LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Spëtzt sech d’Kris an der Strooss vun Hormus zou?

Am Moment herrscht an der Golfregioun eng kritesch Situatioun. Den Iran huet ee briteschen Äerduelegtanker an der Strooss vun Hormus festgesat. Dës Route ass déi wichtegst fir den Äerduelegtransport, knapp 1/5 vum ganzen Transport verleeft do. Zudeem well den Iran sech och net méi un den Atomdeal halen.

D’USA hunn am Mee 2018 den Atomdeal mam Iran gekënnegt. Um éischte Joresdag annoncéiert den Iran am Mee 2019, datt si sech doropshin och net méi un d’Atomofkommes hale wëllen. D’USA huet dem Iran Sanktiounen opgedroen. Déi iranesch Bevëlkerung huet duerch déi Sanktioune massiv Aschränkungen. Déi iranesch Regierung notzt déi Situatioun, fir d’USA als de Staatsfeind Nummer 1 duerzestellen.

Den Iran huet och ugefaangen Uran unzeräicheren, esou déi international Atomenergieautoritéit. De franséische President Emmanuel Macron fënnt dee Schrëtt „staark beonrouegend“, déi däitsch Regierung seet, datt den Iran dee Schrëtt stoppen a réckgängeg maache soll. Groussbritannien an d’Europäesch Unioun hunn dee selwechte Gedanken. Israel fuerdert d’EU op, sech fir Sanktioune géint den Iran staark ze maachen.

Russland a China ginn den USA d’Schold

Russland a China stinn dem Iran bäi, well déi zwee Staate ginn den USA d’Schold, well si aus dem internationalem Atomofkommes ausgetruede sinn. Dowéinst wieren déi Schrëtt vum Iran eng logesch Konsequenz.[1]

Am Juni mellen déi amerikanesch a britesch Autoritéiten, datt bei zwee Tanker, een aus Norwegen an deen aneren aus Japan, et zu enger Explosioun duerch iranesch Minne komm ass. Dës konnt awer nach net bestätegt ginn an den Iran weist dës Virwërf vu sech. De Virfall ass an der Strooss vun Hormus geschitt, dës Route ass ee wichtege Wee fir den Äerduelegtransport, knapp 1/5 vum ganzen Transport verleeft do. [2]

Während deem hunn d’USA knapp 2.500 Zaldoten an d’Golfregioun ofgezunn, fir eppes géint Menacë vum Iran stellen ze kënnen. Dobäi huet den Iran eng US-Drone ofgeschoss. Eng kritesch Situatioun, well net gewosst war, wéi d’USA dorop reagéieren. Dann koum et vun der britescher Säit zu enger Festsetzung vun engem iraneschen Tanker bei Gibraltar.[3] Et soll géint Sanktioune gehandelt hunn an Äerd- ueleg un Syrien liwweren. Well Groussbritannien den iraneschen Tanker méi laang festhale wëll, huet den Iran ufanks zwee britesch Tanker festgesat, mee dann ee Schëff weiderfuere gelooss. Dat anert Schëff „Stena Impero“ gouf gestoppt. De Grond wier, datt dat britescht Schëff op enger falscher Säit an der Strooss vun Hormus gefuer wier an dobäi ee Fëscherboot gerammt hätt.[4]

Groussbritannien plangt ee bessere Schutz fir britesch an am allgemengen europäesch Transportschëffer. Si wëllen, datt britesch an europäesch Militärschëffer d’Transportschëffer eskortéieren. Bis elo huet Frankräich kommunizéiert, déi Propos gutt ze fannen. Op engem Sommet a Florida soll iwwert d’Protektioun vun den Transportschëffer an der Golfregioun berode ginn.[5]

D’Situatioun an der Strooss vun Hormus ass immens ugespaant an an noer Zäit wäert sech weise loossen, wéi d’Situatioun sech entwéckelt. Mat gudden diplomateschen Treffen kann ee militäresche Konflikt verhënnert ginn.

Quellen a Links
1)  tinyurl.com/a500whormus1
2)  tinyurl.com/a500whormus2
3)  tinyurl.com/a500whormus3
4)  tinyurl.com/a500whormus4
5)  tinyurl.com/a500whormus5

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun dräi Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.
All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner a500wierder.lu an association-narin.com