LËTZEBUERG
MONIQUE GOLDSCHMIT

Dass de Vëlo an dësen Zäiten nees ëmmer méi benotzt gitt, ass kee reng nationale Phänomen. Wéisou et wichteg ass, dësen Trend weider opzegräifen an och richteg ze fërderen, erkläert d’Monique Goldschmit, Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI).

„Bestëmmt hunn och vill vun Iech an de leschte puer Wochen de Vëlo erëm eraus geholl. Et ass net ze iwwersinn, datt am Moment vill Leit mam Vëlo ënnerwee sinn. Op de Vëlospisten no bei den Agglomeratiounen si virun allem Familljen ënnerwee. Mee och fir anzekafen oder um Wee op d’Aarbecht huet de Vëlo dozou bäigedroen, duerch Beweegung un der frëscher Loft, déi mental a physesch Gesondheet vun de Leit ze stäerken. Dobäi kënnt, dass de Vëlo dat individuellt Verkéiersmëttel ass, wou ee ganz einfach de Physical Distancing (2m) kann anhalen a gläichzäiteg eppes fir seng Gesondheet an eis Ëmwelt mécht.

Och bemierkt huet een, dass de Raum fir d’Vëlosfuerer an d’Foussgänger awer dacks ze enk ass. Virun allem do, wou

schmuel Trottoire sinn, wäiche Foussgänger oft an d’Strooss, respektiv op d’Bande cyclable aus, fir déi néideg Distanz ze halen. Op gemëschte Foussgänger- a Vëlosweeër ass et bal net méi méiglech de Physical Distancing anzehalen, well souvill Leit ënnerwee sinn.

Mir brauchen dofir ganz kloer méi Plaz fir d’Vëlosfuerer an d’Foussgänger. De Stroosseraum muss nei opgedeelt ginn. Virun allem an den nächste Méint gëllt et hei positiv Verännerunge fir d’aktiv Mobilitéit ze maachen. Besonnesch elo, wou rëm méi Leit schaffe ginn, mussen de Staat an d’Gemengen sech e Beispill un den ambitionéierten Approchen aus dem Ausland huelen.

Well egal ob Bréissel, Berlin, Mailand, Bogota oder New York, iwwerall gi Mesurë geholl, fir de Vëlosfuerer a Foussgänger méi Plaz a Form vu sécheren Infrastrukturen zur Verfügung ze stellen déi engersäits vermeiden, datt ee sech ze no kënnt an anerersäits, datt Vëlosfuerer an Accidenter mat Autoe verwéckelt ginn.

Mir kënnen d’Konflikter fir déi aktiv Mobilitéit reduzéieren, andeems besonnesch an de Stied Fuer- oder Parkspueren (temporär) zu sougenannten ‚Pop-up Bikelanes‘ ëmfunktionéiert ginn, an dëst virun allem op Haaptverkéiersachsen, fir eng konsequent Trennung vum motoriséierte Verkéier ze kréien a méi Komfort esou wuel fir Foussgänger ewéi och fir Vëlosfuerer. Grad elo ass déi ideal Méiglechkeet, fir d’Testphase vun neie Vëlosverbindungen ze lancéieren a Stroossenabschnitter fir de motoriséierte Verkéier ze spären.

Dëst ass de Moment, wou endlech optiméiert an automatiséiert Luuchteschaltunge fir déi aktiv Mobilitéit Standard gi sollen, a méi dacks Grengphasen asetzen, fir Usammlunge bei de Luuchten ze reduzéieren.

Et ass elo un der Zäit, fir dass geplangte Vëlosinfrastrukture Prioritéit an der Ëmsetzung kréien an datt de positiven Trend, fir méi Vëlo ze fueren, net ignoréiert gëtt, ma dass d’Chance genotzt gëtt fir dëst nohaltegt Verkéiersmëttel weider ze fërderen.

De Vëlo (an och de Pedelec) war an ass, op kuerze bis mëttleren Distanzen (10-15km) dat optimaalt individuellt Verkéiersmëttel, an d’Politik huet elo déi eemoleg Chance, fir déi gutt Gewunnechten aus de leschte Woche mat an d’Zäit nom Coronavirus ze huelen, wou d’Mobilitéitsbedürfnisser nees wuessen, andeems d’Plaz op de Stroossen nei, a méi gerecht opgedeelt gëtt.“