LUXEMBURG
ANNE-MARIE HANFF

D’Infirmièren sinn aus eise Spideeler an aus dem Fleegesecteur net ewech ze denken. Mee et feelt un Unerkennung an et gi vill Problemer innerhalb der Fleeg. D’Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Berufsassociatioun vun den Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg (ANIL) leet de Fanger an d’Wonn:

„Op hirer rezenter Pressekonferenz zum Thema ‚If you’re not on the table, you’re on the menu‘ huet d’ANIL opgezielt, u wéi engen Entscheedungsdëscher si setze muss, fir d’Wuel vun der Fleeg zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Momentan probéiert d’ANIL déi feelend Fleegepolitik ze kompenséieren. Mee de fräiwëllegen Engagement vun de Memberen aus dem Comité eleng geet net duer, fir de Mënschen zu Lëtzebuerg och an Zukunft eng qualitativ héichwäerteg Fleeg garantéieren ze kënnen. D’Politik muss verbindlech Entscheedungen am Sënn vun der Fleeg treffen. D’Viraussetzunge musse geschaf ginn, fir dass d’Infirmièren an Infirmieren hirer Professioun nogoe kënnen.

D’Ariichtung vun engem ‚Département des soins‘ an der Direction de la Santé ënnert der Leedung vun engem ‚Directeur adjoint des Soins‘ huet dowéinst héchste Prioritéit. An Entscheedungen, déi d’Fleeg betreffen, soll hien d’Stëmm vun der Fleeg ergräifen. Momentan decidéieren aner Professioune fir d’Fleeg mat.

Duerch d’Integratioun vun der Fleeg an den Ausaarbechtungsprozess vun neie Gesetzer kéinten dës esou verfaasst ginn, dass d’eegeverantwortlecht Schaffe promovéiert gëtt. Duerch d’Definitioun vu fleegesensible Qualitéitskritären, dat heescht Unzeeche vun enger gudder Fleeg, kéint de wichtege Bäitrag, deen d’Fleeg fir d’Patientensecherheet leescht, gewise ginn.

D’Ausbildungszuelen si mëttlerweil bekannt, mee d’Rekrutéierungsstrategie vu Fleegepersonal aus dem Ausland ass ethesch net vertriedbar a widdersprécht dem ‚WHO Global Code of Practice on the International Recruitment of Health Personnel‘. Net jidderee ka fleegen! Dem Ersetze vum Fleegepersonal duerch onqualifizéiert Hellëfspersonal muss onbedéngt entgéint gewierkt ginn. Déi international Etüd ‚RN4cast‘ weist kloer den Zesummenhang tëschent dem Stelleschlëssel souwéi der Formatioun mat der Mortalitéit. Mee och d’Aarbechtsbelaaschtung an -zefriddenheet spillen e wichtege Rôle. D’Infirmière ass op Patientekontakt souwéi op praxisno Karriären ugewisen ganz nom Motto ‚Die Besten ans Bett‘ an dat och op Master an Doktoratsniveau. D’ANIL fuerdert d’Regierung dowéinst dozou op, de selwechten Undeel vum PIB an d’Fleeg ze investéieren, wéi dat an de BENELUX-Länner schonn de Fall ass. Am Beräich vun der Laangzäitfleeg läit dee bei 2,3% bis 3,7% vum PIB (OECD 2017, S.215). Eiser Berechnung no missten d’Investitiounen an deem Beräich vun 0,7 op 1,3 bis 2,1 Milliarden Euro klammen. Dës Sue sollen net eleng fir d’Baue vun Altersheemer genotzt ginn, mee an d’Strukturen an d’Prozesser fléissen, déi fir eng gutt Fleegequalitéit noutwenneg sinn.

Wann et dem Land gutt geet, soll et och der Fleeg gutt goen. Et bleift ze hoffen, dass mir an Zukunft an den OECD-Rankings net méi hanne mee vir matspillen.“

Weider konkret Fuerderunge vun der ANIL fannt Dir op www.anil.lu

Lëtzebuerger Journal