LËTZEBUERG
JESSICA MERSCH

„Fuchs 8“ vum George Saunders: 56 Säiten, an deene vill stécht

Och wann d’Buch „Fuchs 8“ vum George Saunders just 56 Säiten huet, et stécht villes tëscht de Buchdeckelen - fir mech ass et e literaresche Schatz a gehéiert an all gutt Bicherregal.

Ëm wat geet et? De Fuchs 8, oder ewéi e sech selwer nennt Fuks 8 ass en aussergewéinlecht, virwëtzegt Déier. Hien ass Autodidakt an huet sech d’Mënschesprooch selwer bäibruecht, dat gesäit de Lieser och un der Schreifweis. D’Geschicht wimmelt vu Feeler a mécht dat Ganzt authentesch. Realistesch. Ech hu mech séier dru gewinnt, hat awer e bëssen Angscht, et kéint mech ze vill nerven. Säi Ruddel laacht de Fuuss fir seng Léift zu de Mënschen aus, ma him ass et egal, e wëll dës Welt besser kenneléieren a verstoen. An op eemol gëtt seng Heemecht bedreet, en Akafszenter soll op d’Plaz kommen. Op der Sich no Hëllef begëtt de friddleche Fuuss sech ganz no bei d’Mënschen. Mä sinn se sou gutt wéi se schéngen?

Perséinlech Meenung

Mat der Zäit wäert dëst Buch zu de Klassiker gehéieren! Et ass e Bréif un d’Mënschen, de Fuuss erzielt eis, wien en ass, wat säi Charakter ausmécht. Et ass beweegend. Hie bewonnert eis Gréisst, ma e versteet net, wéi mir sou verantwortungslos handele kënnen. E klot eis un a stellt alles a Fro. Kënne mir Entscheedungen net iwwerdenken? Mir sinn dach net eleng op der Welt…

Huet e sech an eis geiert? Si mir egoistesch? Wat mécht e gudden a schlechte Mënsch aus? Wéi eng Auswierkungen hunn eis Handlungen op d’Natur? Säi Bréif, oder éischter säin Appell huet mech beréiert, de Fuuss hält eis de moralesche Spigel virun d’Nues, hien hëlt eis d’Illusiounen. Wat ass nëmmen aus eis ginn?

D’Liesen ass emotional. Traureg. Witzeg. Déifgrënneg, do bleift keen A dréchen. An awer ass d’Buch voller Hoffnung. Et stëmmt nodenklech. Trotz sengen negativen Erliefnisser ass de Fuuss optimistesch, seng Denkweis ass d’Häerz vun der Geschicht. D’Illustratiounen ënnersträichen den Androck nach. Menger Meenung no ass d’Buch näischt fir Kanner, et ass éischter eng Fuebel, e Märche fir Erwuessener. D’Geschicht ass komplex.

De Fuuss schwätzt mir aus der Séil - seng lescht Wierder sinn: „Wenn ir wollt, dass oire Geschichten ein Heppi Ent haben, seit einfach mal ein bisschen netter.“ Merci Fuuss! Villäicht kënne mir eis jo e Beispill un Dir huelen. Mir brauchen een Happy End, ma da musse mir och eppes dofir maachen. Hoffentlech kënnt deng Noriicht bei eis un. Mir däerfen näischt méi selbstverständlech huelen a musse fir eis Matmënschen do sinn. An net ze vill um Materialismus hänke bleiwen. Solidaresch sinn a Matgefill weisen. Net esou grausam sinn. Empathesch sinn. An eis Natur respektéieren. Mir hu Potenzial, notze mer et dach endlech!

Mir liewen am Joer 2020 - hu mir näischt aus der Geschicht geléiert? De Coronavirus, d’Klimakris, Krich, et passéiert esou vill Leed weltwäit, ma kënne mir net frëndlech mateneen ëmgoen? Sech net iwwert Klengegkeeten opreegen? Net nëmme virun eiser eegener Dier kieren, mä och Uecht op den Noper ginn? Wier dat keng Iddi? Eng Iwwerleeung derwäert? Firwat muss all Guddes komplizéiert sinn? Et geet och einfach, mir mussen just d’Scheiklappen ausdoen an upaken, wou mer gebraucht ginn. Dat mécht net nëmmen eis glécklech, ee positiven Dominoeffekt géif ausgeléist ginn.

Léiert de Fuuss kennen an entscheet selwer. Et lount sech! A bleift gesond a passt op Iech op!

www.randomhouse.de/Verlag/Luchterhand-Literaturverlag - bichergeck.me