LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

Virun engem Mount huet sech an der Golfregioun eng politesch Kris etabléiert. Saudi-Arabien, Bahrain, Ägypten an d’Vereenegt Arabesch Emiraten hunn hir diplomatesch Bezéiungen zu dem Golfstaat Katar agestallt. Firwat hu si dat gemaach? A wéi geet déi Situatioun weider? Dat erkläre mir dës Kéier an eisem Artikel.

Katar gëtt vun de Golfstaaten Saudi-Arabien, Bahrain, Ägypten an d’Vereenegt Arabesch Emirate beschëllegt, Terrororganisatiounen z‘ënnerstëtzen [1]. Scho virun dräi Joer gouf et vun dëse Golfstaaten, mat Ausnam vun Ägypten, eng diplomatesch Kris, well Katar déi ägyptesch Muslimbridderschaft ënnerstëtzt huet. Déi aner Golfstaaten hunn déi islamistesch Organisatioun als eng terroristesch Grupp agestuuft. Elo hunn déi Staaten d’Grenzen zum Katar zougemaach an och de Loftraum dierfen déi kataresch Fligergesellschaften net méi benotzen. Saudi-Arabien seet, datt de Katar probéiert , Saudi-Arabien ze deelen, andeems si den Islamesche Staat (IS) [2], d’Muslimbridderschaft a Gruppen, déi dem Iran no stinn, ënnerstëtzen.

Fir d’USA sinn d’Golfstaaten wichteg Partner géint de sougenannten IS, well si do hir Loftwaffebasis opgeriicht hunn.

Ënnerschiddlech Stréimungen am Islam

Iran a Saudi-Arabien sinn ënner anerem Äerzfeinden, well si ënnerschiddlech islamesch Konfessiounen hunn, Saudi-Araber si Sunniten an d’Iraner Schiiten [3].Kuerz gesot streiden déi zwou Konfessiounen iwwert déi rechtméisseg Nofolleg vum Prophet Mohammed. Saudi-Arabien diskriminéiert Schiiten a schützt si net viru Gewalt. Den Iran ënnerstëtzt schiitesch Organisatioune wéi zum Beispill d’Hisbollah am Libanon oder déi syresch Regierung vum Bashar al-Assad. An dësem Kontext ass och den Irak e wichtegt Land, well do grouss Populatioune vu béide Konfessiounen liewen. Duerch den Doud vum Saddam Hussein 2003 huet sech d’Gläichgewiicht vun de Konfessiounen am Irak massiv verännert. Den Islamesche Staat, deen eng sunnitesch Opfaassung vum Islam huet, ass ënner anerem entstanen aus dëser Situatioun eraus, wou Sunnite sech am Irak massiv benodeelegt gefillt hunn.

Zeréck zur momentaner Situatioun: de Katar krut zéng Deeg Zäit, déi 13 Fuerderunge [4] vun den anere Golfstaaten ëmzesetzen. Si fuerderen zum Beispill d’Ofschaltung vum Sender Al-Jazeera, d’Limitatioun vun de politesche Bezéiunge mam Iran, d’Opléisen vun der tierkescher Militärbasis an d’Ausliwwere vu Terroristen. Zudeem wëlle si haaptsächlech, dat sech de Katar militäresch, wirtschaftlech, sozial a politesch u si upasst. D’Ultimatum [5] ass zanter Méindeg ofgelaf, mee et gouf ëm 48 Stonne verlängert. D’Golfstaaten hu Medieberichter no schonn iwwer verschidde Moossname beroden - ënner anerem kéint de Katar aus dem Golfkooperatiounsrot (GCC) ausgeschloss ginn [6]. Deen huet awer ugekënnegt, dass een d’Fuerderungen net akzeptéiere wäert an datt een als Staat mat Sanktioune liewe kéint, well een net eleng do stéing. Den Iran an d’Tierkei ënnerstëtzen de Katar nämlech militäresch an och mat Liewensmëttelen, während d’Tierkei politesch a wirtschaftlech Relatiounen zum Katar huet an och d’Muslimbridderschaft ënnerstëtzt.

Zudeem huet d’USA nach keng konkret Positioun bekannt, well si mat béide Staate Relatiounen hunn. Si verkafen zum Beispill un allen zwee Länner Waffen an hunn am Katar hir gréisste Militärbasis am Mëttleren Osten. Och den UN-Sécherheetsrot huet bis elo keen Interessi gewisen, sech an der Kris anzemëschen [7]. Op dem Katar seng Ufro, datt den UN-Sécherheetsrot sollt Drock op d’Golfstaaten opbauen, koum d‘Äntwert, dass de Katar probéiere sollt, de Konflikt selwer ze léisen.

Et bleift ofzewaarden, ob béid Säiten sech an noer Zukunft erëm kënnen unnäheren oder d’Rhetorik an d’Aktiounen nach méi streng an aggressiv ginn.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen um neie Site:
http://a500wierder.lu