opmierksamkeet kréien. Déi se verdéngen an déi de Kär vun enger Bicherfoire ausmécht.“

Méi wäit hannen an der Hal 1 dann de Stand vun den Éditions Phi. Op hiren Dëscher läit d‘Poesie-Rei „graPHIti“ mat de faarwege Stréchmännercher als Cover. Wat wuel geschitt, wann hire Graphiker eng Kéier duerch déi ganz Fuerfpalett bei „Paint“ erduerch ass? Hoffentlech schaffe se dann endlech un engem neie Cover-Design. Un de Panneauen am Hannergrond hänke mannsgrousse Plakater mat de Portraitë vun de Phi-Auteuren. Dat ass nawell wichteg, soss verwiesselt een de Gewënner vum Concours littéraire 2015, de Florent Toniello, nach mat iergendengem Vendeur. De Lyrikband vum Toniello, „Flo[ts]“, ass op jiddwer Fall een immens varianteräichen an dezidéiert artistesche Recueil, dee vill Lieser verdéngt huet. Um Enn vun der Hal steet dann, wéi 2014 a wuel zënter Joer(zéngt)en, de Jhemp Hoscheit a sengem schwaarzen Hiem a mécht onermiddlech Reklamm fir seng Bicher – a fir d’Saach vum Buch en général.

Wéi ech an d’Hal 2 koum, hunn ech séier gemierkt: D’Zweehalegesellschaft goung och 2015 weider. Wichteg Editiounshaiser wéi „capybarabooks“ vum Georges Hausemer a Susanne Jaspers oder „Hydre Éditions“ vum Ian de Toffoli, Luc Schiltz a Pitt Simon waren do ënnerbruecht. Dobäi leeë si allebéid mat „Venezuela“ vum Guy Helminger respektiv „La ballade de Lucienne Jourdain“ vum Tullio Forgiarini wichteg belletristesch Bicher vir, déi déi néideg Opmierksamkeet verdéngt hunn.

Nom zweeten Tour rondrëm d’Stänn dréit mir vun de ville Leit an der stéckeger Loft e bëssen de Kapp, ma dat ass numol den Doft vu Walfer: eng Mëschung aus ale Sportsschong, verstëbsten a fuschneie Bicher souwéi séissem Schampes, dee méi oder manner heemlech hannert a virun den Dëscher gedronk gëtt. Ech trëppelen eraus un d’frësch Loft a sti fir eng Zäit virum Festzelt. Vu banne mengen ech de Serge Tonnar säi fantastescht neit Lidd sangen ze héieren: „Bonjour an Awuer“. An deem Sënn: Bis 2016.           

En Donneschdeg an zwou Wochen, den 10. Dezember, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik vum Jean Back sengem neie Buch „Zalto mortale“.