LUXEMBURG
SHARI SCHENTEN

D’Lëtzebuerger Sprooch ass ee vun de groussen Themen am Walkampf. Gläichzäiteg ass d’Nofro no Coursen an de leschte Joren explodéiert. Déi nei gegrënnte Vereenegung vun de Lëtzebuergesch-Professeren (VLP) wëll dës Evolutioun net onkommentéiert loossen an huet Positioun bezunn, virun allem, wat d’Situatioun am Enseignement betrëfft. D’Associatioun betount bei där Geleeënheet, dass si an der multikultureller a méisproocheger Situatioun vum Land e grousse Räichtum gesäit a sech, och wa si sech fir e verstäerkt Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen asetzt, vu verschiddene rietse Positiounen ofgrenzt.

„Als Vereenegung vun de Lëtzebuergesch-Professeren (VLP) wëlle mir eis virun allem dofir asetzen, eis nei Matbierger besser integréieren ze kënnen an de Jugendlechen e Grondwëssen iwwer Lëtzebuerg mat op de Wee ze ginn, wat an eisem Schoulsystem am Moment leider net méiglech ass.

Mir sinn der Meenung, datt an alle Schoule festgesat muss ginn, datt d’Lëtzebuergescht als Friemsprooch mindestens véier Stonne pro Woch wärend mindestens dräi Joer geléiert soll ginn, och an den Internationale Schoulen an op den internationale Klassen. Doriwwer eraus mussen all d’Schüler d’Méiglechkeet kréien, fir no deenen dräi Joer eis Sprooch weider léieren ze kënnen. Wéi kann ee vun de Jugendlechen, déi nei an eisem Land sinn, verlaangen, sech gutt ze integréieren, wa mir hinnen an eisem Schoulsystem mol net d’Méiglechkeet ginn, fir eis Sprooch richteg ze léieren.

Mir froen eis och, ob et net eng Méiglechkeet gëtt, fir och am Enseignement général eng Zort ,Landeskunde‘-Cours, wéi et en op der 7ème Classique gëtt, anzeféieren, fir den ëmmer méi multikulturelle Klasse Wëssen iwwert Lëtzebuerg a seng Kultur matzeginn. Och wann déi Stonn pro Woch am ,Classique‘ net duergeet, fir d’Villfältegkeet vun der Lëtzebuerger Kultur ëmfangräich ze detailléieren, sou ass et dach ee Wee, fir op d’mannst kënnen en Iwwerbléck ze ginn. Sou een ,Landeskunde‘-Cours wier op enger 2ème oder 1ère awer méi sënnvoll, well d’Schüler an deem Alter hir eege Situatioun an déi vum Land scho besser verstinn an Diskussiounen iwwert d’Méisproochegkeet, d’Multikulturalitéit an de Rassismus besser féiere kënnen.

Fir eis ass dann och kloer, dass, wann d’Lëtzebuergescht an de Schoulen an an der Erwuessenebildung ëmmer méi geléiert soll ginn, qualifizéiert Personal gebraucht gëtt an do dréckt de Schong am Moment. Eiser Meenung no ënnerhëlt den Educatiounsministère net genuch, fir d’Karriär vum Lëtzebuergeschproff ze promouvéieren. Mir gesinn eis Aufgab doran, fir all déi interesséiert Leit drop opmierksam ze maachen, datt et op der Uni.lu e Master fir d’Lëtzebuergescht gëtt. Donieft gëtt et den Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur, deen ee beim nationale Sproocheninstitut INL oder op der Uni Lëtzebuerg maachen kann.

Mir mussen doriwwer eraus awer och op de Wee goen, datt d’Lëtzebuergesch-Stonnen an de Schoulen och vu Lëtzebuergesch-Professeren iwwerholl ginn an do brauche mir elo d’Hëllef vun de Schoulen, vun den Direkteren a vum Ministère, fir d’Fach ,Lëtzebuergesch‘ opzewäerten an och weiderzëentwéckelen.“