RÉIMECH
LJ

Summerserie: Déi kulturell Offer an der Gemeng Réimech

Kultur spillt sech net nëmmen an der Haaptstad of. A villen aneren Ecker vun eisem Land kommen d’Awunner an d’Visiteuren a kultureller Hisiicht och op hir Käschten. D’Gemengen hunn eng kulturell Offer op d’Been gestallt, mat där si sech net ze verstoppe brauchen. Fir eis Summerserie hu mir bei hinnen nogefrot a si fënnef Froe beäntwere gelooss. De leschte Bäitrag an dëser Serie kënnt vun der Gemeng Réimech.

Wat fir ee Stellewäert huet d’Kultur an Ärer Gemeng?

D’Kultur zu Réimech huet e grousse Stellewäert. Dëst spigelt sech virun allem am ale Stadkär (also den Gaassen a Gebaier), esou wéi an de sëlleche kulturellen Aktivitéiten a Manifestatiounen erëm. D’Kultur ass gréisstendeels geprägt vum geschichtlechen Hannergronn vun der Stad Réimech. Dëst léisst sech erkennen an de villen Iwwerreschter aus vergaangene Jorhonnerten - wéi zum Beispill der Porte St. Nicolas oder dem Tuerm vun der Dekanatskierch - déi haut nach op ville Plazen uechter Réimech visibel sinn an op engem Kultur-Tour entdeckt kënne ginn. Och spille kulturell Aktivitéiten a Manifestatiounen eng grouss Roll zu Réimech. Kuckt een de Begrëff „Kultur“ am traditionelle Sënn, huet Réimech keng Muséeën, Galerien oder en Theater, mä d’Stad bitt éischter sporadesch kulturell Aktivitéiten un. Ze ernimme sinn Expoe mat geschichtlechen Hannergrënn, wéi Verleeung vun de Stolpersteng oder „125 Joer Lëtzebuerger Dynastie“, Theaterstécker („Friture Henriette um Tour“), Kannermusical („Freude“), Liesungen, Konferenzen, Concerten oder Cabaret, déi entweder vun der Gemeng, privat bei de lokale Wënzer oder vun de Réimecher Veräiner an Associatiounen organiséiert ginn. Réimech leet och e grousse Wäert op d’Konscht vu Lëtzebuerger Kënschtler (Bacchus-Buer op der Esplanade vum Will Lofy) a Lëtzebuergesch Museken, andeems regelméisseg Concerten am Summer op der Dr. F. Kons-Plaz ofgehale ginn. Bei all de Manifestatiounen duerf een de Wäin an de Crémant awer net vergiesse, vu dass si d’Kultur op der Musel säit éiweg prägen.
Firwat si kulturelle Manifestatioune wichteg fir d’Gemengeliewen?

Kulturell Aktivitéiten a Manifestatioune si wichteg fir d’Integratioun zu Réimech. Duerch dës Aktivitéiten a Manifestatioune komme Leit vun allen Natiounen a vun all Alter zesummen a kënne sech austauschen. Kulturell Manifestatiounen, wéi de Crémant- a Kultur-Festival, d’Bacchusfescht, de Konscht- an Hobbymoart, d’Cavalcade oder de Stréimännchen hu säit Joren eng fest Plaz am Beräich vun der Kultur zu Réimech. Si si wichteg, fir eng Touristen-Stiedche wéi Réimech méi attraktiv ze gestalten.

Awéifern gëtt déi lokal Kulturzeen ënnerstëtzt?

D’Stad Réimech leet e grousse Wäert op d‘Ënnerstëtzung vun der lokaler Kulturzeen, andeems si sech ëm d’Infrastrukture këmmert, de Veräiner an Associatioune Subsiden zousprécht an op de sëlleche Manifestatiounen op materieller a personeller Säit ënnert d‘Äerm gräift. Weider läit et der Stad Réimech och um Häerz lëtzebuergesch Kënschtler ze ënnerstëtzen. Nenne kann een hei zum Beispill de Bacchus-Buer vum Will Lofy oder d’Eva-Statue vum Maurice Ney op der Esplanade. Zousätzlech gëtt mat der neier Réimecher Gare vu Valentiny hvp architects een neien zentrale Kulturpunkt zu Réimech geschaf.

Wat sinn déi besonnesch Highlights?

E besonnescht Highlight zu Réimech ass de wonnerschéine Panorama mat senger Villsäitegkeet an der Natur duerch de Bësch, d’Waasser, d’Wéngerten, d’Esplanade an den ale Stadkär. Um Niveau vun de Manifestatioune sinn de Crémant- a Kultur-Festival, d’Bacchusfescht, d’Cavalcade an de Stréimännchen Evenementer, déi ee muss ervirhiewen, well si iwwer Jore Réimech prägen. Weider huet Réimech an de leschte Jore vill Wäert drop geluecht, fir d’Stad am sportleche Beräich weider no vir ze dreiwen. Sou gëtt et zanter 2012 nieft dem traditionellen Hallef-Marathon „Route du Vin“ och den Triathlon „Ironman 70.3“, deen all Joers vill Lei aus ganz ville verschiddene Länner op Réimech zéit.

Op wat kann ee sech an den nächste Méint freeën?

Ganz besonnesch natierlech op de Crémant- a Kultur-Festival, deen traditionell op Kirmessonndes ass, also nächste Sonndeg, den 18. September. Nierft enger „Kirmes wéi fréier“, wou d’Kanner mam Zichelche fuere kënnen an déi Erwuesse sech beim Béchsen ofschéissen ameséiere kënnen, stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus. Wënzer aus der Groussregioun presentéieren hir Wäiner a Crémanten. Am Oktober ass dann déi éischt Editioun vum Hierschtmoart, wou een nieft regionalen a saisonale Produiten och den éischte Fiederwäisse ka schmaachen. E besonneschen Highlight an de Wanterméint ass awer och déi iwwerdeckten Äispist, déi de 25. November hir Dieren op der Dr. F. Kons-Plaz opmécht. Während de véier Adventweekender kënnen d’Leit gemittlech iwwert de Chrëschtmoart flanéieren. Rendez-vous fir déi Kleng ass hei e Sonndeg, de 4. Dezember, wann de Kleesche mam Schëff op Réimech kënnt.


www.remich.lu