LËTZEBUERG
MICHEL SCHOLER

A 500 Wierder: Wéi eng Auswierkungen huet den Asaz vu chemesche Waffen a Syrien op d’Bezéiungen tëscht Russland an den USA?

Déi lescht Woch gouf et eng nei Attack mat chemesche Waffen a Syrien. Dëst eleng huet fir vill Noriichten gesuergt, mee och d’Reaktioun vun den USA an den Afloss vun dëser Attack op déi US-amerikanesch-russesch Bezéiunge sinn e grousst Thema am Moment. Wat ass geschitt? A firwat ass dat en US-russesche Problem?

Am Syrien-Krich, dee säit iwwert sechs Joer amgaangen ass, goufe schonn e puer Mol Chemiewaffe benotzt. Déi sinn awer vun engem internationalen Traité op Grond vun hirer Grausamkeet verbueden. No enger schwéirer Attack 2013 op e Quartier an Damaskus huet den deemolegen US-President Obama militäresch Optioune géint déi syresch Regierung a Betracht gezunn.

Doropshin huet Russland en Deal virgeschloen, dee virgesinn huet, datt Syrien all seng chemesch Waffen zerstéiert an och den Traité géint chemesch Waffen ënnerschreift. Den Obama huet dës Léisung enger militärescher Aktioun virgezunn a gemengt, den Deal géif sécherstellen, datt Syrien dono keng chemesch Waffe méi hätt - eng Ausso, déi elo unzezweifelen ass (1).

Eng vun de leschte vun de Rebelle kontrolléierte Provënzen

Déi nei Attack op eng Stad an der Idlib-Provënz soll op mannst 58 Leit ëmbruecht hunn, woubäi verschidden Oppositiounsgruppe vill méi grouss Zuele reportéieren (2). Idlib ass eng vun de leschte vun de Rebelle kontrolléierte Provënzen, nodeems si vill Territoire verluer hunn an de leschte Méint. Während et onkloer ass, wien d’Attack ausgefouert huet, kéint dëst en Indiz sinn, datt d’Regierung vum Assad sech elo erëm sécher genuch fillt fir géint en internationalen Traité ze verstoussen, dee se nach selwer viru véier Joer ënnerschriwwen huet.

Op alle Fall huet déi nei US-Regierung net laang gewaart, fir eng Reaktioun ze weisen. Si maache kloer déi syresch Regierung fir déi nei chemesch Attack verantwortlech (3). Den US-President Trump huet dann och de Befehl ginn, d’Militärbasis, vun der d’Fligere mat de chemesche Waffen aus fortgeflunn sinn, unzegräifen. Dëst war déi éischte Kéier, datt Amerika direkt militäresch an de Syrien-Krich agegraff huet - wat géint dem Trump seng eege Walversprieche geet (4).

D’Bombardéiere vun der syrescher Militärbasis ass dann och vu Russland veruerteelt ginn, well et net vum UN-Sécherheetsrot autoriséiert gouf. D’Russen hunn doropshin en Deal mat den USA suspendéiert, dee verhënnere soll, datt amerikanesch a russesch Jets sech iwwert syreschem Gebitt an den Wee kommen. Béid Länner féiere jo Loftattacken an deem Beräich aus. En Tëschefall tëscht Jets vun den zwee Länner kéint séier zu enger méi grousser internationaler Kris féieren.

Mee de Syrien-Krich stellt déi US-russesch Bezéiunge scho säit Joren ënner Drock. Déi russesch Ënnerstëtzung vun der Assad-Regierung ass de genaue Géigendeel vun der amerikanescher Opfaassung, datt et keng Zukunft a Syrie gëtt, vun der de President Assad en Deel ka sinn. Wéi de Krich ausgeet, ass fir béid Länner vu strategescher Bedeitung. D’Russe wëlle weider en Alliéierte mat Mier-Accès am Mëttleren Osten hunn. D’Amerikaner wëllen net, datt e Bündnis aus Syrien an Iran de Mëttleren Osten an Zukunft dominéiert, wat och zwee Länner sinn, déi oppe géint Israel, ee vun den enksten US-Verbündeten, Stëmmung maachen.

Déi chemesch Attack selwer ass eng Gefor fir déi international Reegelen, déi d’USA verteidegen wëll. An de Syrien-Krich als Ganzt ass - nieft der Ukrain-Krise - e groussen Test fir déi US-russesch Bezéiungen, déi schonn vun engem Pressespriecher vum russesche President Putin als méi schlecht wéi am Kale Krich bezeechent goufen.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner:
https://www.association-narin.com/