LËTZEBUERG
LJ

„Cool Feet“ live den 8. Mee an der Aler Seeërei zu Dikrech mat neier CD

Hire 50. Anniversaire huet déi Lëtzebuerger Rock-Kultband „Cool Feet“ am November gefeiert mat zwee ausverkaafte Concerten am Melusina, an huet mat „Bella Stau“ nach niewebäi direkt eng Nummer eent an den „itunes charts“ ofgeliwwert. Den 8. Mee, de Virowend vum Europadag, feieren d’Lëtzrocker no laange Joeren nees eng Party zu Dikrech mat engem neien Album am Gepäck.

1968 gegrënnt, an, ab dem CD „Bistro“ vun 1992, permanente Gaascht op all Lëtzebuerger Party ass „Cool Feet“ ouni Zweiwel e Stéck Lëtzebuerg. Si gehéieren zu Lëtzebuerg wéi d’Groussgaass an der Stad, d’Lies op der Musel oder, an dësem Fall, den Iesel zu Dikrech. De Jangeli, Ketty huel de Fändel raus, Drénk e Patt op mech, d’Meedercher, Hey Du oder Roude Léiiw huel se... „Cool Feet“ ass hei am Land, mat iwwer 100.000 verkaaften Alben, déi erfolleg-
räichst Rockband vun allen Zäiten. An déijéineg, déi nach en Ticket leschten November erwëscht haten, konnten sech iwwerzeegen, dat „Cool Feet“ nach laang net zum alen Eisen gehéiert. Mat douce Balladen an haaptsächlech säftegem Gittaresound gëtt de Sall esou richteg duercherneegerëselt - ower Dir kritt d’Féiss net kal.

Eng Lëtzebuerger Rockband, déi zënter 50 Joer op der Bühn steet; dat eleng ass schonn eemoleg. A fir dat ze feieren, stinn „Cool Feet“ och dëst Joer nach emol op der Bühn, mat allen Hits a mat Lidder vun der neier CD „Wann der Däiwel en Af gëtt!“.

„Cool Feet“ no 16 Joer nees am Studio

16 Joer nom bis dato leschten Album „Luxemburgänsia“ presentéiert d’Band zwielef nei Songs - mol méi nodenklech - mol a beschtbekannter Gutt-Laun-Manéier - mat klasseschem „Cool Feet“-Sound.

Firwat elo no ville Joeren nees en Album? Dozou mengt de Guy Heintz: „Mir haten nach eng Partie Iddien do leien an, an de Prouwe koum déi eng oder aner dobäi. Dacks si mir dorobber ugeschwat ginn, ob dann elo nom Comeback och eng nei CD komme géif. Du war et fir eis kloer, dat mir nach emol an de Studio wéilten“.

Wat dann elo vun dem neien Album ze erwaarden ass, dozou mengt de Chouch Schintgen: „Ganz einfach ‚Cool Feet‘, wéi op allen Alben virdrun ass et och dës Kéier nees e Mix u Songs, wou mir eppes matzedeelen hunn a Lidder, déi op all Party fir Stëmmung suergen, a bei ‚Cool Feet‘ schléisst eent dat anert net aus“.

An op d’Fro firwat dann den Titel „Wann der Däiwel en Af gëtt!“ seet de Maerten Versall: „Esou heescht ee Song vum neien Album. 2009 war scho geplangt, en Album ënnert dem Titel eraus ze ginn; huet eis awer deemools ze fréi geschéngt. An ech ka scho verroden, dat dëse Song eppes ganz Neits ass fir ‚Cool Feet‘ - genee wéi eng aner Nummer mam Titel ‚Di gutt al Zäiten‘, dee Song ass ‚unplugged‘, passt bei eis Generatioun, an och bei di aner, wéi d’Fauscht op d’A, deet e bëssi nodenken a mécht gläichzäiteg Stëmmung fir matzesangen“. E besonnesche Moment ass dësen neien Album fir de Romain Goergen, dee 1968 d’Band matgegrënnt huet. No laange Joeren am Ausland ass hien elo nees bei der Band an et ass déi éischt Produktioun op Lëtzebuergesch, wou hien dobäi ass. „Ech genéissen all Moment mat den ale Kollegen a free mech op all Prouf. Esou zwee Concerte wéi am Melusina hat ech bis dohinner nach net erlieft. D’Aar-becht un neie Lidder mécht enorme Spaass an dat kann een ouni Zweiwel bei deenen neie Lidder eraus héieren. Ech sinn op alle Fall immens frou fir nees dobäi se sinn“. Do schléisst sech de Léo Castellano un: „Et ass schonn déi drëtte Kéier, dat ech bei ‚Cool Feet‘ dobäi sinn an am Moment kann ech mir musikalesch näischt méi Flottes virstellen.“

Déi meeschte Songs op dem neien Album kommen och dës Kéier nees aus der Fieder vum Rom Bernard. Elo gëtt d’Band jo be-stëmmt un ale Songs gemooss. Ketty, Roude Léiw, Hey du, an esou virun zielen an der Tëschenzäit zu den absolute Kultsongs zu Lëtzebuerg. „Natierlech si mir eis dees bewosst, mee et schreift een net all Dag op Kommando en Hit. Ech denken awer dat verschidde Lidder, déi mir elo ofliwweren, de Nerv vun eise Publikum treffen. D’Virfreed ass grouss, an eis Opreegung och. Et ass eben en neit Kand!“

Un Concert zu Dikrech kënnen d’Fans sech do schonn eng Iddi op der Plaz maachen.


Tickete fir de Concert gëtt et op

www.e-ticket.lu