LËTZEBUERG
MICHEL SCHOLER

Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hire Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hu si fonnt, dass déi aacht räichste Männer (nëmme Männer) zesummen esou räich sinn, wéi déi äermsten 50 Prozent vun der ganzer Welt. [1] Natierlech sinn ënnert den aacht räichste Leit zum Beispill de Bill Gates a Warren Buffett, déi vill vun hire Sue spenden. Mee den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: D’Welt gëtt méi ongerecht. [2] Mee wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech?

Vill Leit - inner- an ausserhalb vu Lëtzebuerg - kennen déi berühmte Statistik, dass Lëtzebuerg säit Joren ënnert de räichste Länner vun der Welt ass. [3] Mee de Räichtum vun engem Land verréit engem wéineg iwwert d’Verdeelung vun dësem Räichtum an der Populatioun. Et gëtt ënnerschiddlech Weeër, fir dës Verdeelung ze rechnen. Dee bekanntsten ass den GINI-Koeffizient, deen eng Zuel tëscht 0 an 1 ugëtt. 0 bezeechent eng Situatioun, wou jiddereen am Land genau dat selwecht Akommes huet, während 1 eng Situatioun bezeechent, wou eng eenzel Persoun dat ganzt Akommes kritt. Do schneit Lëtzebuerg relativ gutt of - mat engem Koeffizient vun 0.285 am Joer 2015 läit et do viru Länner wéi England, Italien an Däitschland, mee awer hannert Finnland an Dänemark. [4]

Mee den GINI-Koeffizient ass eng relativ grob Aart a Weis, fir Ongläichheet ze moossen. Sou kann een zum Beispill och kucken, wéi vill Leit an der relativer Aarmutt wunnen. Weltwäit wunnt een a relativer Aarmutt, wann ee manner wéi d’Halschent vun der Mediane vum Land verdéngt. D’Mediane ass déi Zomm, déi d’Populatioun genau an zwee deelt - an aner Wierder, wou 50 Prozent vun de Leit méi verdéngen a 50 Prozent manner.

An Europa ass d’Limite awer normalerweis net 50 Prozent, mee 60 Prozent vun der Mediane. Wann een dann d’Limite bei 60 Prozent vun der Mediane setzt, liewen zu Lëtzebuerg 15,3 Prozent a relativer Aarmutt. Déi Zuel ass domadder säit 2003 ëm 3,4 Prozent an d’Luucht gaangen. [5] Während dës Leit am internationale Verglach immens räich ausgesinn, bréngt hinnen dat relativ wéineg, wa si mussen hire Logement, Transport an Iessen zu Lëtzebuerg bezuelen. Bei dëser Mesure schneide virun allem Kanner schlecht of. 25 Prozent - oder all véiert Kand - wuessen UNICEF no an Aarmutt zu Lëtzebuerg op. [6] Dat ass ganzer 8,5 Prozent méi héich wéi nach 2003.

E weidere Wee fir d’Ongläichheet vun engem Land ze analyséieren, ass fir de Rapport tëschent verschiddene Bevëlkerungsgruppe vum Land auszerechnen. Sou kann een zum Beispill d’Populatioun an 20 Stécker opdeelen - jeeweils 5 Prozent. Esou verdéngen déi bescht bezueltsten 5 Prozent vun der Populatioun den Ament am Duerchschnëtt eelef Mol méi wéi déi fënnef schlecht bezueltsten 5 Prozent. D’Top 10% verdéngen ëmmerhin nach siwe Mol méi wéi déi ënneschst 10 Prozent. [7] Während béid Zuele sech am Verglach mat 2003 wéineg verännert hunn, war den Ecart tëscht den ieweschten an ënneschste 5 Prozent net ëmmer esou grouss. Nach 2007 hu si nëmmen aacht Mol méi verdéngt.

Och wa Lëtzebuerg e räicht Land ass, profitéiert net jiddereen d’selwecht vun dësem Räichtum. Virun allem vill Kanner liewen elo schonn a relativer Aarmutt. An och Auslänner si vill méi vun Aarmuttt betraff wéi Lëtzebuerger. [8] Dëst ass e wichtegt Thema, well vill Studien en negativen Zesummenhang tëschent Ongläichheet an aner sozialen Aspekter wéi Gewalt, Verhaftungen, Bildung a Bezéiungen mat der Noperschaft weisen. [9] An engem ongläiche Land sinn och alleguerten d’Awunner manner gesond, souwuel mental wéi physesch. [10]

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil:  Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner: 
http://www.association-narin.com