LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Ee Gespréichsportrait vum Auteur Gast Groeber

Fënnef Bicher, dräi Literaturpräisser. Op 1,6 Bicher ee Präis - dat ass nawell net schlecht als Duerchschnëtt. Dem Gast Groeber seng Quot ka sech weise loossen. Just d’Nora Wagener ass am direkte Verglach nach méi effizient ënnerwee, d’Autrice huet bei fënnef Bicher véier Literaturpräisser opzeweisen. Als Verglach: De Roger Manderscheid huet bei 32 Publikatiounen nëmme sechs Literaturpräisser zesummekritt, de Jean Portante bei 33 Bicher duebel sou vill Präisser. Dat ass natierlech onnëtzt Gerechens, ma wa mir et fir een Ament Eescht huelen, da kann ech elo hei schreiwen: Grad lafen ech mat engem vun den erfollegräichsten Auteure vu Lëtzebuerg duerch de Bulli.

Ech hat de Gast Groeber gefrot, eng Plaz fir eist Gespréich erauszesichen - an hie gebieden, eppes anescht wéi de bal schonns obligatoresche Bistro ze proposéieren. Also trëppele mir duerch de Bësch, iergendwou bei Miersch, et ass Enn Januar, sonndes a schlecht Wieder. Wéi erkläert sech de Gast Groeber, deen eréischt zënter 2010 seng Literatur publizéiert, da säin Erfolleg? „Ass et wierklech Succès?“ Eng skeptesch Paus. „Vläicht ass et Zoufall? Vläicht hunn ech einfach eng Nisch fonnt? Ech selwer hat Honger, ze schreiwen. An ech wollt a wëll Saachen anescht schreiwen, fir datt se fir mech a fir de Public nei kléngen. Vläicht läit et och dorunner, datt meng Sujete contemporain sinn, Saachen, déi d’Leit hei zu Lëtzebuerg gesinn, kennen, erliewen.“

Op dës Manéier léisst sech och ganz gutt dem Groeber säin neisten Erzielband, „Eng Stad ënnert dem Himmel“, beschreiwen, dee viru kuerzem beim Éditeur „Op der Lay“ erauskomm ass. Op 130 Säite versammelt den Auteur dräizéng Erzielungen, déi duerch ee gemeinsaamt Personal ënnertenee verbonne sinn. An „Brudder, oh Bridderchen“ rekapituléiert beispillsweis d’Schwëster während dem Begriefnis déi lescht Méint vun der Famill, zënter de Brudder bei engem Autos-accident ëm d’Liewe koum. An „Fräi Meenung“ gëtt de Lieser da mat engem Tipp konfrontéiert, dee seng gehässeg Kommentaren - ënnert anerem zu deem Accident - um Internet verbreet. De Papp vum verstuerwene Bouf besicht hien enges Owes, fir hien zur Ried ze stellen. Dës Interconnectiounen zéien sech duerch all Geschichten: de Paschtouer vum Begriefnis, de Flic, deen der Famill huet misse Bescheed soen - si alleguerte kréien eng separat Kuerzgeschicht, an där verzielt gëtt, mat wiem oder wat si grad struewelen.

Hat de Gast Groeber schonns méi laang de Projet, fir esou ee Spaweck-Erzielband ze schreiwen? Oder huet et sech während dem Schreiwen erginn? „Sou eng Iddi hat ech effektiv scho méi laang. 2014 huet mech ee Lieser op de Walfer Bicherdeeg ugeschwat a gesot, am Erzielband „All Dag verstoppt een aneren“ wieren d’Geschichten ënnerteneen jo verbonnen. An dat hätt hien un den episodesche Film „Short Cuts“ vum Robert Altman erënnert. Ech hunn him leider misse soen, datt dat deemools net mäin Uleies war. Mee zënterhier hat ech d’Zil, esou eppes ze schreiwen. Ech bréngen et ëmmer schlecht fäerdeg, just un enger Saach ze schaffen. Ech loossen den eenzelen Text meeschtens leien, schaffen un eppes anescht, ma iergendwann zéien ech et nees aus dem Tirang. Sou huet sech dat erginn.“

Dann eng Fro, bei där ech ni weess, ob se immens intelligent oder immens onnéideg ass: Wéi schwéier

ass et, als männlechen Auteur aus der Perspektiv vun enger weiblecher Figur eraus ze schreiwen? Mat sengem leschte Roman, „Weekend mat Bléck op Fräiheet“, huet den Auteur jo exklusiv d’Siichtweis vun enger Fra iwwerholl. „Dat fannen ech net sou schwiereg. Beim Leksa, also am leschte Roman, ass mir dat relativ einfach gefall. Et hänkt vill méi vum Charakter of, vum Personnage, ob deen elo naiv ass, kanneresch oder verbattert. Soubal een am Personnage dran ass, geet et, da kann een aus där senger Weltsiicht eraus schreiwen.“

Iergendwann fält mir beim beschte Wëlle keng Fro an, fir den Auteur nieft mir aus senger guttmiddeger Reserv ze lackelen. Seng Aart a Weis, Äntwerten ze ginn, korrespondéiert op eng gewësse Manéier mam Stil a senge Bicher: Et sinn dezent Bemierkungen, ni verbattert, iwwerdriwwen oder ze gewot. Dann awer ee leschte Versuch vu menger Säit aus: Hätt hie bei senger fréierer Schaff als Schoulmeeschter keng Loscht, pädagogesche Cabaret ze maachen? Spéitstens mam Roland Meyer sengem „Zikelalarm“ huet sech dee Genre jo hei am Land etabléiert. „Nee, ech hunn net onbedéngt de Besoin, an déi Richtung ze goen. Ech bewonneren dem Roland Meyer säin Toun, ma ech kéint dat net. Fir déi Leit, déi dat wëllen héieren a liesen, mécht hien dat immens gutt. Ech weess och net, ob ee sech als Auteur un alles eruwoe muss. Muss ech ee Kannerbuch schreiwen? Een Theaterstéck? Och nach Cabaret? Villes dovunner läit mir net.“

Um Enn vum Trëppeltour komme mir nach op d’Sproochepetitioun an d’Haasskommentarer bei „Facebook“ ze schwätzen. Gesäit de Gast Groeber sech als een Intellektuellen? Als een, dee sech mat senger Schaff an d‘Ëffentlechkeet stelle wëll? Ee Serge Tonnar ouni Gitarr? „Ech fannen, datt Auteuren zu Lëtzebuerg méi an Debaten involvéiert sollte ginn. Wann heiansdo Sportler dohigesat ginn, fir als Expert matzeschwätzen, da kéinte roueg méi dacks Auteure geruff ginn. Ob ech elo de richtegen dofir sinn, dat weess ech net. Ech fille mech selwer dann nach ze vill wéi ee Greenhorn, fir do matzemëschen.“

Den neien Erzielband versammelt dräizéng Erzielungen op Lëtzebuergesch - Lëtzebuerger Journal
Den neien Erzielband versammelt dräizéng Erzielungen op Lëtzebuergesch