LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Strate vu Flouernimm: Spuere vu fréie Sproochen an ale Bezeechnungen

Flouernimm sinn zum Deel wierklech al a ginn en déiwen Abléck an eis Sprooch- a Kulturgeschicht. Wat kënnen eis d’Flouernimm awer iwwer déi Vëlker soen, déi hei gelieft a geschwat hunn?
D’Lëtzebuergescht gehéiert zu de germanesche Sproochen, geneesou wéi d’Hollännescht, d’Englescht an d’Däitscht. Sou wonnert et dann och net, datt déi meescht Flouernimm eng kloer germanesch Etymologie hunn. Et kann een dat awer nach weider agrenzen. E puer Flouernimm kënne weisen, wou d’Lëtzebuergescht bannent de germanesche Sproochen unzesidelen ass. Sou sinn zum Deel vill Nimm am ganze mëtteldäitsche Raum ze fannen, also alles, wat net Houdäitsch an net Plattdäitsch ass. Vereenzelt Nimm weisen awer och e kloren Zesummenhang mam Plattdäitschen a mam Hollänneschen. Sou fënnt een zum Beispill d’Gruecht oder Griecht iwwerall am Land. An alen Dokumenter huet dës nach Gracht geheescht an en Dällche bezeechent, heiansdo vum Mënsch gemaach. Sou ginn am Hollänneschen d’Kanalgrouwe genannt an zu Amsterdam heescht gefillt all zweet Strooss Gracht. De Kadaster huet awer och en in der Gracht zu Léiler opweises. Am däitsche Sproochraum fënnt een dës allerdéngs als Graft an d’Wuert heescht just „dat Gegruewent“.

Mansio a castellum hunn iwwerlieft

D’Flouernimm weisen op ville Plazen awer och op den Afloss vu Réimer a Kelten hin – oder éischter op den Afloss vun hirer Sprooch. Et ass awer schwéier, unhand vun dësen Donnéeën ze soen, datt bei eis iwwerall Gallesch oder Laténgesch geschwat ginn ass. Et ass éischter dovunner auszegoen, datt et eng Akkulturatioun gouf, woubäi sech déi verschidde Vëlker all e bësse gemëscht hunn. Kloer ass, datt mir déi puer gallesch bzw. keltesch Elementer an de Lëtzebuerger Flouernimm net direkt vun de Gallier, mee duerch de laténgesche Mond kritt hunn. Heizou gehéieren zum Beispill am Brill zu Tënten, hanner Ollek zu Rouspert oder an Amecht zu Haler.
Sou muench aneren Numm kënnt awer direkt aus dem Laténgeschen, wéi d’Mees bei ënnert Meesen zu Duerscht – dat Wuert geet geneesou wéi d’franséisch maison op dat laténgescht mansio zeréck. Dat laténgescht Wuert castellum, wat eng befestegt Anlag bezeechent an och am englesche Wuert castle stécht, fënnt ee bei eis ënnert de Forme Kast, Cast, Kost a Kascht, ënnert anerem zu Waasserbëlleg, Géisdref, Viichten an Ënsber.