LËTZEBUERG
MICHEL SCHOLER

A 500 Wierder: Wat sinn d’israelesch Siidlungen?

Eng Zwou-Staaten-Léisung ass keng Conditioun fir Fridden am noen Osten an Israelien a Palästinenser sollten ënnereneen eng Léisung fannen. Mat dësen iwwerraschenden Äußerungen huet déi nei US-Regierung par rapport zu viregen US-Regierungen eng nei Richtung ageschloen. An dësem Kontext ass och wichteg, wéi et mat de sougenannten israeleschen Siidlungen virugeet. Nach Mëtt Januar hat déi israelesch Regierung decidéiert, 2.500 weider Wunnengen ze genehmegen. Dëst war déi zweet Decisioun vun där Aart, säit den Donald Trump als amerikanesche President ageschwuer gouf. (1) Mee wat sinn déi Siidlungen? A wat genau hu se mam Israeli-palestinenseschem Konflikt ze dinn? A wat ass d’Verbindung mam Trump sengem Ufank als US-President?

Fir ze verstoen, wat déi Siidlungen genau sinn a firwat se esou kontrovers sinn, muss een d’Geschicht vum Israeli-palestinensesche Konflikt kennen. Scho virum Zweete Weltkrich, wéi England d’Gebitt vum haitegen Israel a Palestina kontrolléiert huet, hunn d’Judden an d’Araber sech bekämpft. Béid gesinn d’Land a virun allem Jerusalem als helleg un.

Während dem Zweete Weltkrich si vill Judden, déi virum Holocaust fortgelaf sinn a vun anere Länner keng Protectioun ugebueden kruten, a Palästina geflücht. Nom Zweete Weltkrich huet eng Kommissioun vun de Vereenten Natiounen dunn decidéiert, datt d’Gebitt sollt an en israelesche Staat fir d’Judden an e palestinenseschen Staat fir d’Araber gedeelt ginn. D’Stad Jerusalem sollt kengem Land gehéieren. Dëst ass nach ëmmer d’Grondiddi vun enger „Zwee-Staaten-Léisung“ vum Konflikt. Déi israelesch Communautéit huet dëse Plang akzeptéiert.

Doropshin huet den David Ben-Gourion den 14. Mee 1948 d’Grënnung vum Staat Israel bekannt ginn. Dëst huet dozou gefouert, dass Jordanien, Libanon, Syrien, Ägypten an den Irak dat nei-gegrënnten Israel ugegraff hunn. (2) Israel huet dëse Krich awer gewonnen an huet Territoiren besat, déi nom UN-Plang, fir de palestinensesche Staat virgesi waren. Dës néi Grenz um Enn vun 1948 gëtt als „Gréng Linn“ bezeechent. 1967 huet Israel dunn seng Nopeschlänner opgrond vu bedreelechen Aktiounen, wéi zum Beispill dem Zesummenzéie vun ägyptesche Truppen un der Grenz mat Israel, ugegraff. (3) Israel huet an dësem Krich nach méi Territoiren erobert, déi bis dohin ënner ägyptescher an jordanescher Kontroll waren: de Gaza-Sträifen, d’Westjordanland a Jerusalem.

Siidlungen an eroberten Territoiren

An et ass hei, wou d’Siidlungen an d’Spill kommen. Säit dem Krich vun 1967 hu verschidden israelesch Regierungen an dësen nei eroberten Territoiren Wunnenge gebaut fir israelesch Bierger. Dës Wunnenge leien ausserhalb vun der sougenannter „Grénger Linn“ vun 1948. (4) Dowéinst gi si och vun de Vereenten Natiounen als illegal ugesinn. Mëtt 2012 gouf et 250 esou Siidlungen, an deenen iwwert 600.000 Leit gewunnt hunn. (5)

D’Relatiounen tëschent Israel an Amerika ware schonn ëmmer e wichtege Faktor an dësem Konflikt, woubäi Amerika awer oft eng zweedeiteg Roll hat. Engersäits sinn d’Amerikaner déi gréissten Ënnerstëtzer vun Israel mat dräi Milliarden Dollar pro Joer säit 1985. (6) Anerersäits hunn déi meescht Presidenten de Bau vun israelesche Siidlungen op palestinenseschem Territoire kritiséiert a versicht, en dauerhafte Fridden auszehandelen. A sengem leschte Mount als President huet den Obama awer decidéiert, fir eng Resolutioun vun de Vereenten Natiounen net ze stoppen. (7) Dës Resolutioun veruerteelt den israeleschen Siidlungsbau als illegal.

Säit dem Trump senger Victoire an de Walen huet Israel awer nei Siidlungen genehmegt. Den Trump a säin Team hunn nämlech eng méi pro-israelesch Politik ugekënnegt nom Obama senger UN-Aktioun. Sou sinn zum Beispill dräi israelesch Vertrieder, déi de Siidlungsbau verdeedegen als Éieregäscht zum Trump senger Inauguratioun ageluede ginn - eppes wat kee President virdru gemaach huet. (8)

Mat den neisten Aussoen, datt eng „Zwou-Staaten-Léisung“ net déi eenzeg méiglech Léisung wier, huet den neie President eng kloer aner Politik ugekënnegt wéi säi Virgänger. Et bleift also ofzewaarden, wat bei der Visite vum israelesche Premierminister zu Washington erauskënnt.

Zur Rubrik

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. 
http://www.association-narin.com