CLAUDE BACHE

D’Actioun Lëtzebuergesch (AL) feiert dëst Joer hire 45. Gebuertsdag. Zënter 1971 ass immens villes a puncto Lëtzebuergesch geschitt. De Claude Bache, neie President vun der Vereenegung, weess, wat schonn erreecht gouf a wat nach ze maache bleift.

„Deemools gouf et nach praktesch keng Sproochcoursen, wou eis auslännesch Matbierger eis Sprooch léiere konnten, an eisen Zeitunge stoung knapps ee Wuert op Lëtzebuergesch, an der Kierch gouf nëmmen op Däitsch gebiet, vun engem lëtzebuergesche Bréif un eng Verwaltung emol guer net ze schwätzen.

Déi Responsabel vun der AL hunn deemools op ville Gebitter den Ustouss ginn, datt eis Sprooch hei am Land déi Plaz soll kréien, déi hir zousteet. An eiser leschter ,Klack‘ huet de Lex Roth eng Lëscht mat all deem publizéiert, wat an deem Kontext an deene leschte 45 Joer ënnert dem Impuls vun der AL geschitt ass - et ass net wéineg, a mir däerfe mat Recht houfreg drop sinn.

Mir kënnen an däerfen awer elo net dobäi stoebleiwen! Neen, d’Saach vum ‚Lëtzebuergesche‘ muss viru goen! Ee Punkt läit äis dobäi besonnesch um Häerz. Mir wëssen, datt haut vill Leit zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, déi eis Sprooch net schwätzen. Deenen, déi eis Sprooch wëlle léieren, musse mir natierlech esou gutt et geet hëllefen, duerch méi a besser Coursen, mä och mat méi Präsenz vum Lëtzebuergeschen am Alldagsliewen. D’Sprooch ass e wichtegen Aspekt vun der Integratioun. Eng Rei vun deene Leit wëllen och d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien a mat décidéieren, wat bei äis geschitt. Dat ass legitim. Et schéngt äis awer onëmgänglech ze sinn, datt deen, deen d’Lëtzebuerger Nationalitéit freet, op d’mannst - nieft Franséisch oder Däitsch - och d’Sprooch vum Land verstoen a schwätze kann (och wann do an eenzelne Fäll mol kann eng Ausnahm gemaach ginn). An all aner Land ass dat selbstverständlech - firwat sollt et hei bei äis anescht sinn?!

En anert Uleies brennt äis op der Zong: Eis Députéiert (déi iwwregens haut och bal nëmme Lëtzebuergesch an der Chamber schwätzen, wat fréier esou net méiglech gewiescht wier!) sinn amgaang, d’Käpp zesummenzestrecken, fir eisem Land eng nei Verfassung ze ginn. D’AL fuerdert zënter Joren, datt d’Lëtzebuergescht als Sprooch - nieft dem Fändel, dem Staatswopen an der Nationalhymn - an d’Constitutioun stoe komme muss. Esou wéi et den Ament am Artikel 4 (1) virgesinn ass, kënne mir absolutt dermat d’accord sinn: ,La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.‘ Wann déi Formuléierung zréckbehal gëtt, da kritt eis Sprooch domat dee Stellewäert, deen hir zoukënnt: Si gëtt déi offiziell Sprooch vum Land a vun alle Leit, déi hei wunnen, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger. Datt nieft dem Lëtzebuergeschen och d’Däitscht an d’Franséischt vrun allem am administrative Beräich gebraucht ginn, ass absolutt an der Rei a mécht der Kaz kee Bockel.

D’AL setzt sech och weiderhi fir alles an, wat Lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, an dat - no gewinnter Manéier - net mam Briecheisen, mä andeems mir d’Hand reechen an do mat upaken, wou mir kënnen a wou eis Hëllef gefrot ass.“