LETZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: D’Bestriewen zur Onofhängegkeet vu Katalounien

An de leschten Deeg héiert een nees méi iwwert een Onofhängegkeetsreferendum a Katalounien. Scho säit e puer Jore gëtt vum Referendum geschwat an elo steet och den 1. Oktober als Datum fest. Wéi kënnt et dozou, datt Katalounie keen Deel vu Spuenien wëll sinn?

Am katalanesche Regionalparlament hunn 72 vun den 132 Deputéierte e Referendum zur Onofhängegkeet vu Katalounien duerchkritt. D’Oppositioun huet no bal eelef Stonnen Diskussiounen d’Parlament verlooss. Säit 2015 sinn d’Separatisten am Parlament an der Majoritéit, nodeems si bei de Regionalwale gewonnen haten, a striewe säitdeem un, Katalounie vu Spuenien ze trennen. De spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy wëll dat allerdéngs verhënneren an huet versicht, de Referendum iwwert de Wee vum Verfassungsgeriicht ze stoppen. Och de Generalstaatsanwalt Jose Manuel Maza huet de katalaneschen Deputéierten ugedréit, si ze verkloen, wa si de Referendum awer géife maachen.

Zentraliséirungsversuch

Firwat Katalounien sech vu Spuenien trenne wëll, huet ënner anerem historesch Grënn, déi op d’Franco-Diktatur zeréck ginn. De Francisco Franco wollt aus Spuenien een zentraliséierte Staat maachen. Dowéinst huet hien d’Autonomie vun eenzele Regiounen opgehuewen, wéi zum Beispill beim Baskeland, Katalounien a Galizien. Déi Regioune weisen awer ënnerschiddlech Kulturkreesser, Sproochen an och verschidde politesch Problemer op, déi allerdéngs vum Diktator Franco ignoréiert goufen, fir déi Regioune mat ganz Spuenien ze zentraliséieren. Doropshin huet sech 1959 zum Beispill am Baskeland eng Terrororganisatioun gegrënnt, déi sech géint de spueneschen Diktator gestallt huet, ETA (Euskadi Ta Askatasuna), an déi sech 2011 eréischt opgeléist huet. Nom Franco sengem Doud 1975 hu sech déi verschidde Regiounen erëm fir hir Autonomie staark gemaach, woubäi Katalounien an d’Baskeland och op hir kulturell a sproochlech Diversitéit opmierksam gemaach hunn. [1] An der neier spuenescher Demokratie krut Katalounien dunn en Autonomie-Statut. 2003 wollt dat katalanescht Parlament dëse Statut veränneren, mee dat spuenescht Parlament huet wichteg Verännerungen um Statut virgeholl, ier dass et zu engem Referendum iwwert den Text koum.

De Referendum, iwwert deen dat katalanescht Parlament ofgestëmmt huet, wëll de katalanesche President sech net vun de Geriichter verbidde loossen a wäert et mat grousser Wahrscheinlechkeet den 1. Oktober ofhalen. 2014 gouf et schonn eng inoffiziell Volleksofstëmmung, déi och scho vun engem Geriicht verbuede gouf. Do hunn d’Léit fir d’Onofhängegkeet gestëmmt.[2]

De spuenesche Ministerpresident geheit der katalanescher Regierung een antidemokratescht Verhale fir. Mee ët stellt sech och d’Fro, wéi d’Police sech verhale wäert, well och déi katalanesch Police ënnersteet dem spueneschen Inneministère. Sou goufe si zum Beispill ugewisen, d’Opstelle vun den Urne fir de Referendum ze verhënneren. [3]

Wéi stëmmt d’Bevëlkerung of?

Doriwwer eraus ass et schwéier virauszesoen, wéi d’Bevëlkerung ofstëmme géif, wann et zu engem Referendum kënnt. An den Ëmfroe sinn tëscht 40 a 55 Prozent vun de Befrote fir een onofhängege Staat Katalounien. Also ass et och net sécher, ob d’Leit dofir stëmme géifen. Spuenesch Instituter gesinn awer, datt an de leschte Joren de Support fir ee katalanesche Staat an d’Luucht gaangen ass. Dowéinst gesi si och, datt alles un der Participatioun vun dem Referendum leie kéint. Mee vill Léit wënsche sech, iwwerhaapt mol iwwert dës Fro ofstëmmen ze kënnen. Dowéinst sinn e Méindeg och ongeféier. 100.000 Mënschen op d’Strooss gaangen, fir fir hiert Recht zu engem Referendum ze demonstréieren. Et bleift also weiderhin ze gesinn, ob de Referendum ofgehale gëtt a wéi d’Leit ofstëmme wäerten.

Quellen a Links

(1) tinyurl.com/a500w-kata1

(2) tinyurl.com/a500w-kata2

(3) tinyurl.com/a500w-kata3

A 500 Wierder - E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen um neie Site a500wierder.lu an association-narin.com