LËTZEBUERG
GUSTY GRAAS

1214 huet d’Gräfin Ermesinde sech mam Walram bestued

De leschten 29. Abrëll hu mir als Land eis 175 Joer Onofhängegkeet gefeiert. Virun 1839 goufen et awer e puer Etappen, déi zum spéidere Groussherzogtem bäigedroen hunn. Eng dovu war d’Zäit vun der Gräfin Ermesinde. Nach haut gëtt si als eng vun de bedeitendste Perséinlechkeeten an eiser Geschicht ugesinn. Esouguer ee Lycée gouf no hir genannt, obwuel et sech ëm eng historesch Figur aus dem 12. an 13. Joerhonnert handelt (am Juli 1186 gebuer).

Scho mat engem Joer war si vun hirem Papp Henri de Blannen, dem franséische Prënz Henri II. aus der Champagne versprach ginn, e Cousin vum franséische Kinnik Philippe Auguste. Well den Henri II. awer d’Ierfschaft Namur net verwierk-leche konnt, war hien an d’Hellegt Land gereest an hat sech do mat der Kinnigin vu Jerusalem bestuet.

Nom Dout vum Henri de Blannen hat säin Nofolger Henri VI. aner Pläng fir d’Grofschaft Lëtzebuerg entwéckelt. Mä hie sollt fréi stierwen. Doropshin hat den Otto, Brudder vum Keeser Henri VI., seng Rechter op d’Grofschaften Lëtzebuerg, Laroche an Durbuy un den Thiébaut vu Bar verkaaft, dee sech 1197 oder 1198 mam Ermesinde bestuet hat. De Konflikt ëm d’Ierfschaft vum Henri de Blannen war 1199 duerch den Traité vu Dinant geléist ginn: D’Grofschaften Durbuy a Laroche souwéi d’Deeler ëstlech der Meuse vun Namur, mat Ausnam vun de Bëscher vun Arches, waren u Lëtzebuerg gefall.

Den Territoire vu Lëtzebuerggëtt méi grouss

An hirem éischte Bestiednes mam Thiébaut vu Bar, deen am Februar 1214 ge-
stuerwe ass, hat d’Ermesinde, déi staark vun der franséischer Kultur beaflosst war, sech nëmme wéineg an d’Politik agemëscht. Vun hire véier Kanner hat just eent, d’Elisabeth, iwwerlieft. Dräi Méint nom Dout vun hirem éischte Mann hat d’Gräfin sech nees bestuet, an d’zwar mam Walram (1180-1226), den Här vu Monschau an der Eifel, Jong vum Herzog vu Limburg a Marquis vun Arel. Mat him hat si dräi Kanner.

Duerch dëst Bestiednes ware fir déi zwee nëmme Virdeeler entstanen: De Walram gëtt Grof an esouguer Marquis, well säi Papp him Arel iwwerléisst. Dëse Streech, deen nach tëschen der Grofschaft Lëtzebuerg an de Grofschafte Laroche an Durbuy gefeelt hat, gouf dunn als „douaire“ dem Ermesinde iwwerginn, dat heescht, si hat d’Recht op déi Territoiren nom Doud vum Walram.

Den Territoire, deen d’Ermesinde an de Walram elo zesumme regéiere war ee kompakte Block vun der Meuse bei Namur bis un d’Dier vun Tréier, a vun der Géigend vu Léck bis an de Norde vum Metzer Land. D’Ermesinde hat sech och definitiv de Lëtzebuerger an Ardenner Deel aus der Ierfschaft vun hirem Papp geséchert. De Walram hat d’Klauselen aus dem Bestiedneskontrakt an dem Sënn respektéiert, datt Arel definitiv vu Limburg lassgeléist gouf an d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg garantéiert war. Dëse Kontrakt hat och e Conseil virgesinn, deen aus zéng Vasallen bestung, déi net méi aus der Noblesse rekrutéiert goufen. Ënnert dem Ermesinde konnt sech also eng gewëss Bourgeoisie forméieren.

Nom Dout vum Walram am Joer 1226 war Lëtzebuerg nees a Gefor, well den Henri de Blonden, Kand vum Walram an Ermesinde, wéinst sengem Alter nach net bis 1235 regéiere konnt. Am Räich hat eng Fra awer net d’Recht hir Propriétéit ze verdeedegen. Also hat d’Ermesinde de Walram vu Monschau, hire Schwoer an Eedem, als Tuteur agesat. Mä dësen hat d’Schlässer ruinéiert, Leit dout gemaach, héich Taxen agefouert an duerch aner Aktioune sech beim Vollek ganz onbeléift gemaach, an dat am Numm vun der Gräfin Ermesinde! De Bëschof vu Léck wollt d’Gräfin exkommunizéieren an den däitsche Kinnik hat hir schwéier Virwërf gemaach. 1227 hat d’Ermesinde un der Diète (Réunioun vu Prënzen) am Kader vun der Kréinung vum däitsche Kinnik zu Oochen deelgeholl. Mä och do sollt si kritiséiert ginn.

D’Bestiednes vum Ermesinde mam Walram virun 800 Joer hat also scho grouss Konsequenze fir eist Land. Nom Dout vum Walram am Joer 1226 hat d’Ermesinde sech iwweregens net méi bestuet. Duerch hier Bestiednesser goufe Regierungsstrukture geschafen, déi praktesch bis 1830 Bestand haten. Dofir gëtt d’Ermesinde, déi 1247 verstuerwe ass, och gären als zweete Grënner vu Lëtzebuerg tituléiert, dat nom Siggy!


Bibliographie: Kohl Corinne & Iva Mrazkova, D’Geheimnisser ëm d’Gräfin Ermesinde, print solutions luxembourg, 2011. Trausch Gilbert, Histoire du Luxembourg, Editions Privat,
Toulouse 2003