LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: Wat huet et mat der Rifkin-Etüd op sech?

Verschiddener luewe se als grouss Visioun fir Lëtzebuerg, anerer gesinn héchstens en Denkustouss dran: Ëmmer nees gëtt zu Lëtzebuerg iwwert d’Rifkin-Etüd diskutéiert. Wat huet et genee mat där Etüd op sech?

Benannt ass d’Etüd nom Jeremy Rifkin, engem amerikaneschen Ekonomist, dee säit Joren d’Iddi vun der „Drëtter Industrieller Revolutioun“ vertrëtt. An der éischter an zweeter industrieller Revolutioun hätten d’Dampmaschinn, an duerno d’Motoren an d’Stroumnetzer all Kéier net nëmmen d’Energieproduktioun revolutio-néiert, mee och den Transport (Zich, dunn Autoen) an d’Kommunikatioun (méi bëlleg Imprimerie, dunn Telefonen). Haut géife mer eng drëtt Revolutioun erliewen: an der Energie do-

duerch, dass sech zum Beispill de Stroum-präiss aus Solarplacken an de leschte 40 Joer

duerch bal 140 gedeelt hätt. Gläichzäiteg géif d’Kommunikatioun duerch den Internet a Satellitte geschéien, an d’Mobilitéit duerch elektresch an autonom Gefierer verännert ginn. Vu sou enger „drëtter industrieller Revolutioun“ gëtt scho méi laang geschwat, zum Beispill wor se 2007 am Titel vun deem Text, deen éiergäizeg Klimaziler fir eng hallef Milliard EU-Bierger virbereet huet.

Technologesch Entwécklungen, Wuesstum vu Wirtschaft a Bevëlkerung

A wat huet dat mat Lëtzebuerg ze dinn? Effektiv erliewe vill Technologië staark Verännerungen, a gläichzäiteg wuessen d’Wirtschaft an d’Populatioun vum Land immens séier. Woren et 2010 nach 500.000 Awunner, ginn der haut knapps 600.000 gezielt (1). Fir Lëtzebuerg dorop virzebereeden, an där staarker Entwécklung eng duerchduechte Richtung ze ginn, huet de Wirtschaftsministère vum Rifkin eng „strategesch Etüd“ ausschaffe gelooss déi sech un der drëtter industrieller Revolutioun orientéiert an Enn 2016 virgestallt gouf (2). Si soll opweisen, wéi d’Land sech net nëmmen bei Energie, Kommunikatioun an Transport, mee ënner anerem och an der Landwirtschaft, der Konstruktioun an de Finanzen nohalteg entwéckele kann. D’Etüd ass als ganzheetlech Strategie geduecht, soll also och sozial Froen an d‘Ëmwelt net vergiessen. Aus deem Grond goufen déi 474 Säiten dann och an Zesummenaarbecht mat iwwert 300 Acteuren aus Wirtschaft, Staat a Veräiner ausgeschafft.

Konkret heescht dat zum Beispill, dass Firmen aus dem Beräich vun der drëtter industrieller Revolutioun ugelackelt solle ginn. An deem Kader gëtt oft déi russesch Firma „Ujet“ genannt, déi dëst Joer zu Féitz mat der Hierstellung vun Elektro-Scooteren ufänkt, wat zur „Mobili-téits-Revolutioun“ passt (3). Och den Ausbau vun erneierbaren Energien soll méi staark ënnerstëtzt ginn. Do ginn d’Diskussiounen awer lass. An der Etüd gëtt iwwert Solarplacken op Agrarflächen nogeduecht (S. 171), wougéint d‘Ëmweltorganisatioun „Mouvement écologique“ sech wiert: Ier a Landschaften agegraff gëtt, sollten d’Diecher benotzt ginn (4). Déi selwecht Organisatioun, awer och déi gréng hu rezent hannerfrot, wou d’Plus-Value vu geplangten Jughurts- a Steewollfabricke leie géif, et kéint een net alles guttheeschen, just well et an d’Rifkin-Etüd passt. Och d’CSV stellt ëmmer nees d’Fro (5), ob Wuesstem ëm all Präis gutt wier, a kritiséiert verschidden Ziler vun der Rifkin-Etüd. Am Kär geet et hei ëm d’Fro vum „qualitative Wuesstem“, also ëm d’Fro, wéi een - a wéi vill - Wuesstem gëeegent ass fir Lëtzebuerg (6).

D’Etüd dréint sech zwar ëm e méiglechst nohaltege Modell fir Lëtzebuerg, schléisst awer héije Wuesstem net aus: Op ville Plaze rechent se ëm 2050 mat iwwert enger Millioun Awunner (z.B. S. 75), also bal duebel sou vill wéi haut. Am Ablack ass eise Sozialsystem nämlech sou ausgeluecht, dass e Wirtschafts-Wuesstem vun 3,5-4 % vum BIP pro Joer zum Beispill fir gesond Pensiounskeese suerge soll, wat awer och Problemer wéi héich Wunnengspräisser a Stau mat sech bréngt. Wéi ee Wuesstem Lëtze-buerg wëll an ob d’Rifkin-Etüd déi Fro richteg beäntwert, schéngt also ëmmer méi zu engem zentralen Thema am Walkampf ze ginn.

Quellen a Links:

1)            tinyurl.com/a500w-rifkin1
2)            tinyurl.com/a500w-rifkin2
3)            tinyurl.com/a500w-rifkin3
4)            tinyurl.com/a500w-rifkin4
5)            tinyurl.com/a500w-rifkin5
6)            tinyurl.com/a500w-rifkin6

Zur Rubrik

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

 

Weider Informatiounen um Site a500wierder.lu an association-narin.com