LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Ëm wat geet et beim Referendum an der Tierkei?

Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Walkampf fir de Referendum bedreiwe wollten. Mee firwat ass dem Recep Tayyip Erdogan dee Referendum esou wichteg? Wéi hu verschidden EU-Staate reagéiert, wou ee Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wollt?

Iwwert de Referendum an der Tierkei (1) soll de 16. Abrëll ofgestëmmt ginn. D’Ännerunge gesi vir, datt de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi e Gesetz a Kraaft trieden. De President an d’Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d’Legislaturperiod soll fënnef Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mee bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier opstellen. Neiwale kënne vum President oder och vum Parlament ervirgoen, dowéinst gëtt awer eng 3/5-Majoritéit gebraucht an de President an d’Parlament ginn nei gewielt. Zudeem kritt den tierkesche President méi eng grouss Influenz op d’Justiz.

Absolut Majoritéit fir de Referendum gebraucht

Fir datt de Referendum positiv ausfält, brauch den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan eng absolut Majoritéit. Mee well an der Tierkei dem Erdogan seng Partei AKP bei Walen ëmmer ënner 50 Prozent louch, brauch den Erdogan Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen. Déi meescht liewen an Däitschland, an der Belsch, Éisträich, Holland a Frankräich. (2) Do hunn d’Tierken d’AKP an der Moyenne mat 55,8% gewielt, wat dem President an der Tierkei vill gehollef huet. Well d’Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen, esou wichteg sinn, probéiert déi tierkesch Regierung alles, fir hir Stëmmen ze kréien. Dowéinst gi verschidden Experten dovunner aus, datt ee Verbuet fir déi tierkesch Regierungsmembere fir verschidde Walkampfoptrëtter méi Stëmmen an Opmierksamkeet op sech zéie géifen, wéi den Optrëtt selwer. Mee net all Tierken, déi am Ausland liewen, sinn op dem Erdogan senger Säit, well meeschtens mol net d’Halschent vun den Tierke bei der Wal matmaachen.

Wéi ginn dann elo déi eenzel Länner domadder ëm? (3) Oder gëtt et eng gemeinschaftlech Léisung an der EU? Éisträich ass géint eng gemeinschaftlech Léisung, well si der Meenung sinn, datt déi eenzel Länner ee Verbuet ausschwätze sollen amplaz vun der EU. Dänemark huet opgrond vun den aktuelle Spannungen tëschent der Tierkei a verschiddenen EU-Staate gefrot, fir de Besuch vum Ministerpresident Binali Yilderim fir dëse Weekend ze verleeën. Schweden dogéint huet een tierkesche Vertrieder säin Optrëtt maache gelooss, well et zu der Meenungsfräiheet gehéiert. Polen an osteuropäesch Staate sinn éischter op der Säit vun der Tierkei, well si d’Sécherheet op éichter Platz gesinn an dofir gëtt d’Tierkei gebraucht. Holland huet allerdéngs ee komplette Verbuet fir esou Optrëtter ausgeschwat. Souguer den Ausseminister huet net dierfe mam Fliger landen an och d’Familljeministesch gouf aus dem Land erausgehäit, wéi si versicht hat, mam Auto an Holland ze kommen fir en Optrëtt. Däitschland wëll et op Bundesebene net verbidden, mee en Dënschdeg huet d’Saarland (4) awer gesot, datt si net wëllen, datt tierkesche Walkampf bedriwwe sollt ginn. Zudeem gëtt et säit 2008 ee Gesetz an der Tierkei selwer, wat e Walkampfoptrëtt am Ausland verbitt, mee awer net mat Strofe sanktionéiert. (5)

Et muss een elo ofwaarden, wéi sech d’EU-Staate mateneen ofschwätzen a kucken, wéi si weiderfuere wëllen. Allerdéngs hunn déi momentan Spannungen mat Holland schonn zu enger diplomatescher Kris gefouert.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.
http://www.association-narin.com