LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder: Wat ass de Weltklimarot?

Vum 20. bis de 23. September huet sech den IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change), och nach Weltklimarot genannt, zu Monaco fir de sougenannten SROCC (Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate) getraff an deen och dono verëffentlecht. Et handelt sech hei ëm en extraen Bericht, dee sech mat den Ozeanen an der Kryosphär befaasst. Mee wat ass de Weltklimarot genau? Wou kënnt en hier, aus wiem besteet en a wat ass seng Aufgab? Do dernieft wäert och de SROCC e bësse méi genau ënnert d’Lupp geholl ginn, wat doranner steet a wat d’Publikatioune vu Monaco ze bedeiten hunn.

Wat ass den IPCC?

Den Weltklimarot ass de 6. Dezember 1988 duerch Zesummenaarbecht vun der WMO (World Meteorological Organization) an der UNEP (United Nations Environment Programme) entstanen an zielt 195 Memberen. D’Länner gi vun hire jeeweilege Regierungen representéiert. D’Zil vun der Organisatioun ass et, fir seng Memberen iwwert d’aktuell Situatioun vum Klima an der Ëmwelt ze informéieren an ze probéieren, virauszesoen, wéi sech d’Klima verännere wäert a wéi eng Konsequenzen dat kéint hunn. Deementspriechend spillt den IPCC eng grouss Roll an den internationalen Bezéiungen, well d’Klimaziler oft nëmmen duerch Zesummenaarbecht zwëschen de verschiddenen Memberen ze areechen sinn.

Säit Oktober 2015 steet den Weltklimarot ënnert der Leedung vum Hoesung Lee, engem südkoreaneschen Ökonom. Vereinfacht erkläert ass den IPCC a véier verschidde Gruppen opgedeelt, dovunner dräi „Working Groups“ an eng „Task Force“. Déi vereenzelt „Working Groups“ hu verschidden Aufgaben, wéi zum Beispill d’Ausrechne vun den Impakter vum Klimachangement oder d’Recherche vu Mëttelen fir d’Impakter ze reduzéieren. D’Aufgab vun der „Task Force“ besteet virun allem doranner, d’Gas-Emissiounen vum Zäreneffekt ze berechnen.

Den SROCC vun Monaco

Wéi schonn ugedeit gouf, huet sech den IPCC am September zu Monaco fir hir 51. Plenarsëtzung (Versammlung, wann all eenzel Memberstaat vertrueden ass, a wou déi grouss a wichteg Decisioune gestëmmt ginn, wéi zum Beispill d’Wal vum Hoesung Lee a senge Virgänger) getraff. Zu Monaco goung et awer net ëm d’Wal vun engem Nofolger vum Lee mee ëm den „Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate“. Am Mëttelpunkt vun dësem Rapport stinn ënner anerem déi grouss Biergregiounen, d’Schmëlzen vun de Gletscher oder och nach d’Klamme vum Mieresspigel.

An hirem Rapport vu Monaco ënnersträicht den IPCC, dass de Klimawandel riskéiert ëmmer méi geféierlech Naturkatastrophen mat sech ze bréngen. Laut dem Weltklimarot wäerten ab 2050 déi éischt Hafestied sou wéi och kleng Inselgruppen extrem mam klammende Mieresspigel ze kämpfen hunn a riskéieren, fréier oder spéider komplett iwwerschwemmt ze ginn. Nodeems zwee Joer un dësem Rapport geschafft gouf, gouf och nach eng Kéier däitlech, dass d‘Äerderwiermung duerch d’Mënsche verursaacht gëtt an dass de Mieresspigel sou wéi och d’Duerchschnëttstemperatur an de leschte Joren méi séier geklomme sinn, wéi et nach am 20. Joerhonnert de Fall war. Fir dës dramatesch Entwécklungen ze stoppen weist den IPCC drop hin, dass mir alleguerten zesummeschaffe mussen an dass mer sou séier wéi méiglech d’Ausstousse vum Zäregas reduzéiere mussen.