BEETEBUERG
GUSTY GRAAS

1136: Doud vum Grof Conrad II. - Wéi den Henri vun Namur d’Haus Lëtzebuerg krut

An der zweeter Halschecht vum 11. Joerhonnert gouf mam Grof Conrad I. dat Lëtzebuerger Fürstentum gebuer. Hie war den éischte Grof nom Sigfried, deen nieft sengem Titel als Grof och Referenz op säi Muechtzentrum gemaach hat, nämlech vu „Luccelemburc“. D’Grofschaft Lëtzebuerg war gebuer, op mannst als Bezeechnung. Bei der Grënnung vun der Abtei Munster am Joer 1083 war säin eegene Sigel um Akt drop. Hien hat och decidéiert sech net méi wéi seng Virgänger am Hl. Maximäin zu Tréier begruewen ze loossen, mä zu Lëtzebuerg.

Um Enn vum 11. Joerhonnert hat de Conrad I. e puermol Territoirë vun Tréier iwwerfall a krut dowéinst Kaméidi mam Bëschof, dee vum Conrad an de Prisong gestach gouf. De Grof gouf dunn exkommunizéiert a war op Jerusalem gepilgert, fir seng Sënnen ze bereien. Op senger Heemrees 1086 ass hie gestuerwen.

D’Haiser Namur a Limburg zu Lëtzebuerg

D’Joren 1120-1130 haten eng Ännerung an der Geschicht vu Lëtzebuerg bedeit. Duerch d’Ausstierwe vun der männlecher Linn nom Grof Conrad war eng aner Dynastie entstan. Och wann d’Haiser Namur a Limburg dunn un d’Muecht koumen hat dat zu kenger fundamentaler Neiorientéierung vun de Lëtzebuerger Grofen hire politesche Verbonnenheeten gefouert. Op institutionellem Plang war de franséischen an däitschen Afloss weiderhi grouss. Dat hat och domat ze dinn, well d’Partner vun de Grofen aus dem éischten Haus Lëtzebuerg aus Sachsen, dem ieweschte Rhäigebitt, Namur am franséische Räich an aus der Champagne koumen.

Well d’Quelle moer sinn, gi mir haut net allze vill iwwer déi éischt Halschecht vun der Lëtzebuerger Geschicht vum 12. Joerhonnert gewuer. 1136 stierft de Grof Conrad II. ouni Kanner ze hannerloossen. Zwou Froe goufen du gestallt: déi vun der Successioun tëschen der Musel an der Meuse an d’keeserlech Presenz westlech vum Rhäin. Normalerweis hätt d’Muecht missen un d’Nokomme vun der Schwëster vum leschte lëtzebuerger Grof goen, d’Grofe vu Grandpré. Mä déi Grofe waren ze vill „franséisch“ agestallt fir kënne vun dem däitsche Kinnek akzeptéiert ze ginn. Den däitsche Kinnek hat dunn dem Henri vun Namur, och Henri IV., d’Grofschaft Lëtzebuerg, d’Regioun vun Diddenuewen an d’Avouerien vun den Abteie Hl. Maximäin zu Tréier an Hl. Willibrord zu Iechternach ginn.

De Gilbert Trausch hëlt un, datt déi Successioune scho vum réimesche Kinnek Conrad III. vun Hohenstaufen arrangéiert gi waren (S. 112). 1139 hat den Henri, de Blanne genannt, och d’Grofschaften Namur, Durbuy a Laroche wéi och d’Avouerie vu Stavelot an d’Herrschaft vu Lonkesch geierft. Well säi jonke Brudder a seng Cousineë vu Lëtzebuerg, Durbuy a Laroche ouni Nokomme gestuerwe waren, gouf hien ee vun de mächtegsten Territorialprënzen a Lotharingien. An awer sollt seng Regentschaft mat engem Debakel ausgoen.

Den Henri IV. hat sech nämlech mat de Bëscheef aus dem Räich ugeluecht. Dat hat zu permanente militäresche Konflikter gefouert. De Grof gouf exkommunizéiert an an der Schluecht bei Himmerode an der Eifel, do wou den Bernard vu Clairvaux 1134 eng Abtei fir Zisterziensermönche gegrënnt hat, goufe seng Truppe geschloen. Den Äerzbëschof Albéron vu Montreuil krut dunn nieft Iechternach nach 30 lëtzebuerger Schlesser, dorënner Manderscheid an Zolwer.

D‘Bourgeoisie als nei Ënnerstëtzer

1147 koum et zum Fridden an et war definitiv eriwwer mat de lëtzebuerger Versich d’Fürstentum vun Tréier ze iwwerhuelen. Och an den Ardennen war den Henri IV. 1151 geschloe ginn. No deene verluere Schluechten hate seng Matkämpfer sech géint hien opposéiert. 1171 hat den Henri sech esouguer missen a sengem Schlass aspären. Fir seng Muecht awer ze behalen, hat hie sech op eng nei sozial Schicht konzentréiert, an d’zwar d’Bourgeoisie, déi an den Texter no 1166 optaucht. Dës Politik hat nohalteg Konsequenzen fir eist Land. Een Ufank vun enger Gemengenorganisatioun konnt een no a no erkennen, dat laang viru senger Duechter Ermesinde hire „libertas“ am Joer 1244, also d’Fräibréiwer fir eng Rei Stied. Den Henri IV. hat och eng Vergréisserung vun der Stad Lëtzebuerg zougelooss, de Quartier vum „Novum Lucenburgum“.

Well hie vu sengem Neveu Baudouin V. aus dem Namur verdriwwe gouf an och d’Noblesse net méi frou mat him war, hat hie sech missen op Lëtzebuerg zeréckzéien. Do goufen d’Schäffe vun him genannt. Si konnten also als Leit ugesi ginn, déi a sengem Déngscht stoungen.

De Grof Henri war dräimol bestuet. Well hien och mat senger drëtter Fra, d’Agnès de Gueldre, kee Jong krut, hat hie si verstouss. Als säi Nofolger war den Baudouin V. vun Hainaut virgesinn. Mä de Clan ëm den Äerzbëschof vu Köln, déi géint de Keeser Friederich I. war, hat den ale Grof vun Namur dozou gedrängt seng Fra Agnès nees erëm opzehuelen.

Dat war och geschitt an du gouf d’Ermesinde gebuer, déi jo an eiser Geschicht eng besonnesch Roll gespillt hat (vgl. Lëtzebuerger Journal 7. Mee 2014). Et war also am Endeffekt eng Decisioun vun engem däitsche Kinnek, datt d’Grofschaft Lëtzebuerg eng nei Dynastie krut!


Bibliographie: TRAUSCH Gilbert, Histoire du Luxembourg, Éditions du Privat, Toulouse, 2003