LUXEMBURG
SAM TANSON

Kloertext mam Sam Tanson zur Villa Louvigny

Et gesäit een se, wann een duerch de Stater Park trëppelt: d’Villa Louvigny. Haut fënnt een hei de Gesondheetsministère, mee vill Leit erënneren sech och dorunner, datt hei en Auditorium ze fannen ass. D’Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng a Member vum Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, freet sech, firwat dëse Sall net méi deementspriechend genotzt gëtt, wou et dach gutt Grënn géif ginn, dëst ze maachen: 

„D’Villa Louvigny ass a villen Hisiichten en historescht Gebai. An den 1870er Joren erbaut op de Vestigë vun der Festung, am Stater Park, war se fir d’éischt e Restaurant-Pavillon, dunn eng Schoul an e Casino, bis sech an den 1930er Joren déi nei ‚Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion‘ (CLR) dran installéiert huet, déi d’Gebai och 1937 kaf a renovéiert huet.

Nom Zweete Weltkrich ass dunn decidéiert ginn, en neien Auditorium ze schafen, dee fir déi Zäit ganz héich Standarden erfëllt huet an 1953 a Betrib geholl gouf. Bis d’Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion (CLT) op de Kierchbierg geplënnert ass, goufen hei eng sëlleche ganz grouss Concerten ofgehale grad wéi och Opname realiséiert. Et war den éischte moderne Concertssall am Land.

Dat Allerwichtegst wier, datt de Sall accessibel gemaach géing gi fir Artisten zu Lëtzebuerg, virun allem, fir Opnamen ze maachen. Et feelt u Raim mat sou enger Akustik. A mir hu sou e Raum, matzen an der Stad. Firwat kann deen net genotzt ginn, wann de Besoin besteet, sou wéi ech dat vun deene Concernéierten héieren? Natierlech wier et och flott, wann dee ganze Site kéint fir de Public zougänglech sinn. Matzen am Stater Park, eng vun de schéinste Plazen an der Stad, wou et ronderëm heiansdo u Liewe feelt. Et gi Beispiller am Ausland, wou sou Auditoiren en neit Liewe kruten, andeem se an e ganzen Zentrum gesat goufen, wéi eben de Flagey zu Bréissel. Onser Stad géife méi heterogen Sitte fir d’Konscht net schueden. 

Ech hu meng parlamentaresch Ufro zweemol gestallt, fir eng komplett Äntwert ze kréien. Déi éischt Äntwert huet kloergestallt, datt eng Prozedur fir de Classement en cours wier. Dat fannen ech absolut richteg. Dat Gebai muss classéiert ginn. Déi zweet Äntwert erkläert, datt den Ament de Gesondheetsministère dran ass, an datt ee géing ofwaarden, wat aus der Prozedur fir de Classement erauskéim, ier ee géing eppes decidéieren. Ech mengen allerdéngs net, datt d’Prozedur ronderëm de Classement eng Ouverture fir de Secteur verhënnere sollt. Sou wäit ech héieren hunn, wier de Sall an engem gudden Zoustand. Firwat en net direkt fir déi Professionell zougänglech maachen? Wat de Fait ubelaangt, datt de Gesondheetsministère dran ass: Dat ass eng reng politesch Decisioun. Vill Ministèrë si scho geplënnert an op där Platz e rengt Verwaltungsgebai ze hunn, ass a mengen Ae schued fir d’Ëffentlechkeet.“