LËTZEBUERG
AIDE AUX ENFANTS HANDICAPÉS DU GRAND-DUCHÉ

Wie scho méi laang wëlles huet, säi Kleederschaf nees eng Kéier auszemëschten, sollt dat idealerweis scho geschwë maachen. Ab e Méindeg ginn nämlech nees d’Tute fir d’Kleederkollekt agesammelt. Wéisou ee seng Saache sollt an d’Kleedersammlung ginn a wat wierklech domat geschitt, verréit „Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché“.

„Zënter méi wéi 40 Joer organiséiert ‚Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché‘ eng Kleederkollekt duerch d’ganzt Land. Dëst Joer ass se vum 9. Mäerz bis den 3. Abrëll. Deen Dag, wou an Ärer Gemeng d’Kollekt ass, kënnt Dir Är Tute mam Gezei virun 8.00 virun Är Dier stellen. Vun deenen 102 Gemenge sinn der 92, déi eis tatkräfteg op déi eng oder aner Manéier hëllefen, grad esou wéi eis och verschidde Clubs des Jeunes a Scouten hëllefen.

Dëst Joer gitt Dir duerch e Flyer, deen Dir an Ärer Bréifkëscht hat, gewuer, wéini an Ärer Gemeng d’Kleederkollekt ass. Dir kënnt all neutral Tuten huelen, déi Dir doheem hutt, fir se mat Kleeder an/oder Schong ze fëllen. An dës Tute kommen an der Reegel Gezei, Schong, Rimmer, Poschen, Hitt, Handdicher an all aner Zort Textilien, déi Dir net méi braucht. Et ass och egal fir wéi ee Geschlecht oder wéi een Alter dat Gezei ass, mir sammele fir Grouss a Kleng, Jonk an Al, Männer a Fraen. Firwat sollt Dir Äert aalt Gezei an Är al Schong an d’Tute paken? Ganz einfach: Alles, wat mir asammelen, gëtt verkaf, doduerch kritt dat fir Iech aalt Gezei en zweet Liewen, an Dir maacht och nach e gutt Wierk.

Dat ganzt Gezei kritt een zweet Liewen, well en Deel vun deem, wat nach an engem gudden Zoustand ass, gëtt vun eise Clienten am Ausland direkt am Secondhand weiderverkaf, an deen aneren Deel gëtt gewäsch, frësch agepak a fir e gudden Zweck entweder gratis oder zu engem ganz bëllege Präis u bedierfteg Leit verschenkt respektiv verkaf. Alles, wat onbrauchbar a futti ass, gëtt dann a spezielle Betriber als Fatzen, Dämmstoffer, Lompen, a sou weider weiderverschafft. Verschidde Saache ginn och an Indien ge-schéckt, wou d’Faseren erausgeholl ginn, fir neie Stoff ze maachen. Vun dëser Kleedersammlung profitéieren handicapéiert an defavoriséiert Kanner a Jugendlecher, déi an insgesamt 92 Foyeren am Grand-Duché betreit ginn. Domat erméiglecht eis Associatioun dëse Kanner a Jugendlechen e Kinosbesuch, en Ausfluch an nach vill aner Saachen, déi net vum Staat iwwerholl ginn. Déi Suen, déi mir de Foyeren zeguttkomme loossen, setze sech haaptsächlech duerch den Erléis vum Verkaf vun de gesammelte Kleeder zesummen, mee och aus dem Erléis vun Associatiounen, déi eng Manifestatioun organiséiert haten, Done bei Stierffäll, Hochzäiten, Kommiounen, awer och aus Donen vu Banken a Gemengen.

Dir kënnt och dat ganzt Joer iwwer Är al Textilien an ee vun eisen insgesamt 185 wäisse Kleedercontainere geheien. Wann Dir awer ze vill Tuten hutt fir an den Container, kënnt Dir eis kontaktéieren a mir kommen d’Saache bei Iech Heem sichen.“

Weider Infoen op dem Site www.aehgd.lu oder per Mail iwwer info@aehgd.lu an Telefon 621 666 554 oder 621 811 222