LËTZEBUERG
IAN DE TOFFOLI

Ugangs Oktober gouf d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis der Ëffentlechkeet presentéiert. De 14. November gëtt de Gewënner am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gekréint. D’Shortlist kann een awer och als eng Zort Guide huelen, fir d’Lëtzebuerger Literatur fir sech ze entdecken. De Ian de Toffoli, President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, erkläert, firwat:

„De Buchpräis, contrairement zu den aneren zwee grousse Literaturpräisser zu Lëtzebuerg, dem Servais Präis fir dat bescht Buch vum Joer an dem Batty Weber Präis fir e Liewenswierk, huet haaptsächlech dat besonnescht Mierkmol, datt hien e puer Kategorie Bicher kréint. Et ginn éischtens déi dräi grouss Haaptkategorië Literatur, Kanner- a Jugendbuch an da Sachbuch, vum illustréierte Buch bis zum exigenten Essai, wéi mer et dëst Joer an der Shortlëscht gesinn, wou sech de wichtegen Essaiband ‚Mit den Haien streiten‘ befënnt, e Band iwwert aacht Joerzéngte Fraen- an Gendergeschicht zu Lëtzebuerg.

Mee et ginn och nach dräi Spezialkategorien, déi zwar net all Joer automatesch vergi ginn, mee awer hier Wichtegkeet hunn an och Opmierksamkeet op sech zéien. An zwar sinn dat, éischtens, en Design-Präis, fir de beschten Design, déi flottste Grafik, de spannendste Layout vun engem Buch, zweetens, de Publikumspräis, wou et bei engem ëffentleche Voting, dee ee Mount virun der Buchpräis Zeremonie wärend zwou Woche stattfënnt, wou de grousse Publikum kann op enger Internetsäit fir säi Liiblingsbuch aus der Shortlist ofstëmmen, an dobäi och Bicherbonge gewanne kann, an, drëttens, e ‚Coup de coeur‘ vum Jury. Hei geet et drëms, datt de Jury e Buch vun der Longlist präméiert, dat et vläicht net op d’Shortlist gepackt huet an awer e spezielle Präis verdéngt huet, oder wann e speziellt Mierkmol et net fir éierens eng vun de Kategorie virgesäit, sou wéi et heiansdo fir eng Anthologie de Fall ass.

Wéi d’Shortlëscht present gemaach ginn ass, huet d‘Federatioun mat enger duebeler Promotiouns-Aktioun och op déi vum Jury ausgewielten Titelen opmierksam gemaach. Op enger Säit goufen Affichen entworf, déi d’Librairien ausgedeelt kruten, an déi och op Facebook gepost gi sinn, op der anerer Säit goufen, am Virfeld vun der Buchpräiszeremonie, déi de 14. November stattfënnt, kleng Vignettë geschaf, kleng Videoen, wou d’Bicher vun der Shortlist all nach emol virgestallt ginn.

Also, an deem Sënn ass sou eng lescht Selektioun vun dem Lëtzebuerger Buchpräis, ebe grad well se sou breet gefächert ass, schonn eppes immens Wichteges. D’Promotioun gëtt ugekuerbelt, d’Libraire leeën d’Bicher méi siichtbar dohin, sou wéi et an de Librairien am Ausland oft de Fall ass, d’sozial Medie profitéieren dovun. Et geet einfach drëms déi Lëtzebuerger literaresch a qualitativ héichwäerteg Produktioun geziilt ervirzehiewen an engem sou grouss wéi méigleche Publikum ze weisen.“