LËTZEBUERG
JESSICA MERSCH

„Hinter Glas“ vum Julya Rabinowich: e Jugendroman iwwer häuslech Gewalt

Gewalt am Stot ass a bleift aktuell. Leider. Villäicht an Zäite vum Confinement nach e bësse méi. D’Eltere kënnen net méi an d’Wiertschaft, si drénken doheem a Gesellschaft vun de Kanner. Ouni Hemmungen. D’Isolatioun verduebelt d’Aggressiounen, et gëtt keng Méiglechkeet der Konfrontatioun aus dem Wee ze goen. An da knallt et! Den Drock muss eraus, dacks op Käschte vun de Kanner. An déi kënnen am mannsten dofir.

A menger Buchvirstellung geet et ëm häuslech Gewalt. „Hinter Glas“ vum Julya Rabinowich ass e Jugendroman, an ech fannen e kéint roueg an de Schoule gelies ginn. Déi Opklärung wär wichteg. Se kéint eventuell souguer Liewe retten, wie weess.

Ëm wat geet et

Ewéi e Spigel ass dem Alice säi Liewen an dausend Stécker zerbrach. Hatt huet d’Tyrannei vu sengem Grousspapp net méi ausgehalen a sicht beim Niko, senger grousser Léift eng sécher Plaz. Mä ass e seng Rettung? Oder éischter säi Verdierwen? Si verbréngen e wonnerbare Summer a Fräiheet, mä dono verännert sech alles. Mat der Zäit gëtt den Niko ondurren a reizbar. Seng Perséinlechkeet schléit ëm. D’Gewalt hëlt dem Alice d’Loft zum Ootmen. Fënnt eis Protagonistin den Auswee aus dem Däiwelskrees?

Perséinlech Meenung

D’Alice hat et nach ni einfach a sengem Liewen, hatt ass e liicht Affer. Hatt huet keng Frënn, ka mat kengem iwwert seng Problemer schwätzen. Frësst alles a sech eran. Mobbing steet un der Dagesuerdnung, dowéinst freet dat jonkt Meedchen sech iwwert dem Niko seng Opmierksamkeet, hie setzt sech fir d’Alice an. Hien ass säin Held. D’Schreifweis vun der Autorin ass zimmlech poetesch, warscheinlech well eist Affer sech selwer mam Alice im Wunderland vergläicht.

Och d’Kapitelnimm si besonnesch - well hatt op engem Floumaart e Spigel zerbrécht heesche se „erste Spiegelscheibe, zweite Spiegelscherbe, etc“. Hatt reeft se Stéck fir Stéck op, verléiert sech a senge Gedanken. Op dës Manéier léisst d’Alice seng Vergaangenheet mam Niko Revue passéieren, déi fuerchtbar Spiral vu Gewalt a Verzweiwlung. A seng Hoffnung op e bessert Liewen.

Optesch passt de Buchcover perfekt bei de Rescht. Mat all Schierbel spiert de Lieser d’Verännerung vum Alice sengem Charakter, spiert seng Stäerkt wuessen, hatt léisst sech näischt méi gefalen an hëlt säi Liewe selwer an d’Hand. Seng Gefiller sinn authentesch. Respekt! Do kritt een nawell Héngerhaut.

E Mënsch ka leider zwee Gesiichter hunn, de charmanten Niko ass dat beschte Beispill dofir. Loosst Iech net vun engem schéine Laache blenden, kuckt hannert d‘Fassad! Weider Spannung erhält de Lieser duerch eng geheimnisvoll Persoun, hir Wierder ginn a kursiver Schrëft geschriwwen. Wien ass déi allwëssend Stëmm? Hu mer se scho kennegeléiert? Ma déi iwwerraschend Opléisung kënnt, versprach!

Dëst Buch wäert mir nach laang an Erënnerung bleiwen, ech hoffen, dass d’Geschicht sou munche Lieser Hoffnung mécht. Et kann een d’Alice nëmme bewonneren! Dem Julya Rabinowich säi Roman ass e gutt Beispill fir d‘Emanzipatioun, d’Alice kéint e Virbild fir eng Rei vu jugendleche Meedercher ginn. Et ass beandrockend! Briecht aus ärem Käfeg aus, lieft e bessert Liewen!

Et ass schwéier aus der Afferroll erauszekommen, ma et lount sech awer. Et gëtt ëmmer en Auswee.

Hei kënnt Dir Iech beroden: Kannerjugendtelefon: 116111; Elterentelefon: 26640555; Femmes en détresse: 40 73 35.

„Hinter Glas“ vum Julya Rabinowich ass bei Hanser Literaturverlage erauskomm: www.hanser-literaturverlage.de