E puer Gedanke vum Grand-Duc Henri zum Joeresenn

Wéi d’Traditioun et wëllt, huet sech de Grand-Duc Henri um Virowend vu Chrëschtdag mat e puer Iwwerleeungen zu de wichtegsten Evenementer aus dem leschte Joer un d’Awunner vum Grand-Duché geriicht. Hie stellt fest, dass 2013 „e Joer war, dat esou wuel dobaussen ewéi heiheem vun aussergewéinlechen Evenementer geprägt war“.

D’Neiwahlen an hir Suiten

De Grand-Duc erënnert un d’Opléisung vun der Chamber an un d’Neiwahlen, bei deenen eng nei Majoritéit ervirgaangen, dat sech sowuel an der Compositioun vun der Chamber wéi och vun der Regierung bemierkbar gemaach huet. „Mëttlerweil sinn d’Chamber an d’Regierung konstituéiert an hir Membere vereedegt. Béid Institutiounen hunn esou d’Méiglechkeet schonn en halleft Joer virun dem Oflaf vun der normaler Legislaturperiod nei Akzenter ze setzen als Äntwert op déi gewalteg Erausfuerderungen, déi sech eisem Land stellen“. De Grand-Duc wënscht hinnen alleguer eng glécklech Hand bei der Ausübung vun hire wichtegen Aufgaben.

Och würdegt hien d’Aarbecht vun der aler Regierung a mengt, de fréiere Premier Jean-Claude Juncker géif e besonnesche Merci verdéngen, „fir alles wat hien esou laang fir Lëtzebuerg an Europa gemaach huet“.

Schwéier finanziell a wirtschaftlechSituatioun an Europa an zu Lëtzebuerg

Och dëst Joer kënnt de Grand-Duc Henri net derlaanscht, „déi schwéier finanziell a wirtschaftlech Situatioun an Europa an zu Lëtzebuerg unzeschwäetzen. Wann et och Unzeeche gëtt, datt déi wirtschaftlech Aktivitéiten am nächste Joer een neien Opschwong erliewe kënnten, esou bleift dach dat soziaalt a finanziellt Ëmfeld och heiheem weider bestëmmt vun de Konsequenze vun der globaler Kris“.

Nach ni, esou de Grand-Duc Henri weider a senger Usprooch, „waren esou vill Leit hei am Land ouni Aarbecht. Vill vun hinne sinn eeler Salariéen, déi hier Schaff verluer hunn a fir déi et ganz schwéier ass sech nei um Arbechtsmaart ze positionéieiren“.

Mä och deene Jonke gëllt et ze hëllefen, vun deenen der vill gäre géifen „hiert Liewen an zwou Hänn huelen, mä ouni Aar-becht kënne sie hir privat, familiär a berufflech Pläng nëmme schwéier oder guer net realiséieren“.

Duerno kënnt de Grand-Duc Henri op „d’Mutatioun vun eiser Wirschaft an eng ëmmer méi elaboréiert Dingschtleeschtungsgesellschaft“ ze schwätzen, déi d’Noutwendegkeet ënnersträicht, „eiser Jugend déi beschtméiglech Erzéiung ze ginn an dës spéider duerch eng geziilte Förderung vun der berufflecher Weiderbildung z’ ergänzen. Et ass also immens wichteg, datt hir Famill, d’Schoul an daat gesamtent soziaalt Ëmfeld déi Jonk op hir Plaz an der Gesellschaft an am Beruff virbereeden“.

Eng gutt Educatioun ass wichteg

Et gëllt besonnesch, esou de Grand-Duc, „Klischéen a Virstellungen entgéint ze wierken, mat deene verschidde Beruffsbiller behaft sinn. Dës Orientéierung därf net méi op engem falschen soziale Stellenwert berouen, deen zum Beispill ville manuelle Beruffer unhaft. Nëmmen duerch eng richtig Orientéierung - déi op den Ambitiounen an den Talenter vun deene Jonken baséiert - kann d’Ausbildung gewënnbréngend si fir déi Jonk, Freed maachen fir jiddfer Eenzelnen, an der Gesellschaft am Ganzen virun hëllefen“.

Wat elo den internationalen Plang betrëfft, esou ënnersträicht de Grand-Duc Henri „déi wichteg Roll, déi Lëtzebuerg zënter dësem Fréijoer an der UNO ergraff huet. Mir kënnen houfrech sinn op d’Mandat, dat Lëtzebuerg fir zwee Joer am Sécherheetsrot zoufält. Dëst stellt net nëmmen e Succès op dem diplomatesche Plang duer, mee témoignéiert och vun engem formidabelen Asaz vun eisem Land fir d’Erhale vum Fridden an der Welt“.

Déi wichteg Roll vu Lëtzebuerg opinternationalem Plang

„Och d’Ophuelen zu Lëtzebuerg vu syrische Flüchtlingen“, esou de Groussherzog weider a senger Usprooch zum Joeresenn, „reiht sech an dëst humanitärt Engagement an. Wéi noutwendeg esou eng Hëllef ass, léist sech ofliesen un der Verzweifelung vun esou villen Menschen, déi op der Flucht si virun engem Régime oder engem Krich“. Bei der Staatsvisite an der Türkei konnt een d’Ausmoosse vun der Katastrof, déi duerch de Konflikt a Syrien ausgeléist gouf, gesinn.

D’Aarmut bekämpfen

De Grand-Duc ënnersträicht och „de Mérite vun deene Memberen vun eiser Gesellschaft, déi sech och heiheem an den Déngscht stelle vun deene Matbierger, deenen et manner gutt geet“. Och heiheem „gëllt et weiderhin d’Aarmut ze bekämpfen. Eis Solidaritéit ass méi wichteg wéi je“.

Mat grousser Freed erënnert sech de Grand-Duc Henri un d’Hochzäit vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire a profitéiert vun der Geleeënheet, „fir deene ville Persoune Merci ze soe fir hiert grousst Undeelhuelen un dësem schéine Fest. Déi vill Témoignage vu Sympathie hunn eis staark beréiert“.