LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Réckbléck op d’Münchener Sécherheetskonferenz

Virun zwou Wochen war zu München déi jäerlech Sécherheetskonferenz. Do gëtt dann iwwer global sécherheetspolitesch Themen diskutéiert an et komme bis zu 450 Delegatiounen aus allen Ecke vun der Welt. Mee wat ass d’Münchener Sécherheetskonferenz genau a wat waren déi aktuell am wichtegst Themen? Dat gitt dir dës Woch am Artikel gewuer.

Am Joer 1963 hunn sech verschidde wichteg Politiker a Leit aus dem Militär zu München getraff, fir iwwert aktuell Thematiken ze diskutéieren, déi haaptsächlech d’Sécherheetspolitik betreffen. Ënnert dem Numm „Internationale Wehrkunde-Begegnung“ hu sech däitsch Participanten a Memberen aus der NATO getraff. Ee wichtege Charakter vun dëser Konferenz no dem Kale Krich war, datt de Grënner Ewald von Kleist och „net“-westlech Staaten invitéiert huet, fir dass een internationalen Dialog ee grousse Raum fir Gespréicher kréie konnt. Doduerch konnte Russland an och osteuropäesch Staaten deelhuelen an esou huet d’Münchener Sécherheetskonferenz sech zu engem wichtege Forum entwéckelt.

Haut ass d’Konferenz vill méi grouss ginn, wéi schonn erwähnt ware bis zu 450 Delegéierter aus der ganzer Welt zu München, dorënner sinn net nëmme Militärsleit oder Politiker, mee och Entrepreneuren, Mënscherechtler oder Ëmweltschützer. Duerch déi arabesch Revolutiounen an awer och wéinst dem iraneschen Atomprogramm sinn dëst Joer méi Vertrieder aus dem Noen Osten op der Konferenz gewiescht. Doduerch kann een Dialog an dësen zwee Sujeten erméiglecht an um Liewe gehale ginn.“[1]

Wat waren déi wichtegst Punkten?

Am nächsten Ofschnëtt gi kuerz déi wichtegst Punkte vun der Konferenz aus dësem Joer opgezielt. Den amerikanesche Verdeedegungsminister, den James Mattis, war och op der Münchener Konferenz. Mee hien huet keng ëffentlech Ried gehale souwéi och zu kenger internationaler Kris eng amerikanesch Positioun duergestallt. Do kann een nëmme soen, datt d’USA net méi als déi wichtegst Féierungsmuecht ze benennen ass.

Eng aner wichteg Persoun, de russeschen Ausseminister Sergej Lawrov, huet sech kritesch zu Europa geäussert. Hien ass der Meenung, datt Europa erëm zu der Nazivergaangenheet zeréckgeet. Iwwert den Traité vu Minsk, Waffestëllstand mat der Ukrain op der Krim, ass och kee weidere Succès ze mellen. Zudeem huet Russland erkläert, datt si hir Atomwaffe moderniséiere wëllen opgrond vun den USA.

Am Noen Oste ginn et grouss Konflikter, déi op der Konferenz tëscht Israel an dem Iran diskutéiert goufen. De Benjamin Netanyahu, den israelesche Premierminister, huet dem Iran virgeworf, datt den Iran a Syrien säin Territoire ausbaue wëll an domat Israel méi no kënnt. Dat wëll Israel onbedéngt verhënneren an dréit mat enger Interventioun. Den iraneschen Ausseminister Sarif huet sech déi Ried vum israelesche Premier net ugehéiert a wollt déi och net kommentéieren. Zudeem wëll och déi international Gemeinschaft dem Iran nei Sanktiounen opdroen, well si an der Regioun ronderëm vu Syrien an dem Libanon destabiliséieren.

D’Tierkei verdeedegt hire Krich géint PKK a Nordsyrien an den däitsche Journalist Deniz Yücel gouf aus onbekannte Grënn aus dem tierkesche Prisong fräigelooss.[2]

Den internationalen Dialog bleift wichteg, fir datt international Krisen weider diskutéiert kënnen ginn. Aus der aktueller Siicht ass et méi schwéier ginn, transnational Gespréicher ze féieren.

Quellen a Links:
(1) tinyurl.com/a500wierder-msc1
(2) tinyurl.com/a500wierder-msc2

Zur Rubrik A 500 Wierder: Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu