LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat huet den Donald Trump versprach a wat bis elo ëmgesat?

Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg President vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Hien huet während dem Wahlkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt, fir ze évaluéieren, ob hie schonn en Deel vu senge Verspriechen anhale konnt.

Gëtt sech selwer gutt Notten

Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen (1). Do seet hien, datt hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert hätt, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, datt d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentane System profitéieren. A sengem Editorial weist hien dann och op e puer konkret Mesuren hin, déi hien geholl hätt. Eischtens huet hien den TPP-Traité annuléiert, well deen déi amerikanesch Aarbecht outsource géif. Hie schreift och, datt hien 29 Dekreter ënnerschriwwen huet, wat säit dem Harry Truman kee President a séngen éischten 100 Deeg méi gepackt hätt. Zweetens huet hie Restriktiounen iwwert d’Produktioun vu fossilen Energien och annuléiert. Zudeem geet hien drop an, datt hien déi illegal Immigratioun mat Succès gebremst hätt fir dat amerikanescht Vollek ze protegéieren. An der Verteidegungspolitik schreift hie vun engem erfollegräichem Manöver a Syrien an doriwwer, datt wéinst him d’NATO-Memberen elo hire faire Montant bezuele géifen. Schlussendlech weist hien och drop hin, dass hien en neie Riichter, den Neil Gorsuch fir den Ieweschte Geriichtshaff konnt ernennen (2) - e konservative Riichter, deen dës Positioun elo liewenslaang huet.

Ee vu sengen Haaptpunkten aus dem Wahlprogramm - Obamacare ofzeschaafen (3) - ass net ugeschwat ginn. „Repeal and Replace Obamacare“ war ee vum Donald Trump senge meescht genotzten Ausdréck, mee hie konnt do nach keen Duerchbroch provozéieren. Eréischt beim zweete Versuch huet en neit Gesondheetsgesetz et duerch d‘“House of Representatives“ gepackt. Allerdéngs muss et och nach vum Senat accordéiert ginn. Dem Donald Trump säin Dekret, Mënschen aus bestëmmte Staaten et ze verbidden an d’USA anzereesen (4), gouf direkt zwee Mol vu Geriichter opgehuewen, obwuel déi zweet Versioun iwwerschafft gouf, fir genau dat ze evitéieren. Am Wahlkampf huet den amerikanesche President och versprach, an 30 Deeg ee Plang ze presentéieren, fir den IS ze zerstéieren (5). Dat ass bis elo nach net geschitt.

Den Trump ass bis elo och nach net wierklech un engem anere vu sengen Haaptversprieche virukomm. Hie wollt eng Mauer tëschent Amerika a Mexiko bauen, fir d’illegal Immigratioun ze verrengéren. Allerdéngs sinn am neie Budget, iwwert deen d’Demokraten an d’Republikaner sech laang net eenz waren, keng Sue fir de Bau vun esou enger Grenzmauer virgesinn. Doriwwer eraus ass den Trump wäit hannendra fir vill vun de wichtegsten administrativen Poste vum Staat ze fëllen. Esou hat hien no 100 Deeg manner wéi zéng Prozent vun all de Poste besat. Schlussendlech ass seng Administratioun och vu ville Skandaler geprägt, déi Presidente virun him op mannst an den éischten 100 Deeg evitéieren konnten - sou wéi zum Beispill potentiell Verbindunge vu Leit aus senger Administratioun mat héiche russeschen Offiziellen.

Den Donald Trump konnt bis elo nach net vill Verspriechen halen. Mee dovun ofgesi sinn et bis elo déi éischt 100 Deeg vu senger Amtszäit. Trotzdem wäert hie probéieren, esouvill wéi méiglech duerchzesetzen.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner:
https://www.association-narin.com/