CHRISTINE MANDY

Iwwer d’Angscht ëm meng Kuuscht

Ech probéiere jo dacks, meng philosophesch Gedanke matzedeelen. Mä haut, haut schreiwen ech mol iwwer eppes anescht. An zwar schreiwen ech iwwer déi blöd Méck, déi mech schonn de ganzen Dag gepéngescht huet. Schonn de Moie fréi huet se mech aus dem Schlof gerappt, sech onbaarmhäerzeg op mech drop gesat a mir an d’Ouer gebrummt. Ech hunn dat nawell zimlech onverschimmt vun hir fonnt an hätt näischt dogéint gehat, wa se erëm dohin zréck geflu wier, vu wou se komm ass, nämlech do, wou de Peffer wiisst. Esou lues verstinn ech jo, firwat e Mënsch dat besonnesch auszeechent, wann e mol net enger Méck eppes géing zuleeds doen. Ech fir mäin Deel hätt näischt dogéint, wann dat opdrénglecht Insekt de Geescht géing opginn. Futschi Kaputschi. Et ass net evident, dat Gedéiesch ze geroden, mä op eemol - pätsch - hunn ech et awer mat der Schlapp erwëscht an et bleift just e schwaarze Fleck op der Mauer. E bëssen e schlecht Gewëssen hunn ech jo schonn, wéi ech d’Iwwerreschter d’Toilette erof spullen. Mä wann ech esou driwwer nodenken, dann huet se dat Lous scho verdéngt.

Näischt ze räissen an ze bäissen

Déi Méck do hat sech nämlech einfach esou klammheemlech a mäin Zëmmer geschlach, huet net geklappt an net geschellt, mä war einfach op eemol do. Esou wéi vill Mënschen och einfach esou op eemol do sinn. Déi Mënschen, déi e Spléck an all Mauer fannen, eng verstoppten Hannerdier, eng Lück am Gesetz a sech an e gemaachtent Bett leeën. Onrechtméisseg an onverdéngt, ouni sech musse midd ze maachen. Ze behaapten, déi Attitude wier mir net sympathesch, ass d‘Ënnerdreiwung vum Joerhonnert. Mä dat maache si nun eemol esou, well si et jo kënnen. Si hunn och nach meeschtens Erfolleg domat a kommen zu Hirem. Dobäi sinn se och nach flénk a wann d’Lompen ufänken ze sténken, maache se sech séier erëm duerch d’Bascht. Et sief, si fannen d’Lach net méi fir eraus. Dat ass dann domm gelaf.

Mä och wann ee se erwëscht, déi Méck, notzt dat am Prinzip guer näischt. Oft kritt se just eng gewéitscht a flattert monter weider. Net op de Buedem, mä wéi de Fändel am Wand. Et ginn der vill vun hirer Zort an hannert der Fënster luusst schonn déi nächst eran. Si huet hier dausend Aen iwwerall, hire Prada-Chitinkostüm liicht gëllen an der Sonn a si kennt vill aner Mécken, déi hir de Wee fräi gemaach hunn. Si huet keng Zänn, well si alles virgeknat kritt. Mä dass hir alles an de Schouss fält, dorun hunn ech haart ze knaen. Well ech hunn Zänn a muss se och asetzen. Jo, d’Welt ass ongerecht!

Friem Kulturen

Wéi gutt, dass et aneren nach méi schlecht geet, ewéi mir! Et gi jo och Mécken, déi komme vu wäit hier, gesi schonn uerg matgeholl aus an hoffen, bei mir ënner ze kommen. Hei, d’Lescht war ech nees an dem Fall. Ëmmer an ëmmer erëm ass d’Méck bei d’Fënster geflunn an huet eraus gestuerkt, wéi wa si agesinn hätt, dass si net géing heihinner gehéieren. Et ass mir guer net gaangen, wéi se sech op mäin Iesse gesat huet. Meng Kuuscht, déi ech schwéier verdéngt hunn. Net, dass dat Brout net gutt duer gaange wier fir eis zwee, nee dorëms geet et net, et geet ëm de Prinzip. Wie weess, herno hänkt se sech och nach u mäi Been a geet mat bei meng Bäckerei an éier ech mech ëmsinn hunn, huet se net nëmme meng Kuuscht, mä och nach meng Aarbecht. A wat geschitt, wann et bis esou wäit kënnt! Da kréien ech wahrscheinlech mol guer net méi dat Brout do ze kafen, dat ech ëmmer gebak hunn, mä ganz anert Brout. An dat ass eng Vermëschung vun de Kulturen, déi ech net fir gesond halen. Nee, dat muss ech op alle Fall verhënneren! Mat engem Méckeschutz. Lo sinn d’Luken dicht.

Gläichgesënnt

Iergendwéi hunn ech mir jo op eemol missen agestoen, dass den Szenario vläicht e bëssen iwwerdriwwen ass an dass ech Onrecht hunn. Et kann een déi Mécken do net mat deenen an en Dëppe geheien, déi mat hirem gëllene Chitinkostüm de schéine Männche maachen a just aus allem a jidderengem Kapital schloe wëllen. A souguer déi muss ee léieren, esou ze huelen, wéi se sinn.

Et brummt schonn nees. Schonn erëm eng Méck a mengem Zëmmer! Krenonzéng am Schaf! Si ass zimlech haartnäckeg, déi do, wat vläicht guer net esou schlecht ass, well no enger Zäitchen hunn ech realiséiert, dass mir dach ganz gutt kënne matenee liewen. Well eigentlech hu mir dach méi gemeinsam, wéi ech ugeholl hunn, déi Méck an ech. Si ass genee esou vill Mënsch, wéi ech och. An och wa se meng Bäckerei enges Daags géing iwwerhuelen. Ech si mir sécher, dass se am Endeffekt awer dat selwecht Brout géing baken, wéi ech och.