MICHEL SCHOLER

Wat eng Konstitutioun ass a firwat eng Verfaassungsreform net evident ass

Dëse Weekend ass et an der Lëtzebuerger Politik ënner anerem ëm d’Reform vun der Konstitutioun gaangen. Beim Partei-Konvent vun der CSV de Samschden huet de Claude Wiseler nämlech gesot, de Referendum iwwert déi nei Verfaassung sollt eréischt no den nächste Wahle stattfannen. [1] Mee wat ass eng Konstitutioun a firwat versicht Lëtzebuerg seng ze änneren?

Eng Konstitutioun leet déi fundamental Prinzipie fest, no deenen e Staat fonctionnéiert. [2] An enger Demokratie ginn do virun allem d’Rechter vum Bierger erkläert. Zum Beispill assuréiere vill Konstitutiounen d’Recht fir all Mënsch am Land, seng

Meenung ze soen a seng Relioun ze praktizéieren. [3] Ausserdeem bestëmmt eng Konstitutioun d’Bezéiungen tëscht de verschiddenen Institutiounen. An enger Demokratie ginn esou d’Pouvoiren, fir ee Gesetz ze bestëmmen (Legislative), eent ëmzesetzen (Exekutive), a fir Streidereien iwwert Gesetzer ze reegelen (Judikative) vunenee getrennt. Gläichzäiteg kréien d’Parlament, d’Regierung an d’Geriichter awer och d’Méiglechkeet an d’Aufgab, sech géigesäiteg ze iwwerwaache fir allméiglechen Abus vu Staatsmuecht ze verhënneren.

Keng liicht Ugeleeënheet

Well et an dësem Dokument ëm déi fundamental Prinzipie geet an engem Land, ass et normalerweis méi schwéier eng Konstitutioun ze änneren wéi en normaalt Gesetz. Während een normaalt Gesetz ka géint de Wëlle vun der Oppositioun duerchgesat ginn, ass dat bei enger Verfaassungsreform oft net méiglech. Fir an Amerika eng Ännerung un der Konstitutioun ze proposéiere muss een entweder zwee Drëttel vun de Stëmmen am Parlament hunn oder zwee Drëttel vun de Staate musse sech dofir ausschwätzen. Dono muss déi Propose vun dräi Véierel vun de Staaten ugeholl ginn. [4]

E laange Prozess

Aus deem Grond ass et dann och ëmmer e laange Prozess fir d’Konstitutioun vun engem Land ze änneren - sou och zu Lëtzebuerg, wou souguer déi ganz Konstitutioun soll iwwerschafft ginn. Dowéinst gëtt schonn iwwert zéng Joer dorunner geschafft, virun allem säit 2008 e Problem opgetrueden ass. Deemools hat d’Parlament en neit Gesetz zur Euthanasie - oder Sterbehilfe - ofgestëmmt, dat de Grand-Duc allerdéngs net ënnerschreiwe wollt. Dofir sinn d’Aarbechten, fir d’Konstitutioun vun 1848 [5] ze ersetzen, nees viru gedriwwe ginn, fir dass esou Situatiounen net méi virkommen.

Dee Prozess soll elo gläich fäerdeg sinn. Um Schluss muss déi ganz Konstitutioun souwuel vun enger Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament wéi och an engem Referendum vun enger Majoritéit vun der Bevëlkerung ugeholl ginn. A fir dass déi Ofstëmmunge sech net ëm vereenzelt Punkten dréinen, déi immens ëmstridden sinn, goufen dräi Froen am Referendum vun 2015 (iwwert d’Walrecht fir 16-Jäereger, d’Walrecht fir Auslänner an d’Begrenzung vun Ministermandater), schonn eenzel gefrot. [6]

Mee de Referendum, ëm deen et dee Moment an den Noriichten geet, ass de Referendum um Schluss vum Prozess. Dee war bis elo fir dat nächst Joer geplangt, mee gëtt elo eréischt fir no den nächste Walen 2018 geplangt. D’Erklärung dofir ass, dass ee wëll d’Diskussiounen ëm déi nei Konstitutioun vun den Diskussioune bei den Walen trennen, well et bei der Konstitutioun drëm goe soll, en Accord ze fannen, mat deem all Säite liewe kënnen, fir dass jidderee sech och dono un déi nei Konstitutioun hält. Allerdéngs kann een dovunner ausgoen, dass déi nei Verfaassung wäert fréier oder spéider erëm diskutéiert ginn, well et eben esou e wichtegt Dokument fir de Fonctionnement vum Staat ass.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch sech mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner www.association-narin.com