KÖLN
SAMUEL HAMEN

Fir eise Rendez-Vous hat ech dem Guy Helminger e puer neimoudesch Caféen am Belsche Quartier zu Köln proposéiert; Plazen also, wou een op ale Bomefotelle sëtzt, ee vun Hand gemuelene Kaffi drénkt an am Hannergrond iergendeng elektronesch Musek viru sech hindröhnt. Ma de Guy Helminger hat eng aner Propose, an um Nomëtte vu Silvester sëtze mir an der Kölsch-Kneipe „Klettenberger Hof“, fir ënnert anerem iwwert säi neie Recueil „Venezuela“ ze schwätzen, dee viru kuerzem beim Editiounshaus „capybarabooks“ erauskoum.

1994 hat den Helminger de biographesch gefierften, hedonisteschen Exzessroman „Die Ruhe der Schlammkröte“ virgeluecht. Am Buch geet et ëm eng Szenekneipe hei zu Köln, ëm Fraleit, nach méi ëm Musek a nach eng Kéier méi ëm Béier. En Auszuch als Astëmmung: „Wir zogen uns abends die Birne zu. (...) Die Zeit ging rum wie nix. Ein paar Schlägereien, einige Deppen und Sozialfälle, die ihr Leben zum besten gaben.“ Den Auteur vu dëse Sätz sëtzt elo, anno 2015, vis-à-vis vu mir an drénkt - kee Witz - dräi kleng Cola Light.

Wat ass do geschitt? Den däitschen Auteur Rainald Goetz huet dëslescht an enger Präisried doriwwer geschwat, wéi schwéier et wier, als Schrëftsteller al ze ginn. Gëlt dat och fir den 1963 gebuerenen Helminger? „Also ech lauschteren och haut nach Punk-Musek, ech hunn och haut nach mäi Stammcafé, do ass also nach vill hänke bliwwen. Ma ech géif haut anescht driwwer schreiwen. D’Reflexioun iwwert déi Settingen hëlt natierlech zou. A mam Alter kommen nei Sujeten dobäi. Ier ech Kanner hat, sinn a mengen Texter ni Kanner virkomm. Am Ament interesséieren ech mech och vill fir d’Europa-Problematik an hunn dozou een Essay geschriwwen. Dat hätt ech virun 20 Joer ni gemaach. Insgesamt sinn ech kee méi, deen optimistesch an d’Zukunft kuckt. Als Realist muss een einfach gesinn, wat alles falsch leeft, an dat als Auteur ze thematiséieren, dat fannen ech interessant.“

Domat si mir dann och scho bei zentrale Sujete vun „Venezuela“ - e Buch, dat dräi Theaterstécker versammelt, déi alleguerten pessimistesch Zeenarie skizzéieren. Den éischten Text, deen dem Recueil den Titel ginn huet, ass viru gutt 15 Joer entstan a gouf zu Wien, London a New York opgefouert. Am Zentrum steet eng Clique, an där d’Jugendlecher un eng kollektiv Lige gleewen an op déi Manéier eng lescht grouss Visioun vun enger anerer Welt entwerfen. Dozou den Helminger: „Dat Stéck ass fir mech an der Traditioun vun der ‚Schlammkröte‘. A béiden Texter gëtt et eng Zort vun Utopie, ee Glawen un eng besser Situatioun.“

Mat „Drüben“, dem rezenteste vun den dräi Stécker, kippt dës optimistesch Perspektiv dann nawell an d’Negativitéit. D’Personal gëtt vun Drogen-Junkies an Alkoholiker gestallt, déi vill vun hirem Café, dem „Drüben“, schwätzen a sech an engem Park prostituéieren, fir u Suen ze kommen. Ass et vläicht an dësen Zäiten méi authentesch, amplaz vun Utopien Dystopien ze schreiwen? „A menge Bicher geet et dacks ëm den Ëmgang mat Utopien, ëm eng gewëssen Zort vu Romantik. Bei ‚Drüben‘ gëtt et dat sécherlech och, ma et ass awer vill méi trostlos. De Glawen un dat ‚Drüben‘ ass net eeschtzehuelen, et ass éischter e Goen iwwert den Ofgrond. Bei der ‚Schlammkröte‘ war den Optimismus nach vill méi grouss, d’Loscht an de Witz. Mir haten deemools keng Verantwortung, et war méi wéi een Danz. An ‚Drüben‘ ass et vill méi tragesch, do denken se iwwert eng Zukunft no, déi et einfach net wäert ginn.“

Wéi eng Zort vu Mënschebild stécht hannert sou engem Schreiwen? A Bicher wéi „Etwas fehlt immer“ (2005) oder „Morgen war schon“ (2007) lafe jo och net onbedéngt humanistesch impeccabel Figure rondrëm. „Ech traue jiddwerengem alles zou. Wann déi falsch Situatioun kënnt, da mécht jiddwereen déi gréisste Sauerei. Am Ament schreiwen ech un engem Text, do geet et ëm Jugendlecher, dorënner een Hochbegabten. Hie stéisst zu Leit, déi am Drogen-Milieu ënnerwee sinn an immens gewaltbereet sinn. Um Enn wäert och den IS eng Roll spillen. Et geet mir natierlech och ëm d’Aktualitéit, ma méi nach ëm een uraalt Thema vu mir, ëm déi Aggressivitéit an de Leit, déi latent Brutalitéit an déi Gewaltspiral.“

2004 huet de Guy Helminger den 3sat-Präis beim Bachmann-Präis zu Klagenfurt gewonnen, seng Erzielunge waren Abitur-Lecture a Niedersachsen an zu Köln organiséiert hien de bekannten „Literarische Salon“. Wéi vill Plaz huet Lëtzebuerg a sou enger Biographie? „Et ass nach ëmmer problematesch, datt bal keen am Ausland lëtzebuergesch Auteure kennt, an ech fannen et wichteg, dorop hinzeweisen. Ech hunn och laang gebraucht, fir dee Lien mat Lëtzebuerg rëm méi staark ze maachen. Déi éischt Bicher hu jo mat Lëtzebuerg net vill ze dinn. Lo taucht dat ëmmer méi op, ech si jo do och opgewuess a gouf do sozialiséiert. Wat ech wierklech gäre géif maachen, wier ee Roman iwwer Lëtzebuerg ze schreiwen, an deem ech vu 1900 bis haut erzielen. Eng Zort vun ‚Die Buddenbrooks‘ fir Lëtzebuerg.“