LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Flouernimm als Indice fir de lëtzebuergesche Sproochraum

Wien heiansdo am grenznoen Ausland iwwer Land ënnerwee ass, deem ass vläicht schonn opgefall, datt et och do Lëtzebuerger Flouernimm gëtt. Dobäi stellt sech dann d’Fro: Wat kënne Flouernimm eis iwwer d’Verbreedung vum Lëtzebuergesche soen?

Lëtzebuerger Flouernimm kann een och baussent dem Grand-Duché fannen an zwar an der Belsch, a Frankräich an an Däitschland. D’Flouernimm weisen domat op eng aner, méi breet Verdeelung vum Lëtzebuergeschen hin. Donieft weisen eis d’Flouernimm awer och, datt net iwwerall am Grand-Duché Lëtzebuergesch geschwat gouf.

Dialektal Raim

Eist Ländchen ass jo, wéi bekannt, méi wéi eemol opgespléckt ginn, iert et zum Groussherzogtum ginn ass. Et ass dann och sou, datt den originale Verbreedungsraum vun eiser Sprooch am alen Duché de Luxembourg ze fannen ass, also ouni territorial Schnëppelen. Et ass awer sécher net sou, datt iwwerall am alen Duché de Luxembourg och Lëtzebuergesch geschwat gouf. Sou weisen eis d’Flouernimm och, datt souguer am moderne Grand-Duché op Plaze Franséisch (bei Rodange) a Wallounesch (Donkels-Soller) geschwat ginn ass.

Wat awer lo déi Gebidder ugeet, déi un de Grand-Duché grenzen, do kann ee soen, datt een am Norde bis op Sankt Väit (Sankt Vith) en dialektale Raum hat, deen dem Éisleker relativ no kënnt – dat weisen och d’Flouernimm. Geneesou ass et da fir déi Deeler vu Frankräich, an deenen d’Flouernimm éischter e Südlëtzebuergesch opweisen. Am Osten iwwer déi däitsch Grenz ewech hunn d’Flouernimm zum Deel Zich vun Eechternoacher oder Miseler. An an de Westen eran, do ass et éischter Westlëtzebuergesch, wéi et och zu Réide geschwat ginn ass.

Zu Attert bei Arel

An dëse Regioune fënnt ee vill Flouernimm, déi et genee esou och bei eis gëtt. Hei sinn nëmmen e puer Beispiller aus der Commune d’Attert bei Arel. Zu Heinstert fënnt een ënnert anerem e Flouernumm an der Pesch, am Pesch heescht et bei eis zu Essen a Liewel. Zu Tontelange gëtt et en um Bruch, geneesou wéi bei eis zu Biwer an zu Manternach. An zu Metzert gëtt et e Baierchen, deen een esou änlech och bei eis fënnt, nämlech als a Baierbich zu Bruechtebaach, zu Bayeren um Scheedgen an als Beiern zu Izeg. (Dëse Flouernumm huet iwweregens näischt mam däitsche Bayern ze dinn, mee bezeechent een eenzelt Haus.)