LUXEMBURG
JULIA GREGOR

Ufank 2016 ass „Catch a Smile asbl“ gegrënnt ginn. Säithier setzt sech d’Vereenegung dofir an, Mënschen, déi op der Flucht sinn, z’ënnerstëtzen an hire Wee an Europa e bësse méi human ze gestalten. Wéi d’Situatioun am Moment ass a firwat jidderee gefrot ass, erkläert d’Julia Gregor, Presidentin vun „Catch a Smile asbl“.

„Am Wanter 2015 konnte mir net méi nokucken, wéi Dausende vu Mënschen, déi mat hire Kanner, mat kranken an ale Leit op der Flucht virum Krich waren, sech hu missen ënner erbäermleche Konditioune bis an Europa duerchschloen. No engem Facebook-Opruff hu sech néng deemools friem Leit fonnt, déi doropshin mat dräi Camionnettë vollgeluede mat Donen an de Balkan gefuer sinn, fir do ze hëllefen, wou Hëllef am dréngendste gebraucht ginn ass.

Aus dësem éischte Convoi sinn der mëttlerweil iwwer 50 ginn mat méi wei 80 Volontairen. Mir hu wäit iwwer 60 Palette Spende gesammelt, vu Schlofsäck, iwwer Hygiènesartikelen bis zu Liewensmëttel an Zelter.

Mir sinn als Asbl immens frou iwwer d’Hëllef, déi mir bis elo konnte leeschten a gläichzäiteg och immens frustréiert an enttäuscht doriwwer, datt eisen Asaz an dee vun deenen onzielege klengen ONGen aus der ganzer Welt engem mat Zäite sënnlos virkënnt. D’Situatioun am Balkan, a Griicheland oder awer och a Frankräich huet sech leider guer net verbessert, mee au contraire deelweis souguer verschlechtert. Mir sinn elo am véierte Wanter ukomm, an deem Famille mat klenge Kanner mussen an Zelter schlofen, an déi Biller vun de schnéibedeckten Zelter vum leschte Wanter sinn nach an eise Käpp.

Als Volontairë kënne mir also näischt Grondleeëndes un der Situatioun vun de Mënschen op der Flucht änneren. Wat mir maache kënnen nieft materiellen Hëllefen, Suen an Zäit ze spenden, ass einfach éierlech matzefillen, hir Trauer ze deelen a staark ze sinn, wou et néideg ass.

Mir als Asbl brauchen Iech als Ënnerstëtzer ganz dréngend, fir weider um Terrain kënnen ze hëllefen. Wat mer virun allem awer och brauchen, ass Äert éierlecht Matgefill fir jiddereen, deen op der Flucht ass! Kee Matleed! Keng baarmhäerzeg Hëllef! Erwaart keng Dankbarkeet, mee maacht et einfach, well Der wësst, datt et richteg ass. A vergiesst net, datt eng Flucht nëmmen esou laang dauert, bis een iergend-wou ukomm ass. An duerno ass een en Noper, e Frënd oder einfach e Mënsch, deen am Zuch nieft engem steet - kee Flüchtling méi!

A grad elo, wou erëm esou e fuerchtbare rassistesche Post op Facebook seng Ronn mécht, an d’ADR hiert richtegt Gesiicht voller Intoleranz a Friemenhaass weist, ass et wichteg, datt kee roueg bleift. Kuckt net ewech a sidd net roueg, wann e Mënsch nieft Iech wéinst senger Nationalitéit ongerecht behandelt gëtt. Sidd net roueg, wann Är Frënn ufänken, Parolë vun de rietse Parteien ze widderhuelen. Et ass genau do, am Alldag, wou jidderee säin Deel muss derzou bäidroen, datt mir eng tolerant an oppe Gesellschaft garantéiere kënnen.“

Méi Informatiounen: www.facebook.com/catchasmile.org; info@catchasmile.org