LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: Wat bedeiten d’Protester zu Hong Kong?

E Gesetzesprojet huet d’lescht Woch all siwenten Awunner vun Hong Kong - schätzungsweis eng Millioun Leit - op d’Strooss gedriwwen an zu deels gewalttätege Protester gefouert.(1) Dat kléngt gelungen, gehéiert Hong Kong dach zu China, dat als autoritäre Staat net fir Masseprotester bekannt ass.

De klengen Zipfel, net mol hallef sou grouss wéi Lëtzebuerg an awer mat 12 mol souvill Awunner wéi de Grand-Duché (2), ass allerdéngs en extrae Fall. Bis 1997 huet en zu Groussbritannie gehéiert, dat sech dat klengt Stéck Land am 19. Joerhonnert no engem Krich mat China gekroopt hat. D’Stad ass séier gewuess, sou dass d’Britte sech weider Terrainen ëm Hong Kong zougeséchert hunn. Déi Kontrakter sinn 1997 ausgelaf, a China huet am Viraus Drock gemaach fir d’Land zréckzekréien.

„Ee Land, zwee Systemer“

Een Hoken dobäi war, dass Hong Kong liberal organiséiert ass, sou gëlt zum Beispill Meenungs- a Pressefräiheet. China mat sengem Een-Parteien-System gëtt dogéint autoritär gefouert, dofir ass ee sech eens ginn, dass de Prinzip „ee Land, zwee Systemer“ gëlle sollt: Hong Kong sollt seng Autonomie a säi liberale System behalen, dobäi awer Deel vu China ginn, dat seng Aussen- a  Verdeedegungspolitik iwwerhuele géif.

Dobäi war Hong Kong ni eng Demokratie, wéi ee se aus de westleche Länner kennt: Seng Awunner ware just „Untertanen“ vu Groussbritannien a keng britesch Bierger, a si goufe vun engem vu London ernannte Gouverneur regéiert. D’Halschent vun den Deputéierte gëtt direkt vun den Awunner gewielt, déi aner Halschent gëtt vu Representante vu Firmen, Aarbechtnehmer, Regiounen, Reliounen, also graff gesot vun der Gesellschaft an der lokaler Intelligentsia gewielt. Dës kleng Elite ënnerstëtzt an der Reegel dat, wat China gutt fir Hong Kong fënnt.

Dat ass awer net ëmmer dat, wat d’Awunner vun Hong Kong gutt fannen: 2014 ass een op d’Strooss gaangen, well China Drock gemaach huet, fir dass just nach vu China fir gutt befonnt Persoune sech fir d’Walen opstelle konnten. Domat war China net just der Iddi vun „engem Land, zwee Systemer“ ontrei, mee ville Leit ass och d’Amëschung u sech opgestouss. Vill hunn der gefaart, enges Dags ënnert engem autoritäre System ze liewen, an et ass och dat, wat d’lescht Woch op d’Strooss gedriwwen huet.

Effektiv wollt d’Regierung bis viru Kuerzem e Gesetz duerchbréngen, dat et erlaabt hätt, bei verschiddene Verbriechen den Täter u China auszeliwweren. Et gëtt gefaart, dass déi ausgeliwwert Persounen an engem chinesesche Prisong verschwanne kéinten, wou Folter keng Seelenheet ass (3), an dass d’Gesetzer sou ëminterpretéiert kéinte ginn, dass och China-Kritiker ausgeliwwert géife ginn. Op der anerer Säit wier duerch dat Gesetz verhënnert ginn, dass Täter Strofen entgoe kéinten, andeems se sech zu Hong Kong ophale géifen, wat rezent bei engem brutale Mord e Problem war (4).

An engem iwwergeuerdente Kontext sinn déi Entwécklungen och iwwert déi banne-chinesesch Grenzen eraus relevant: China - dat Land, dat knapps e Fënneftel vun der Weltbevëlkerung huet, déi no den USA gréisste Wirtschaftsleeschtung (5), säit 24 Joren um Stéck wuessend Militärausgaben (6) an eng riichteraus autoritär Ideologie huet - huet an de leschte Jore seng traditionell Zréckhalung an der Aussepolitik opginn, fir besonnesch „virun der eegener Hausdier“ méi selbstbewosst opzetrieden. Fir déi westlech Länner stellt sech d’Fro vum richtegen Ëmgang mam Riseräich a mat senge Noperen, déi deelweis Partnere sinn. Den Donald Trump huet zum Beispill zu deene massive Protester net vill méi gemengt, wéi dass en hoffe géif, dass et fir déi zwou Säiten „klappe géif“ (7).

 Quellen a Links:
(1) tinyurl.com/a500whongkong1
(2) tinyurl.com/a500whongkong2
(3) tinyurl.com/a500whongkong3
(4) tinyurl.com/a500whongkong4
(5) tinyurl.com/a500whongkong5
(6) tinyurl.com/a500whongkong6
(7) tinyurl.com/a500whongkong7