LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Eng Visite an de Prouwen vun „D’Fatzbeidelen“ am TNL

Bei de Prouwe vum Norbert Weber sengem Stéck „D’Fatzbeidelen“ gëtt et keng 137 Pompjeeën op der Bühn, kee „Mann mat der Schéier am Bauch“ a scho guer keng „gefreckten Elefanten“, déi vum Himmel falen. Abee genau sou ass et am Text virgesinn, deen dëse Samschden am TNL no méi wéi drësseg Joer fir d’éischte Kéier wäert opgefouert ginn.

Hätt den TNL een onmoossege Budget, d’Leit ongesond vill Zäit an de Regisseur Tom Dockal onendlech vill Loscht a Gedold - et kéint een d’Stéck op déi Manéier spillen, wéi dem Weber säin Text et virgëtt. De Public misst da fënnef Stonnen, 143 Minutten a 412 Sekonnen - sou steet et am Intro - sëtze bleiwen, géif mat Kéip vu Wirschtercher bombardéiert ginn - fir se da mussen z’iessen a rëmzekatzen - an hätt déi eemoleg Chance ze gesinn, wéi de Plafong vum TNL ewechgesprengt gëtt a wéi d’Stéck als Open-Air-Event op een Enn geet. Net ëmsoss heescht et also am Ënnertitel: „E Stéck / fir ze liesen / fir nozedenken / vläicht fir ze spillen“.

Zwee Schauspiller fir 294 Personnagen

Dem 25-järegen Dockal seng Inszenéierung muss sech muer Samschden un dësem „vläicht“ moosse loossen. Geléngt et him, dem Weber säi schwieregen, well megalomaneschen Entworf iwwerzeegend op d’Bühn ze bréngen? Packen et déi just zwee Schauspiller Marc Baum, a Pol Hoffmann déi 294 Personnagen, déi de Weber virgesinn huet, mimesch an de Grëff ze kréien? D’Prouwen dës Woch verspriechen een onbeschwéierten Zougrëff op ee schwéiert Stéck.

Grad well dem Weber säin Text sech esouvill Fräiheeten eraushëlt a sech eng Freed draus mécht, dramaturgesch Konventiounen ëmzeplouen, hëlt och d’Regie sech Fräiheeten eraus, inszenatoresch Lizenzen, fir d’Stéck iwwerhaapt eréischt opféierbar ze maachen. „Kuck dass de mat eis eens gëss!“, dat ass fir den Tom Dockal de Message, deen „d’Fatzbeidelen“ jäizen. D’Äntwert op dësen Defi weist, wéi ambitionéiert de Projet ass: „Bei eis huet sech ni d’Fro gestallt, d’Stéck naturalistesch, eent zu eent, z’interpretéieren. Mir gi sengen Uweisungen net einfach sou no. Sou wéi hien eis schäissen deet, di mir hien zeréckschäissen.“

Aus enger riseger Roserei entstanen

De lëtzebuergeschen Theaterschräiwert huet d’Stéck Enn den 80er als Reaktioun op ee kulturpolitesche Clinch geschriwwen. „Et ass aus enger riseger Roserei entstanen“, mengt de Regisseur - eng Roserei, déi mol an d’Cholerescht, mol an de Non-Sense kippt an aus där eraus wonnerbar grotesk Momenter entstinn. D’Handlung ass méi wéi rudimentär, séier erzielt an iwwerhaapt niewesächlech: De Fatz an de Beidel waarde bei engem Schlass op hir Familljeclaner, déi mam Schëff iwwert d’Mier komme sollen. Spéider brennt d’Schlass, d’Schëff geet ënner an dotëscht stierzen ënnert anerem zwee Helikopteren of. Vill méi wichteg wéi de Plot ass dem Tom Dockal dem Norbert Weber seng Sprooch: „D’Sprooch ass immens witzeg, si huet eng typesch lëtzebuergesch Bäuerlechkeet, si schärt sech een Dreck ëm ee proppert Lëtzebuergesch an ass voller Wuertspillereien.“ An de Prouwen hunn de Marc Baum an de Pol Hoffmann als delabréiert Figuren dësen deels witzegen, deels batteren Toun ewell gutt getraff.

Prototypesch Driibserten

An awer wier et falsch, d’Inszenéierung als sënnlosen an hyperaktiven Kaméidi-Theater ze (de)klasséieren. D’Regie-Team gesäit am Fatz an am Beidel méi wéi
kuerzweileg Laachfiguren: Et si prototypesch Driibserten, Opportunisten, Spackerten a Luusserten, déi een sou net nëmmen op, mä och hannert a virun der Bühn fënnt. Op dës Manéier wëll d’Opféierung d’Stéck repolitiséieren, ouni dobäi bei déi kulturpolitesch Streidereien aus den 70er Joer (et goung ëm den Ofrass vum Lëschenhaus zu Iechternach) hänkenzebleiwen. „Do kënnt nach ganz vill Sauerei de Samsden“ - dëst Statement vum Tom Dockal hëlt den interesséierten Theatergänger éischter als Reklamm wéi als Menace op. Wien een onbekannt Stéck vun engem jonke Regisseur an enger ambitionéierter Inszenéierung wëll gesinn, geet muer den Owend onbedéngt um 20.00 an den TNL. Dem Fatz säi Kommentar wäert dann hoffentlech just op der a fir d’Bühn geschwat ginn: „Ginn ech iech dann sou op de Su, datt der iech scho wëllt op de Wee man?“
www.tnl.lu