LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: Wéi geet et no der Parlamentswahl an Italien weider?

De 4. Mäerz huet Italien en neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt, ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt, keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. (1)

Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmmen, fir eleng ze regéieren, wie regéiere wëll, muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien, déi soss wuel op e gemeinsame Nenner komm wieren, hu massiv Stëmme verluer.

Wien kann a wëll mat wiem?

Sou déi aktuell Regierungspartei „Partito Democratico“ (PD), déi knapps e Fënneftel vun de Stëmme krut a sot, dass se an d’Oppositioun wëll, intern awer nach ëmmer doriwwer streid (2). Regéiere kéint se mam M5S (knapps en Drëttel vun de Stëmmen), déi eréischt 2009 gegrënnt gouf a laang Zäit net regéieren, mee protestéiere wollt: géint „d’vollgefriess Politikerkast“ (sou de Parteigrënner) (3), géint Europa och zum Deel. Experte beschreiwe se als „inclassable“, well se Iddie vu ganz riets bis ganz lénks vermëscht.

Si kéinnten och mat der friemefeindlecher Lega Nord (LN) regéieren, där hire Chef schonn ausgeschloss huet, mam PD ze regéieren - awer och Differenzen mat M5S gesäit (4). Dobäi ass hien net op enger Linn mam Ex-Ministerpräsident Berlusconi, deem seng Partei Forza Italia (FI) mam LN an de rietse Fratelli d’Italia als Allianz ugetratt ass (zesumme 37% vun de Stëmmen). FI ass méi oppe fir eng Kooperatioun mam PD, an och soss éischter moderat. De Chef vun der LN dergéint bezeechent den Euro als „kriminell Währung“ a warnt, dass an Italien „déi wäiss Rass a Gefor wier, eliminéiert ze ginn“ (5). Bei sou groussen Differenzen riskéiert d’Regierungsbildung also, laang ze ginn, an Neiwahle sinn net ausgeschloss: „Onregéierbaart Italien“ huet d’Turiner Zeitung La Stampa schonn den Dag no de Wahle getitelt .

Quasi oniwwerbréckbar Differenze gouf et och vill am extrem aggressive Wahlkampf, dee bis zu Onwourechte gaangen ass: Sou huet de Silvio Berlusconi der PD virgeworf, 2003 en europäeschen Traité ënnerschriwwen ze hunn, duerch dee méi Flüchtlingen an Italien kéimen - dee Moment huet hie selwer regéiert. Insgesamt war d’Migratioun e wichtegt Thema an de Wahlen: Italien fillt sech duerch Europa am Stach gelooss bei den Dausende vu Flüchtlingen, déi an de leschte Joren iwwert d’Mëttelmier an Italien komm sinn, a vun anere Länner op der Grenz zu Italien ofgewise goufen.

A Kombinatioun mat engem Aarbechtsmarché, deen all drëttem Jonke keng Aarbecht bitt, a mat Süditalien, wou d’Kafkraaft méi niddreg ass, wéi et a Polen an der Moyenne de Fall ass, hu souwuel Beweegunge géint déi etabléiert Parteie wéi och friemefeindlech Tendenzen e Nährbuedem fonnt. Betount riets Rhetorik ass scho méi laang Deel vum politeschen Discours: net nëmme mat toleréierte Rand-Beweegungen wéi der „Casa Pound“, déi a Studentekreeser en oppene Mussolini-Kult bedreiwen, mee och mat Ex-Ministere mat oppe faschistesche Positiounen. Dass dowéinst Parteie wéi d’LN sou vill Stëmme kréien, ass awer nei, an hir duerchgehend riets Rhetorik stellt sech an de Wee zu enger Partnerschaft mat M5S, déi méi duerchmëschte Meenunge vertrëtt.

Als drëttgréisst Wirtschaft vum Euro-Raum, an deem grad iwwert grouss Reformen diskutéiert gëtt, ass den Drock, fir eng stabil Regierung op d’Been ze stellen, enorm - mat Parteien, déi sech widderspriechen, wäert déi awer wuel nach op sech waarde loossen.

Quellen a Links:

1) tinyurl.com/a500w-italia1

2) tinyurl.com/a500w-italia2

3) tinyurl.com/a500w-italia3

4) tinyurl.com/a500w-italia4

5) tinyurl.com/a500w-italia5

6) tinyurl.com/a500w-italia6