LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder iwwert d’Nominéirung vum Brett Kavanaugh fir den US Supreme Court

Déi lescht Deeg ass vill iwwert dem amerikanesche President Donald Trump säi Kandidat fir d‘Supreme Court diskutéiert ginn. Dës Woch geet et ëm déi ëmstridden Nominéierung vum Brett Kavanaugh an iwwert säi méiglechen Afloss op d’Supreme Court.

Am fréie Summer huet de moderate konservative Riichter Anthony Kennedy ugekënnegt (1), datt hien d‘Supreme Court verloosse géif. D’Supreme Court ass dat héchste Geriicht an den USA a besteet aus aacht „Associate Justices“ an engem „Chief Justice“. Déi gi vum Senat op Liewenszäit gewielt, meeschtens trieden d’Riichter wéinst Krankheeten zeréck. Den Anthony Kennedy war bei wichtegen Uerteeler déi entscheedend Stëmm. A sozialen a gesellschaftspolitesche Froen huet hie mat de liberalen an demokratesche Riichter ofgestëmmt. Bei dem Verbuet vun der Immigratioun aus éischter muslimesche Staaten an d’USA oder zum Beispill beim Uerteel iwwert Walkampffinanzéierungen huet hie mat de konservative Riichter matgestëmmt. Mat der Ernennung vum konservative Riichter Neil Gorsuch hat de President Trump nach eng Méiglechkeet, ee konservative Riichter ze ernennen.

Nodeems et publique gouf (2), datt den Donald Trump de Brett Kavanaugh nominéiere wëll, huet sech d’Dr. Blasey Ford zu Wuert gemellt. Si huet der „Washington Post“ een Interview ginn, datt si vum nominéierte Kandidat Brett Kavanaugh virun 30 Joer sexuell belästegt gouf. Si huet erzielt, datt si als 15 Joer aalt Meedchen op enger Party war, wou och de Brett Kavanaugh ageluede war. Hien war zwee Joer méi al, hien hätt ze vill gedronk a versicht, d’Blasey Ford an een Zëmmer ze bréngen, sech op si drop ze leeën an d’Kleeder auszedoen. Hien huet och seng Hand op hire Mond geluecht, fir datt si net no Hëllef ruffe konnt. Si huet detailléiert Aussoe virun der Justizkommissioun gemaach. (3)

De Brett Kavanaugh huet och virun der Justizkommissioun ausgesot(4). Hien huet d’Beschëllegungen dementéiert. Hie gouf emotional an aggressiv, hie schwätzt vun enger politescher Hetzjuegd, an datt alles probéiert géif ginn, seng Ernennung ze verhënneren. Da seet hien, datt esou Beschëllegunge kompetent Leit dovun ofhalen, sech fir wichteg Posten ze mellen. Zudeem wollt hie sech als ee gudde Mënsch presentéieren, deen all Sonnden an d’Kierch geet. D’Republikaner hu versicht, der Dr. Blasey Ford hier Beschëllegungen als net kohärent duerzestellen.

Enquête huet déi néideg Stëmme bruecht

Well dräi republikanesch Senateure sech net sécher gewiescht sinn (5), dem Donald Trump säi Wonschkandidat wielen ze kënnen, huet den amerikanesche President den FBI ugestallt, eng Enquête géint d’Uschëllegungen ze maachen. Den FBI hat awer knapp eng Woch Zäit a konnt just limitéiert Recherchë maachen. E Freide gouf dann een Testlaf fir d’Ernennung vum Brett Kavanaugh gemaach, deen zu 51:49 Stëmmen dofir ausgefall ass. Si goufen duerch den FBI-Rapport ëmgestëmmt.

Et ginn an den USA grouss Manifestatioune géint de Supreme Court Kandidat (6). Iwwer 1.000 Droitsprofessoren/innen, den Dekan vun der Yale Law School an d’amerikanesch Associatioun fir Affekoten, Riichter a Droitstudenten hu sech ëffentlech géint de Kandidat ausgeschwat. Wéinst sengem emotionalen, parteiesche Verhalen a senge Virveruerteelungen wier hien als Riichter fir d‘Surpreme Court net gëeegent.

De Samschden ass de Kandidat Brett Kavanaugh dunn zu 50:48 Stëmme am Senat gewielt ginn. Sou ass d’Supreme Court fir eng laang Zäit méi konservativ gefierft.

 

Quellen a Links:

 

1)            tinyurl.com/a500wKavanaugh

2)            tinyurl.com/a500wKavanaugh2

3)            tinyurl.com/a500wKavanaugh3

4)            tinyurl.com/a500wKavanaugh4

5)            tinyurl.com/a500wKavanaugh5

6)            tinyurl.com/a500wKavanaugh6