LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder: Firwat d’Designatioun vum Ursula von der Leyen fir Kritik suergt

Mam Ursula von der Leyen huet den EU-Conseil den 2. Juli fir d’éischte Kéier eng Fra un d’Spëtzt vun der EU-Kommissioun nominéiert. Haut den Owend stëmmt d’EU-Parlament iwwert dës Decisioun of an decidéiert, op déi däitsch Verdeedegungsministesch d’Plaz vum Jean-Claude Juncker anhuele wäert. Dësen Oflaf ass am 17. Artikel vum Maastricht-Traité vun 1992 esou virgesinn. Nodeems den EU-Conseil e Kandidat virgeschloen huet, muss dëse vun der Majoritéit vun den 751 Membere vum EU-Parlament approuvéiert ginn, wat sech dëst Joer als problematesch erweise kéint. (1)

Eng onerwaarten Nominatioun

No zéie Verhandlungen huet d’Nominatioun vum Ursula von der Leyen fir vill Kritik gesuergt, an dat virun allem well kee vun de Spëtzekandidaten als Kommissiounspresident oder Kommissiounspresidentin proposéiert gouf. Nodeems 2014 bei de Walen dëst de Fall war an de Jean-Claude Juncker als Spëtzekandidat vun der EVP President vun der EU-Kommissioun gouf, hunn d’Walen dëst Joer Europa gespléckt. Vun de Visegrád-Länner (Polen, Tschechesch Republik, Slowakei, Ungarn) grad esou wei vum franséischem President Emmanuel Macron koumen entscheedend Impulser, déi de Spëtzekandidaten-System dëst Joer net erméiglecht hunn. Sou koum et zu laangen a schwéiere Verhandlungen. Vu dass déi am Virfeld héich gehandelt Kandidaten, wéi zum Beispill de Manfred Weber oder de Frans Timmermanns, sech virun de Walen am Numm vun hire jeeweilege Parteie presentéiert an sech all de Froe gestallt hunn, ass ee weidere Kritikpunkt un der Nominatioun vum von der Leyen deen, dass déi europäesch Populatioun ëmmer manner Matsproocherecht huet. D’Wieler kruten d’Spëtzekandidaten ze gesinn a konnten sech méi oder wéineger eng Meenung iwwert se bilden, wat beim Ursula von der Leyen net de Fall war. Déi däitsch Politikerin gehéiert zwar zu der Partei, déi di meeschte Stëmme krut, an awer ass hir Nominatioun fir déi meescht iwwerraschend an onerwaart komm, well sech vill Léit den nämmlechten Oflaf wéi 2014 erwaart haten. (2 & 3)
De Posten als President vun der Europäescher Kommissioun ass wuel mat ee vun denen, wann net de wichtegste Posten, deen déi europäesch Institutiounen ze bidden hunn.

Wat mécht eigentlech d’EU-Kommissioun?

D’Kommissioun besteet aus 28 Memberen. All Memberland vun der EU huet ee Kommissär, déi alleguerte fir ee spezifeschen Domaine agedeelt ginn. Si gi vun hiren Heemechtslänner virgeschloen a vum Conseil approuvéiert. D’Amt vum EU-Kommissiounspresident ass mat deem vun engem Regierungschef aus engem Land ze vergläichen, och wann d’Aufgaben net all iwwertenee stemmen, wat dorunner läit, dass Europa kee Land ass. Déi 28 Kommissäre ginn an der Reegel no all fënnef Joer erëm nei besat. Sou wéi een d’Roll vum Kommissiouns-president mat der vun engem Regierungschef ka vergläichen, kann een d’Aufgabe vun der Kommissioun och mat deene vun enger Regierung vergläichen. Si decidéiert iwwert d’politesch Zieler an d’Haaptprinzipie vun der Europäescher Union. An Zesummenaarbecht mam europäesche Geriichtshaff, gehéiert et och zu den Aufgabe vun der Kommissioun dorop opzepassen, dass d’Memberlänner sech all un d’Gesetzer an d’Traitéen halen.

Haaptkompetenz vum President ass déi, dass hie Richtlinnen ugeet an bestëmmt, mat wéi enge Problemer sech d’Kommissioun ausernee setzt a mat wéi enge Mëttele probéiert wäert ginn, dës ze léisen.

Quellen a Links

1) tinyurl.com/a500wUvdl1
2) tinyurl.com/at00wUvdl2
3) tinyurl.com/at00wUvdl3
4) tinyurl.com/at00wUvdl4