STADBRIEDEMES
JEK

Summerserie: Déi kulturell Offer an der Gemeng Stadbriedemes

Kultur spillt sech net nëmmen an der Haaptstad of. A villen aneren Ecker vun eisem Land kommen d’Awunner an d’Visiteuren a kultureller Hisiicht och op hir Käschten. D’Gemengen hunn eng kulturell Offer op d’Been gestallt, mat där si sech net ze verstoppe brauchen. Fir eis Summerserie hu mir bei hinnen nogefrot a si fënnef Froe beäntwere gelooss. Haut ass et un der Gemeng Stadbriedemes. D‘Äntwerte koume vum Schäffen Pierre Zahlen.

Wat fir ee Stellewäert huet d’Kultur an Ärer Gemeng?

D’kulturellt Liewen an der Gemeng gëtt schon säit méi ewéi honnert Joar duerch Musek a Gesankveräiner, déi bis haut ganz aktiv sinn geprägt. An der Gemeng Briedemes gëtt ët scho ganz laang eng Kulturkommissioun, déi no all Walen sech nei forméiert an aus bis zu néng Leit besteet. Doduerch ass garantéiert dass am Laf vum Joar eng Partie kulturell Manifesstatioune stattfannen. Wéi Liesungen, Concerte, multikulturell Fester an esou weider. De kulturelle Grondsteen an der Gemeng ass awer scho viru ville Joare geluegt gin, hunn dach Leit ewéi den Dicks an de Batty Weber an eiser Gemeng gelieft a geschafft.

Verschidde Weeër (Sentiers culturels) féieren zu deenen wichtegsten Gebaier a Sehenswierdegkeeten. Dës Weeër gin an enger neier Brochur, déi een bei der Gemeng kritt, alleguerten virgestallt ewéi zum Beispill d’Schlass zu Briedemes, d’Réimerbréck, d’Eyschen-Denkmal an de Wäschbuer zu Greiweldeng.

D’Haaptmanifestatiounen sinn déi am ganze Land bekannten Fester: Den 2. Weekend am August Wäin- a Wënzerfescht besser bekannt ënner dem Numm Picadilly zu Briedemes. An den nët manner bekannten Léiffrawëschdag de 15. August zu Greiweldeng. Och déi landbekannte „Cojellico’s Jangen“ trieden dëst Joar de 25. November am Veräinsbau zu Greiweldeng op.

Firwat si kulturell Manifestatioune wichteg fir d’Gemengeliewen?

Déi kulturell Manifestatiounen halen d’Gemeng kulturell um Liewen. Si fërderen och d’Integratioun vun net-Lëtzebuerger an och de Leit déi nei an d’Gemeng komm sinn. Si schafen domadder e „point de Rencontre“ wou Jonk an Al sech begéinen. Och muss op de kulturelle Wäert vun eisem Wäin higewise ginn, well wat wär e flott Fest ouni e gudde Patt.

Awéifern gëtt déi lokal Kulturzeen ënnerstëtzt?

D’Kulturzeen gëtt ganz besonnesch vun der Gemeng duerch Subsiden, an duerch eng ganz Rei Fräiwëlleger, déi sech der Saach hir ginn ënnerstëtzt. Och d’Veräiner droen hir Deel duerzou bäi, haaptsächlech bei der Fërderung vum lokale kulturelle Patrimoine ewéi zum Beipill Hämmelsmarsch, Cortègen, Kleeschen asw.

Wat sinn déi besonnesch Highlights?

Zu den Highlights gehéiert ganz kloer de Picadilly, den dëse Weekend vu Freides bis Sonndes wäert stattfannen. An den Méinden d’Feierlechkeeten

zu Léiffrawëschdag am Veräinsbau zu Greiweldeng. De 25. November spillen och nach „Cojellico’s Jangen“ ee Concert am Veräinsbau zu Greiweldeng. w