MIERSCH
SAMUEL HAMEN

De Schrëftsteller Georges Hausemer iwwert säin neit Buch „Vu Wëlwerwolz op Kalkutta“

Den Owend um 19.30 stellt de Georges Hausemer am CNL zu Miersch säin neit Buch vir: „Vu Wëlwerwolz op Kalkutta“. Et ass eng Iwwersetzung vum Felicitas Hoppe sengem Roman „Paradiese, Übersee“. Nieft enger Doppel-Liesung wäerten sech béid Auteuren och mam Claude D. Conter, dem Direkter vum CNL, ënnerhalen. Mir hunn dem Georges Hausemer e puer Froen iwwert seng Schaff als Auteur an Iwwersetzer gestallt.

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm, ee Buch vum Felicitas Hoppe ze iwwersetzen?

Georges Hausemer Dem Felicitas Hoppe säi Wierk hunn ech vun Ufank u verfollegt, ugefaang mat „Picknick der Friseure“ (1996) a „Pigafetta“ (1999). Duerno hu mär eis och perséinlech kennegeléiert, wéi mär als Vertrieder vun eise respektive Länner am Mee/Juni 2000 sechs Woche laang mat ronn 100 anere Schrëftsteller mat engem „Literaturexpress“ genannten Zuch queesch duerch Europa ënnerwee waren, vu Lissabon iwwer Paräis, duerch Polen, d’baltesch Länner iwwer Moskau a Minsk bis op Berlin. Dobäi ass eng enk Frëndschaft entstanen, an d’Joer drop koum d’Felicitas op Lëtzebuerg, fir d’Land, d’Leit an och d’Lëtzebuerger Literatur z’entdecken.

Firwat hutt Dir Iech fir d’Buch „Paradiese, Übersee“ entscheed?

Hausemer Do gouf et guer keng aner Méiglechkeet! Dëse Roman ass nämlech kuerz no eise Recherchen zu Lëtzebuerg entstanen. Et geet doran ë. a. ëm Lëtzebuerger Soen, Legenden, Geschichten, Géigenden, ëm villes, wat d’Schrëftstellerin bei eisem Tour de Luxembourg entdeckt hat. Dat huet si am Roman verschafft, sou datt deen zu groussen Deeler zu Lëtzebuerg spillt, mat Lëtzebuerger Personnagen an enger Hellewull vu Associatiounen un eist Land. Deemno louch et quasi op der Hand, grad dëse Roman z’iwwersetzen.

Dem Felicitas Hoppe seng Erzielunge bestiechen duerch hier varianteräich a polyphoun Textaar-becht. Kann d’Lëtzebuergescht sou engem komplexe Stil gerecht ginn?

Hausemer Grad dat war jo den Challenge, d’Erausfuerderung! Erauszefannen, ob d’Lëtzebuergesch dem Original ka gerecht ginn. A wéi engem Mooss et der eleganter, virtuoser, héichliterarescher an nawell immens lieweger, sënnlecher Sprooch vum Felicitas Hoppe op deene verschiddenen Niveauen kann entspriechen. Ob a wéi dat gelongen ass, muss elo den opmierksame Lieser selwer erausfannen.

Vill vun Äre Wierker, beispillsweis „Und abends ein Giraffenbier“ oder „Con Dao“, si Rees-Erzielungen. Wéi eng besonnesch poetesch Méiglechkeete gesitt dir an dëser Erzielform?

Hausemer Reesgeschichte bidden dem Auteur déi wonnerbar Méiglechkeet, Fakten a Fiktioun, Wourecht a Phantasie ze vermëschen. Reese presentéiert him Material, gëtt him Energie, schäerft säi Bléck, seng Opmierksamkeet. D’Schreiwen iwwert d’Reese verlaangt no Präzisioun a bidd gläichzäiteg gewëss Fräiheeten. Grad wéi d’Iwwersetzen, dat jo och ëmmer eng Rees ass, vun enger Sprooch, enger Realitéit an eng aner.

Mengt Dir, dass déi kleng lëtzebuergesch Literaturzeen am Verglach zum däitsche Literaturbetrieb fir ambitionéiert Auteure méi Chancen oder méi Restriktioune bidd?

Hausemer Ganz kloer: béides! Mä maache mär eis näischt vir: Lëtzebuerg ass einfach ze kleng, fir datt et genuch Lieser fir ambitionéiert Auteuren a Bicher gëtt. Schued jüst, datt néierens de Wëllen z’erkennen ass, dorun eppes z’änneren, net an de Schoulen, net an de Medien, net an der Politik. Zanter 25 Joer huet sech un där lamentabeler Situatioun näischt geännert, an dofir kann een als professionelle Schreiwert, ëmgi vun dacks grujelechem Dilettantismus, zu Lëtzebuerg net glécklech ginn.