LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder iwwer de Bergkarabach-Konflikt

Säit Woche falen nees Bommen op Stepanakert, d’Haaptstad vun der Regioun Bergkarabach. Vill Mënsche si scho säit dem Konflikt ëm d’Liewe komm, well Armenien an Aserbaidschan déi ëmstridde Regioun Bergkarabach fir sech beusprochen.

Wat ass d’Regioun Bergkarabach?

D’Tensiounen tëscht Armenien an Aserbaidschan leie scho bal 30 Joer zeréck. Déi zwee Kaukasus-Staate waren een Deel vun der Sowjetunioun a goufen als „Uniounsrepubliken“ bezeechent, well hinnen eng kleng politesch Autonomie zougesprach gouf. D’Regioun Bergkarabach ass am Aserbaidschan a bedeit „schwaarze Gaart“. An der Kaukasus-Regioun liewen haaptsächlech Armenier, dowéinst huet 1988 dat regionaalt Parlament Bergkarabach beschloss, sech Armenien unzeschléissen. Dat huet Aserbaidschan net akzeptéiert, an et ass a béid Länner zu massiven Demonstratioune komm, och zu enorme Gewaltdoten, bei deene méi wei 500 Armenier am klenge Kaukasus-Gebitt ëm d’Liewe komm sinn.

D’Sowjetunioun zerbrécht

1991 ass d’Sowjetunioun zesummegefall. Am onofhängegen Aserbaidschan ass et zu Onrouen  ëm d’Regioun vu Bergkarabach komm. Well et keng Sowjetunioun méi gëtt, feelt et op béide Säiten u politescher an ekonomescher Stabilitéit. Dowéinst hu sech nach weider Parteien an der Regioun staark gemaach. Aserbaidschan gëtt vun der Tierkei an Armenien vu Russland ënnerstëtzt. Well sech déi zwee Länner géigesäiteg provozéieren, kënnt  et dann 1992 zum Krich. No zwee Joer laangen a brutale Kämpf ass Bergkarabach ënner d’Kontroll vun Armenien komm. D’Leit  goufe verdriwwen an déi ganz Géigend ass zerstéiert ginn. D’Minsker-Grupp (Russland, Frankräich an d’USA) vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) versiche säit 1994 eng Léisung ze fannen. Déi gréisste Konfliktpotenzialer sinn: de politesche Status vu Bergkarabach, ee Retour vun de Flüchtlingen an eng generell Sécherheetsgarantie fir déi zwou Säiten. Leider ass et awer an de leschte Joren ëmmer erëm nees zu klenge militäreschen Ausernanersetzunge komm, trotz enger Wafferou.

D’Situatioun haut

Fir eng laang Zäit war de Konflikt wéi entschlof. Déi relativ Wafferou ass zum gréissten Deel agehale ginn. Mee säit e puer Wochen huet sech d’Lag verschäerft. De geneeë Grond ass net bekannt, déi zwou Parteie gi sech géigesäiteg d’Schold, géint d’Wafferou verstouss ze hunn. Armenien behaapt zum Beispill, datt déi aserbaidschanesch Arméi eng Kéier Sonndesmoies ugefaangen huet, Bergkarabach ze bombardéieren. Aserbaidschan an d’Tierkei schwätze vun enger Aggressioun, déi vun Armenien ausgaange soll sinn. Op jiddefalls ass de Fridden offiziell eriwwer.

Aserbaidschan huet scho gemellt, datt hir Arméi scho siwen Dierfer ageholl sollt hunn. Donieft hu Russland an d’EU een direkte Stopp vun de militäresche Feind-séilegkeete gefuerdert. De leschte Weekend ass och eng nei Wafferou mat aller Méi zu Moskau ausgehandelt ginn. Leider mellen Armenien an Aserbaidschan op béide Säiten ee Brieche vun der neier ausgehandelter Wafferou. Frankräich, Russland, d’USA an Däitschland appelléieren un déi zwou Konfliktparteien, d’Wafferou anzehalen an d’Zivilbevëlkerung onbedéngt ze schützen. Zudeem mécht Frankräich der Tierkei de Virworf, datt déi tierkesch Regierung islamistesch Söldner aus Syrien engagéiert hätt, fir de Konflikt unzestachelen. D’Tierkei an den Aserbaidschan dementéieren eng direkt Interventioun vum tierkesche Staatschef Recep Tayyip Erdoğan.

Allgemeng sinn d’Experte skeptesch, datt et zu engem dauerhafte Waffestëllstand kënnt. Dofir muss et Prioritéit hunn, ee Friddensofkommes tëschent deenen zwou Krichsparteien ze schléissen.